Würschtercher mat Mouss an Pürée

Eent einfascht Rezept hei mol bëssen annecht. Een Menu deen aus Rester besteht. Bei mir doheem sen Rester van enger Choucrout dachs ähnlich verschafft jiänn. Am Platz einfasch alles nëmmen ze wiärmen, as Fleesch kleng geschnidden jiänn, mat enger gebroodener Ënn, dem Rest Pürée an Mouss gemëscht jiänn. Doraus sen dann Bouletten geformt jiänn, an déi an der Pann gebrooden. Datt schmëscht o richtisch goud.

Ech haat na paar Foliengromperen, bei deenen han ech datt Bannescht raus geholt an Pürée domatt gemaat.

Dann han ech 1 Ënn kleng gehackt an déi brong aangebrooden. Déi loossen ech su lang aanbrooden fir datt se mi séiss jëtt, su jëtt den Goût vam Mouss bëssen ausbalancéiert.

Mouss han ech dann drënner gemëscht an datt äwer nëmmen liit angebrooden.

Dann datt Ganzt bei den Pürée schëdden an et goud vermëschen.

Mat där Mëschung han ech Gromperen dann rëm gefëllt, bëssen Panéiermiähl driwer gestreit. Eng Flock Botter drop an am Schiäffchen bei 200 Grad iwerbaasch.

Natiirlech duaref bei mir nii een Komb Zaloot feelen. Just eng kleng Iddi wie een o aus Rester een goud Menu zauberen kann. Wie’s du deng Grompern fëlls, ob vegetarisch mat Fleesch oder ganz ouni Pürée, z.B. nëmmen Geméiss oder eent Ei. Ob’s du se mat Kiis, mat Panéiermiähl, mam Deckel oder ouni datt alles, du fënns vill Rezepter am Internet. Befirs du an de Boutique fiirs, maan firtischt dein Frigo op an kuck watt deen am Angebot hat 😉 .

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*