Riagatoni al forno

Oder iwerbaaschen Nudelen. Rigatoni sen rouerförmig Nudelen, die Rillen han. Längt an Déckt kannen ënnerscheedlich sen. An sie sen net wie Penne schief aafgschnidden mais riit. Die Rillen déinen dozou, datt Zooss an de Kiiss besser aan der Nudel haften bleift.

Riagatoni al forno schmaaschen net nëmmen goud, sie sen o ganz einfasch ze kooschen.


Virbereeungszéckt: 30 Min.

Kooschzéckt: 40 Min.

Fir 4 Portiounen brauchst du?

  • 1 gehackten mëttelgruss Ënn
  • 1 gepressten Ziif Knuawléck
  • 250 g brong oder wäiss Kooschelen an Scheiwen oder Véirel
  • 1 L Pelati selwergemaaten, oder Bëchsen
  • Salz & Peffer
  • bëssen frëschen Basilikum
  • 300 g Gehacktes am besten ongewürzt
  • 4 EL Olivenualeg fir ze brooden
  • 300 g Rigatoni
  • 250 g Büffelmozzarella
  • 150 g frësch geraspelten Pecorion oder Parmesan

zousätzlich brauschst du, eng angefett feierfest Form.


Wie jëtt gekooscht?

Ënn am 2 EL waarmen Olivenualeg aanbrooden an se liit brong jiänn loossen, salzen an schmaaschen. De Knuawléck an Kooschelen ënnerréiren an mat aanbrooden, salzen an schmaaschen. Tomat drop schëdden an opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an se mat Deckel 30 Min. durich zéien loossen. Mat Salz an Peffer würzen, schmaaschen. De Basililkum zerplécken an ënnermëschen.

Gehacktes op niddreger Hëtzt an enger waarmer Pann mat 2 EL Olivenualeg brooden, mat engem Holzläffel zerstuussen an mat Deckel durich zéien loossen. Dann 2-3 Louschen van der Tomatenzooss drop schäffen an goud vermëschen.

Rigatoni an vill a goud gesalzenem Waasser al dente kooschen. Op all Pack Nudelen stinn Aaweisungen wie lang datt se kooschen sollen. Bedenk eent, subal Nudelen am Waasser sen, an wann Waasser dann rëm kooscht dann op Zéckt kucken. Trotzdeem probéier paar Minuten viram Enn van der Kooschzéckt, op d’Nudelen well al dente sen.

De Schiäffchen op 180 Grad virhëtzen

De Mozzarella an Scheiwen schnegden oder zerplécken, an de Parmesan raspelen.

Die färdeg Nudelen ënner Tomatenzooss hiäwen, hei bëssen oppassen soss jinn Nudelen futti.

Dann jëtt alles an d’Form geschischt, firtiischt ënnedran bëssen Tomatenzooss, dann halschent van de Nudelen mat der Tomatenzoss, dann halschent vam Gehacktes, an beim Mozzarella alles drop verdeelen. Dann de Rest Nudelen mat Tomatenzooss, den Rest vam Gehacktes, an uawen driwer de frësch geraspelten Parmesan. Ech han am Rezept 150 g Parmesan aanjiänn, wivill datts du wëlls driwer maan as ëmmer “affaire de goût”.


Die Italienisch Këchen as regional, an dofir jëtt wie hei den Rigatoni al forno o ënnerscheedlich zoubereed. Die wichtischst Eegenschafft déi die italienisch Këchen hat as hir Einfaschkeet. Rezepter bestinn ganz dachs aus winneg a qualitativ goude Liäwensmëttel. Die italienisch Këchen as bis hogt eng onverfälscht Këchen bliwen. Die eis bekannte italienisch Spezialitéiten, sen meestens van einfasche Lékt erfond jiänn.

“Nonna” hat Rezepter an hir Mädercher viran verjäreft, an su sen se dann no an no bekannt an verfeinert jiänn. Leider, han zemools hei an Mëtteleuropa vill Käsch gemengt Mediterran, bedeit vill Knuawléck, nee as et net. Genausu as et mam Fleesch, et muss joo vill Fleesch dran sen, nee muss et net. Geméiss hat an där italienischer Këschen genau su een hiien wiärt wie d’Fleeesch.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*