Pouletroulade am Bläderdeeg

Virberredungszéckt: 30 Min.

Kooschzéckt: 35 Min.

Vir 2 Portiounen brauchst du?

  • 100 g gewürfelten Speck
  • 1 gehackten Ënn
  • 3 TL Basilikumpesto
  • 1 Pouletfilet
  • Salz & Peffer
  • Bläderdeeg
  • 1 Ei

Wie jëtt gekooscht?

De Speck an enger waarmer Pann aanbrooden, Ënnen drënner mëschen an brooden bis se mëll as. Vam Feier hualen an den Pesto drënner mëschen. Aafkéilen loossen.

Poulet opschnegden an platt klappen, würzen. Speck-Ënnenmass drop verdeelen an anrullen.

De Schiäffchen op 180°C virhetzen

De Bläderdeeg an 2 deelen an Rouladen do drann anrullen. Ei opklappen an den Deeg domaat anpinselen. Op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech leen.

Am waarmen Schiäffchen 35 Min. baaschen bis se goldbrong sën.

Et as egal watt fir een Pesto gehollt jëtt, du kanns des Rouladen o mat engem Tomatenpesto oder Bärlauchpesto maan.

Genausu kanns du den Poulefilet o ganz loossen, en aanbrooden, bëssen aafkéilen loossen an dann mat Mostert anreiwen. Op den Deeg eng Duxelle verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*