1 Pouletfilet han ech an Streifen geschnidden mat Salz gewürzt an en bëssen durich zéien geloss.
An eng Champignons-Zooss han ech o dobäi gemaat. Ech han Velouté an der Truh, doraus han ech eng Suprême gekooscht an Kooschlen drënner gemëscht.
De Poulet han ech na bëssen gepeffert an einfasch am waarmen Botterschmalz gebrooden.
Fir déi ungarisch Gromperen, han ech Gromperen geschiällt, an déi an ongeféier gleich gruuss Stécker geschnidden, et kann een se o an Scheiwen schnegden. 1 gehackten Ënnen am waarmen Botter mat 1/2 TL Paprikapolwer aandënsten, 1 geschiält, entkärt an gewürfelt Tomaten ënnermëschen. Dann 500 g Gromperen ënnermëschen an mat Geméissbréit opfëllen bis Gromperen just bedeckt sen. Datt Ganzt bis op Halschent ankooschen loossen. Hëtzt dann raaf driien an mat Deckel färdeg kooschen. Als Garnitur kann een gehackten Péitersillisch driwer streien.
Dobai juff et een Komb Zaloot, mat enger würziger Vinägrett aus Schalottenessig mat bëssen Knuawléck.