Poulet à l’estragon

Erliäff eng kulinarisch Verféirung aus der fransiischer Këchen mat dësem Rezept van “Poulet à l’estragon”. Dësen zarten Poulet jëtt an enger crémiger Estragonzooss gekooscht, déi mat enger Mëschung aus frëschen Krégder an Gewürzer verfeinert jëtt. Begleet mech bëssen an entdeck wie einfasch et ass dësen köstlichen Menü an denger Këchen ze kooschen.

Trotz deem raffinéierten Geschmaasch as Poulet à l’estragon relativ einfasch ze kooschen. Wat en zu enger gouder Optioun mëcht fir Doheem een Gourmet-Menü ze kooschen. Den Estragon ass den Star an dësem Menü. Estragon, eent Krogt mat engem onverwiässelbaren Anisgeschmaasch, deen richtig goud mam Poulet harmonéiert.

Estragon

Am Mëttelalter ass den Estragon als Heelkrogt angesatt an jänn an wor bekannt als “Drachenkraut” oder “Schlangenkraut”. Rischt die fransiisch Këchen hat dem Estragon seng kulinarisch Miilechkeeten entdeckt. Na Hogt gehiiert den Estragon zur klassischer Zutat an enger Béarnaise an enger Zooss Tartar oder wie hei am Poulet à l’estragon.

Zutaten

  • Poulet
  • Botterschmalz
  • Ënnen
  • Knuawléck
  • Kooschelen
  • wäisse Wéng
  • Houhnerbréit
  • Rahm
  • frëschen Estragon
  • Péitersilich
  • Salz an Peffer

Zoubereedung

De Poulet han ech an 4 Stécker zerdeelt an mat Salz gewürzt an en iwert Nait am Frigo durich zéien geloss. Alternativ kanns du den Poulet o salzen an 30 Min. bei Raumtemperatur durich zéien loossen.

Den Daag drop de Poulet fréih genou aus dem Frigo hualen fir datt Fleesch Raumtemperatur aanhualen kann.

Iwerdeems han ech d’Ënnen an de Knauwléck geschiält an fein gehackt. Kooschelen han ech gebotzt an, an dënn Scheiwen geschnidden.

Den Estragon an den Péitersilich han ech gehackt.

Als nächst han ech eent Gossendëppen op Kooschplaque gestallt an erhëtzt. Subal datt waarem as han ech den Botterschmalz do dran geschmolz an Pouletstécker rondrëm kräftig aangebrooden. Fleesch han ech dann o gepeffert. Datt hualen ech dann raus an stellen et op Ségt

Dann brooden ech am Gossendëppen Kooschelen aan bis se sching brong sen an mëschen d’Ënnen an de Knauwléck drënner an brooden déi mat aan.

Datt Ganzt läschen ech mam wäisse Wéng aaf an lossen deen ganz ankooschen.

Am nächsten Schratt schëdden ech Bréit drop, an déi loossen ech bis op Halschent ankooschen. Schmaaschen an würzen.

Mëschen dann den Estragon drënner. An leen den Poulet an dës Zoss. Mat Deckel lossen ech datt Ganzt op niddriger Hëtzt ongeféier 30 Min. kooschen, zwëschendurich Fleesch driien.

Zum Schluss schëdden ech na Rahm dobäi. Zoss lossen ech dann reduzéiren bis se die gewënschten Konsistenz erreecht hat.

Mat bëssen frësch gehacktem Estragon an Péitersilich bestreien an zervéieren.

Tipps

  1. Hual frëscht an qualitativ hiiwiärtigt Fleesch, schwetz mat dengem Metzler datt heen dir den Poulet zerdeelt.
  2. Datt fréit salzen vam Fleesch drigt dozou bei, datt Fleesch mi saaftig bleift, ausserdeem spart et dir hanneno beim kooschen ganz vill Salz.
  3. Raumtemperatur vam Fleesch as Entscheedent fir datt et gläichmässig gart an die mi deck Stécker net verdrëchenen.

Poulet à l’estragon

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 Poulet, an 4 oder 6 zerdeelt

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • Salz & Peffer

  • 1 Ënn, gehackt

  • 2 Ziiwen Knuawléck, gehackt

  • 200 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • 150 ml wäisse Wéng

  • 250 ml Houhnerbréit

  • 2 EL frëschen Estragon, gehackt

  • 200 ml Rahm

  • 1 EL frëschen Péitersilich, gehackt

Zoubereedung

  • De Poulet salzen an 30 Min. durich zéien loossen.
  • An engem waarmen Dëppen den Botterschmalz erhëtzen an den Poulet all rondrëm kräftig aanbrooden. Fleesch pefferen. Raus hualen an op Ségt stellen.
  • An deem selwischten Dëppen brooden ech Kooschelen aan bis se sching brong sen, mëschen dann d’Ënnen an de Knuawléck drënner an brooden déi mat aan.
  • Datt Ganzt läschen ech mam wäisse Wéng aaf an loossen deen ganz ankooschen.
  • Am nächsten Schratt schëdden ech Bréit drop loossen déi opkooschen, driien Hëtzt dann raaf an leen de Poulet rëm dran.
  • Schmaaschen würzen evtl. na bëssen no an mëschen den Estragon drënner.
  • Mat Deckel loossen ech datt Ganzt dann ongeféier 30 Min. op niddriger Hëtzt kooschen. Fleesch zwëschendurich driien.
  • Dann schëdden ech Rahm drop an lossen Zooss ouni Deckel bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren.
  • Mat bëssen frëschem gehacktem Estragon an Péitersilich garnéiren an zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*