Pesto alla Trapanese

Aus der italienischer Këchen kommen ganz vill Klassiker. Den Pesto alla Trapanese ass eng ganz besonnig Delikatesse aus dem Westen van Sizilien. En ënnerscheed sech, van sengem Bekannte “Cousin” dem Pesto Genovese, durich Verwendung van sonnengereiften Tomaten, geréistert Mandelen an frëschen Basilikum. Dës Kombinatioun spéielt die reich Geschicht van Sizilien, déi als Handelspunkt am Mëttelmiär van villen Kulturen beanflosst jänn ass.

Historisch gesehen geht den Pesto alla Trapanese op Seelékt van Genua zeréck, déi an Sizilien geland sen an do hir Léift zur “Pasta al pesto” entdeckt han. D’Sizilianer han dest Rezept adaptéiert äwer mat deen besten lokalen Zutaten. D’Ergebniss ass een frëschen, nossigen Pesto.

Zutaten fir mein Pesto alla Trapanese

1. Tomaten

  • Tomaten, am besten Romatomaten, sie sen séiss an han winig Saaft, watt sie ideal fir Zoossen oder Pesto mëcht. Sie jänn dem Pesto een fruuchtig séissen Aroma.

2. Basilikum

  • Basilikum jëtt dem Pesto sein charakteristischen, frëschen an liit pefferigen Goût. Et ass eent onverzichtbaart Krogt an der mediterraner Këchen.

3. Knuawléck

  • Knuawléck brengt deen würzigen, scharefen Aroma an den Pesto. De Knuawléck drigt den Goût an hëleft deen anneren Zutaten sech ze entfaalen.

4. Mandelen

  • Mandelen jänn dem Pesto een reichen nossigen Aroma an suarigen fir eng angenehm Textur. Sie sen d’Herzstéck van dësem siziliansichen Pesto.

5. Pecorino Romano oder Parmigiano Reggiano

  • Den Kiiss brengt een salzigen, umami-reichen Goût an hëleft die anneren Aromen ze bannen.

6. Extra-Virgin-Olivenualeg

  • Den Olivenualeg ass d’Séil vam Pesto. En mëcht den Pesto sämig an suarigt dofir datt alles zesaammen kënnt. Een gouden Olivenualeg brengt ausserdeem een fruuchtigen Goût, deen den Pesto aafronnt.

7. Salz

  • Salz hiäft d’Aromen van deen eenzelnen Zutaten an brengt alles zesaammen.

8. Optional: Chiliflocken

  • Chiliflocken brengen een liit scharefen Goût an den Pesto. Perfekt wanns du dengem Ässen een klengen Kick wëlls jänn.

Dësen Pesto alla Trapanese kombinéiert frësch, natiirlech Zutaten, déi net nëmmen goud sen, mais o vill gesondheetlich Virdeeler béiden. Van antioxidativen Tomaten bis hin zu herzgesonden Mandelen an Olivenualeg – ass dësen Pesto eent Fest op der Zong an fir den Leiff.

Zoubereedung

Ech fänken aan mat den Tomaten, déi iwerbréihen ech, dann schrecken ech se am Äiswaasser aaf an schiälen se. Déi jänn dann entkärt an kleng geschnidden.

D’Mandelen réisteren ech an enger drëchener Pann, bleif Dobäi stoen, sie verbrennen ganz siier. Aafkéilen loossen.

De Knuawkléck schiälen ech.

Vam Basilikum zupfen ech Bläder raaf, wäschen en grëndlich an drëchnen en an der Zalootenschleider.

De Kiiss reiwen ech fein op enger Kiissraspel.

Tomaten, de Basilikum, Mandelen, den Knuawkléck, Salz an den Kiiss leen ech an een Mixer, zesaammen mat 2 Äiswürfelen mixen ech alles graff.

INFO: D’Äiswürfelen déinen dozou, datt den Pesto beim Mixen net ze waarem jëtt.

No an no schaffen ech den Olivenualeg ënner bis een cremigen Pesto entsteht.

Den Pesto alla Trapanese passt perfekt zu frëscher Pasta. Du kanns dësen Pesto äwer o als Dip oder op enger Bottisch genéissen!

Varianten

  1. Eng Variant mëscht na zousätzlich Ricotta mat ënnert den Pesto Trapanese, fir en na mi cremig ze maan.
  2. Verschidden Varianten hualen ongeschiälten Mandelen, fir mi eng robust Textur ze erhaalen, déi jänn dann natiirlech net geréiester.
  3. Een Hauch Mënz kann eng interessant Frëschheet an den Pesto brengen.

Pesto alla Trapanese

Schwierigkeit: einfasch
Virberreedungszéckt

20

Minuten

Zutaten

  • 5-6 Tomaten

  • 50 g geschiälten Mandelen

  • 1 Botte frëschen Basilikum (30g bis 50g)

  • 2-3 Ziiwen Knuawléck, geschiält

  • 50 g Pecorino, fein geriwen

  • 100 ml Olivenualeg

  • 1 TL Salz

  • Optional: 0,5 TL Chiliflocken

  • 2 Äiswürfelen

Zoubereedung

  • Tomaten iwerbréihen ech, dann schrecken ech se am Äiswaasser aaf, schälen se, entkären se an schnégden se an kleng Stécker.
  • Mandelen réisteren ech an enger drëchener Pann. Oppassen datt se dir net verbrennen! Aafkéilen loossen.
  • Vam Basilikum zupfen ech Bläder raaf, wäschen se an dëchnen se an der Zalootenschleider
  • An een Mixer leen ech Tomaten, de Knuawléck, de Basilkum, d’Mandelen, Salz, de Kiiss an d’Aiswürfelen an mixen alles graff.
  • No an no schaffen ech den Olivenualeg ënner bis een cremigen Pesto entstannen ass.
  • Den Pesto alla Trapanese passt perfekt zu frëscher Pasta. Du kanns dësen Pesto äwer o als Dip oder op enger Bottisch genéissen!

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*