Ravioli mat gréin Bungen an Tomaten

Die gefëllten Deegtäschen sen niäwent Spaghetti an Tortellini na een Liebling aus der Pastakëschen. Net nëmmen kann een 100ten verschidden Fëllungen probéieren, mais mat Spinat oder rugd Rommelen kann een den Deeg o fiärwen, an domatt punkten. Mat den Ravioli oder Tortellini hat een su eng gruuss miilechkeet Pasta ëmmer rëm annëcht schmaaschen ze loossen.

Fir den Hiärest kann een eng Kürbisfëllung maan, oder mad enger Kooschelfëllung, su fënnt een ganz vill Rezepter vir Ravioli ze maan. Vegetarisch oder mat Fleesch, der Fanatsie sen keng Grenzen gesatt.

Ech wees op alle Fall eent, gekooften Ravioli oder Tortellini kommen bei mir net mi ant Dëppen.


Fir meng Fëllung han ech:

  • 150 g gekooschten Randfleesch
  • 1 kleng gekooschten Muurt
  • 1 halef gekooschte Porette
  • 1 Ei
  • Salz & Peffer
Ravioli

Fleesch, Muurt an Poretten am Blender püréiren, würzen an Ei ënnermëschen.

Dann han ech een Nuddeldeeg gemaat, ausgerullt an ausgestoosch, mat su enger klenger Ravioliform han ech déi dann zesaammen gedréckt, datt wor mir allerdings zevill gepiddels an su as den Rest van den Ravioli dann 4eckig jiänn.


Fir Zooss:

  • 1 gehackten Ënn
  • 1 gepressten Ziif Knuawléck
  • 1 an Würfel geschnidden Tomat
  • 100 g blanchéiert gréin Bungen
  • Saaft van enger halwer Zitroun
  • 100 ml bronge Fond
  • 125 ml Schmand
  • Salz & Peffer

Ënn an den Knuawléck han ech op mëttler Hëtzt aangedënst. Dann Bungen an Tomat ënnergemëscht an kuurz mat aangedënst.

Den Fond dropp schëdden opkooschen loossen, dann den Schamd ënnerréiren, opkooschen an op mëttler Hëtzt bëssen ankooschen loossen. Würzen an schmaaschen.


Ravioli han ech an vill Salzwaasser al dente gekooscht, an ënnert Zooss gemëscht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*