Quitten-Äppel-Gelee

Quitten schmaaschen net nëmmen goud, sie han o een symbolische Charakter. Quitten stinn fir Gléck, Bestännigkeet, Schingheet, Léift, Fruchtbarkeet an Wäisheet. Ween sech Zéckt fir ankooschen hëllt, kann dann well moies seng Bottisch mat dësen positiven Eegenschaften genéissen.

Die meest europäisch Quittenzorten soll een net rii ässen, sie sen hart an batter. Rischt durich kooschen entwecklen sie hiren vollen Aroma. An well Quitten vill Pektin enthalen brausch een o keen Geléierzocker fir se ze kooschen.

Den Appel as mat der Symbolik verbonnen wie kaum eent annert Obst. “Versuchung und Vertreibung” Ob et lo tatsächlich den Apel wor deen Eva an domatt der Mënschheet zum Verhängnis jiän as, wees keen an et as o net no ze weisen. An der Ernährung steht den Appel fir Gesondheet, Jugend an Onstiäreflechkeet. An den heidnischen Mythen, der biblischer Geschicht an de Märercher as den Appel eent zweedeitigt Symbol van Verféirung an Weiblechkeet.

Fir mein Gelee hualen ech?

  • Quitten, o wann Quitten brong Verfiärwungen oder Flecken han, datt kann virkommen, ännert äwer naist aan der Qualitéit.
  • Äppel
  • Waasser
  • Zocker, et soll jo o bëssen séiss jiänn.
  • Zitrouensaaft, fir oxidéiren ze vermeiden.
  • (Cannelle) ech han en net jiären, maan dofir o keen dran.
Appel an Quitten

Wie fänken ech aan?

Firtischt mol mat wäschen, Quitten reiwen ech na zousätzlich mat engem drechenen Handdousch aaf, fir die fein Härercher fort ze kreien, déi enthalen nämlich vill Batterstoffer. Dann schnegden ech se an véirel, schnegden Bléih raus, dann an kleng Stecker. Kären an Schaal kannen draa bleiwen.

D’Äppel wäschen ech, schnegden se an véirel. Dann schnegden ech Bléih raus, an dann o an kleng Stecker.

Well die 2 Zorten an der Loft zimlech siier oxidéiren, leen ech se direkt ant Dëppen an deem ech well Zitrounenwaasser dran han. Subal Obst all am Dëppen as, fëllen ech et na mat Waasser op datt just alles bedeckt as. Hei kann een o den Cannelle mat dran maan.

Datt setzen ech dann op Feier an loossen et opkooschen, heinsdo dran réiren. Dann driien ech Hëtzt raaf an loossen alles 50-60 Min. kooschen. No där Stonn setzen ech Dëppen op Segt, leen een Deckel schief drop an loossen datt Ganzt 24 Stonnen stoen.

Den Daag drop schëdden ech alles durich eent Dousch an quetschen et rischtig goud aus. Den Gelee jëtt dodurich bëssen mi dréif, mais et geht jo em den Geschmaasch an deen vollen Aroma.

Saaft kooschen ech dann mat normalem Zocker op, an loossen et ënner stännigem réiren sprudelend opkooschen. Dono driien ech Hëtzt raaf, an loossen datt Ganzt ongeféier 60-90 Min. kooschen, ëmmer rëm dran réiren. Op keen Fall een Deckel drop leen, soss kooscht et iwer.

Kuurz viran Enn van der Kooschzéckt, kann een Gläser färdeg maan. déi setzen ech bei 100° Grad 15 Min. an den Schiäffchen fir se ze steriliséiren an vir ze wiärmen.

Fir ze kucken op den Gelee färdeg as, setzen ech een klengen Teller ant Truh datt deen durich kaal as. Ech maan dann 1 TL Gelee op den Teller a setzen deen fir 5 Min. an den Frigo, wanns du den Teller dann schief hälls an et leeft naist oder just na ziehflëssig raaf as en goud.

As den Gelee dann färdeg, fëllen ech alles an die virgewiäremt Gläser, schrauwen déi direkt zou, an stellen se op den Kapp. Ech weess hei scheeden sech Gester, vill soen datt muss een net. Ech wees et o net, ech sen ëmmer na iwerzeecht dofan, wann se kuurz om Kapp stin datt dann den Vakuum besser as.

Quitten-Äppel-Gelee

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Kooschzéckt

1

Stunde 
Ruhzéckt

24

Minuten

Zutaten

  • 1 kg Quitten

  • 500 g Äppel

  • Waasser

  • Saaft van 1 Zitroun

  • (2 Stangen Canelle)

  • Fir den Gelee
  • 900 g Zocker

  • 1 L Quitten-Äppelsaaft

  • Saaft van 1 Zitroun

Zoubereedung

  • Quitten an Äppel proper wäschen. Mat engem Handdousch die fein Härercher van den Quitten reiwen. Véirelen, Bléih raus schnegden an dann kleng schnegden. Kären an Schaal kann draan bleiwen.
  • Du kanns Zirounensaaft lo su iwert Quitten an Äppel jiän, oder du mëchs et direkt mat bëssen Waasser an lees Stecker direkt do dran. Mat Waasser opfëllen su datt Obst just bedeckt as. De Cannelle mat kooschen.
  • Opkooschen loossen, an dann 50-60 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.
  • Op Ségt stellen, an mat Deckel oder Folie 24 Stonnen ruhen loossen.
  • Fir den Gelee
  • Obst durich eent Dousch schëdden an fest auspressen.
  • Op 1 L Saaft maan ech 900 g Zocker an Saaft van 1 Zitroun. Datt loossen ech dann ënner stännigem réiren sprudelnd opkooschen.
  • Hëtzt driien ech dann raaf, an loossen alles ongeféier 60-90 Min. kooschen.
  • Kuurz viran Enn van der Kooschzéckt, kann een Gläser färdeg maan. déi setzen ech bei 100° Grad 15 Min. an den Schiäffchen fir se ze steriliséiren an vir ze wiärmen.
  • Dann schëdden ech alles ant Gläser, direkt zou schrauwen an op den Kopp stellen. Su loossen ech se dann paar Min. stoen an driien se rem em.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*