Poretten-Risotto

Crèmig, einfasch an voller Goût! De Risotto ass su eent Ässen, datt ëmmer rem begeestert. En kënnt mat winigen Zutaten aus an et ass wie eng Explosioun an dengem Mond. Ech han paar Risottorezepter op mengem Blog. D’Grondzutaten beim Risotto sen ëmmer die selwischt. Hokt beschreiwen ech dir wie ech een Poretten-Risotto zoubereeden.

Firwatt Poretten-Risotto?

Poretten sen eent Geméiss datt mëll, würzige an liit séisslich ass, an Kombinatioun mam Risotto entsteht eng wonnerbar harmonisch Mëschung aus feiner Crèmigkeet, herzhaftem Aroma an enger angenehmer Frëschheet.

Du has na nie Risotto gekooscht? Ech beschreiwen dir hei Schratt fir Schratt, wie ech een Risotto zoubereeden. Alles watts du brauchs sen paar Grondzutaten, eent Dëppen an een Holzeläffel.

Grondzutaten

Den Zauber van engem gouden Risotto legt aan der harmonischer Kombinatioun van deen eenzelen Zuaten. Datt aromatischt Fundament ass wie an deen meesten Menüer, Ënnen an Knuawelek, durich gemelligt brooden am Olivenualig schaafen sie eng harmonisch Grondlaag. Deen crèmigen Kär vam Räis hëllt den Goût van deen ganzen Zutaten wonnerbat op an behällt äwer bëssen Biss. Beim Wéng zällt nëmmen eng Regel:

„Wenn du nicht trinkst den Wein, du auch nicht kochst mit dem Wein!“

De Wéng hiäft d’Aromen an jiët dem Risotto eng erfëschend Liitegkeet. D’Bréit ass den Liäwenselixier van engem Risotto, no an no ënnergemëscht an ëmmer rëm ankooschen loossen, verstärikt d’Bréit su d’Aromen an suairgt datt all Kär gläichmässig gegart jiët. De Parmesan ass deen umamiräichen Schatz van engem Risotto, en brengt eng wonnerbar Crèmigkeet suwie salzig, liit nossig Nuancen, déi die anner Aromen perfekt ergänzen. De Botter suarigt dofir, datt den Risotto eng sching Textur an een blänkigen Schimmer krëtt, en ronnt d’Aromen aaf an verbënnt alles zu enger Eenheet. Natiirlich duarefen an engem Risotto d’Grondgewürzer wie Päffer an Salz net fehlen, sie ronnen datt Ganzt aaf an suarigen fir deen perfekt Genoss.

All Element spillt eng onverzichtbar Roll an drigt dozou bäi, dëst Ässen ze kreéiren, datt zugläich einfasch an raffinéiert ass.

Wini genau ech lo Poretten drënner mëschen beschreiwen ech dir an der Zoubereedung.

Zoubereedung

Virbereedung

  • D’Poretten halbéiren ech längs an wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, déi schnégden ech dann an dënn Halefronselen.
  • D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken alles fein.
  • D’Bréit lossen ech opkooschen an haalen se waarem.
  • De Parmesan reiwen ech o enger Këchenreif.

Den Aroma oppbauen

Lo jiët et spannend, an enger gruusser waarmer Pann oder waarmen Dëppen erhëtzen ech op mëttel Hëtzt den Olivenualig.

  • Do dran brooden ech firtischt d’Ënnen aan, bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref aanhualen.
  • Dann mëschen ech den Knuawelek drënner, deen äwer nëmmen kuurz mat aanbrooden, well en siier verbrennt.
  • Subal den Knuawelek aafänk mat rauschen mëschen ech den Räis drënner an réisteren deen kuurz mat aan, bis en liit glasig jiët.

Mam Wéng aafläschen

De Wéng ass optional, et ass äwer ze empfehlen.

  • De Wéng schëdden ech drop, vermëschen alles goud an loossen deen ganz ankooschen.
  • Wanns du keen Wéng (Alkohol) hualen wëlls kanns du mat bëssen Bréit aafläschen.

Poretten virbereeden

  • Zur gläicher Zékt erhëtzen ech op mëttel Hëtzt, an enger separater Pann bëssen Olivenualig an dënsten do dran d’Poretten, sie mussen na nët mëll sen, sollen äwer waarem sen.

Gedold an bëssen réiren, datt ass d’Geheimnis van engem perfekten Risotto

  • Su fänkt den Zauber aan! No an No eng Lousch Bréit ënnermëschen an ëmmer rem ankooschen loossen, dobäi net die ganzen Zékt äwer geleentlich réiren su datt den Räis ëmmer rem vermëscht jiët.
  • Rischt van d’Flëssigleet bal ganz vam Räis absorbéiert ass, die nächst Lousch ënnermëschen. Gedold ass hei den Schlëssel.
  • No 10 Min. Kooschzékt mëschen ech die gedënsten Poretten drënner.
  • Schmaaschen an mat Salz an Päffer würzen.

Deen perfekten Biss – Wini ass den Risotto fiärdig?

  • No 18 Min. bis 20 Min. sollt den Räis gar sen, en soll mëll sen, äwer na een liiten Biss han. Falls nigdig na bëssen Bréit drop schëdden.

Lo kënnt deen besten Moment!

  • Plaque op deem den Risotto gekoscht hat driien ech aus, lossen Dëppen äwer drop stoen.
  • Dann mëschen ech den Parmesan an den Botter drënner an réiren su lang bis alles geschmolz an su eng crémig Zooss entstannen ass.
  • Schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
  • Wonner dëch nët, wann den Risotto lo rëm bëssen mi flëssig ass. Mat Deckel 2 Min. bis 3 Min. ruhen lossen, dann hat en dir rischtig schlotzig Konsistenz ereecht.

De Risotto direkt zervéiren an evtl. na mat bëssen frësch geriwenem Parmesan toppen. De Risotto schmëscht frësch am besten.

Tipps aus menger Këchen

Réihren, äwer net iwerdreiwen: zevill réihren mëcht den Risotto pëschich, net genou réihren lisst den Risotto onglächmässig garen.

Die richtig Qunatiéit Bréit: de Risotto soll crèmig sen, äwer net flëssig.

2-3 Minuten ruhen loossen an dann direkt zervéiren, en zéiht no an jiët mi deckflëssig wann en steht.

Poretten-Risotto

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszékt

15

Minuten
Kooschzékt

30

Minuten

Zutaten

  • Olivenualig

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt

  • 320 g Risotto

  • 100 ml wäissen Wéng

  • 1 L Bréit, waarem bis kooschend

  • 2 Poretten, an dënn Halefronselen geschnidden

  • 50 g Botter

  • 50 g Parmesan

  • Salz & Päffer, no Goût

Zoubereedung

  • An engem waarmen Dëppen oder Pann erhëtzen ech bëssen Olivenualig op mëttel Hëtzt, do dran brooden ech d’Ënnen bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref kreien.
  • Dann mëschen ech den Knuawelek drënner an subal deen aafänkt mat rauschen schëdden ech den Räis dobäi an réisteren deen kuurz mat aan, bis en liit glasig ass.
  • Datt läschen ech dann mam wäissen Wéng aaf, an deen loossen ech ganz ankooschen.
  • Zur selwischter Zékt erhëtzen an enger annere Pann op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig an dënsten do dran Poretten, su mussen net mëll sen, sollen äwer waarem sen.
  • Op den Risotto schäffen ech lo eng Lousch Bréit, vermëschen alles goud an subal den Räis d’Flëssigkeet absorbéiert hat schäffen ech die nächst Lousch Bréit drop, datt widderhualen ech bis den Räis al dente ass. Dobäi ëmmer mol rëm dran réihren.
  • No 10 Min. Kooschzékt mëschen ech d’Poretten drënner, an würzen mat Salz an Päffer.
  • De Risotto mat der Bréit fiärdig kooschen, no 18 Min. bis 20 Min. misst den Räis all dente sen. Sollt datt net su sen, dann na bëssen Bréit drop schäffen an ënner geleentlichem réiren ankooschen loossen.
  • Plaque ausdriien, Dëppen äwer op der waarmer Plaque stoen loossen. De Botter an den Parmesan drënner mëschen an su lang réihren bis alles geschmolz ass. Schmaaschen an evtl. na nowürzen.
  • Mat Deckel, den Risotto 2 Min. bis 3 Min. ruhen loossen dann direkt zervéiren. Evtl. na mat bëssen frësch geriwene Parmesan toppen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*