Rosmarin-Knuawléck Wegdes

Wedges, die knusperig Gromperenstécker mat engem würzigen Twist, gehiiren zu enger van deen beléifsten Beilaagen weltwégt. D’Inka an den Anden han d’Gromper well viraan 1000 Joeren kultivéiert, an hokt kanne mir eis eng Welt ouni sie gar net mi virstellen. Dës Versioun mat Rosmarin, Paprikapolwer an Knuawléck brengt een würzigen Flair an deng Këchen an ass die perfekt Beilaag oder een einfaschen Snack mat evtl. dengem Dip fir all Geleenheet. Goldbrong gebaasch mat enger würziger Ëmmantelung sen sie een richtigen Klassiker – einfach an köstlich zugleich.

Rosmarin

Den Geroosch vam Rosmarin erënnert direkt aan die mediterran Këchen – baal iwerall aam Mëttelmiär wiist dëst Krogt wëll an, an Italien oder an der Provence ass et üblich een Strauss am Virgärtchen stoen ze han. Den Rosmarin gehiiert zu der berühmter Mëschung “Krégder aus der Provence“. Sen Aroma ass starik an onverwiässelbar.

Den Rosmarin enthält een extreem breeden Spektrum van Aromen, watt en zu engem Allrounder bei der Würzung mëcht. Een Aroma deen dominéiert jëtt et beim Rosmarin nët. Seng flüchtig Doftspuoren sen séisslich, bloumig-frësch no Ruussen. Dozou kommen terpentin-zitrounenartig, no Euykalyptus an Kampfer rauschend Nuancen. Wégder Aromen sen holzig, harzig an Neelcheskäppartig an genausu fënnt een en batteren Aroma am Rosmarin.

Vam Rosmarin kannen Bläder oder ganz frësch Äst matgekooscht oder gebrooden an anschliessend rausgeholt jänn. Die meest Aromen liesen sech am Fett an iwerdroen déi an die matgekooschten oder gebrooden Zutaten.

De Rosmarin kann mat gäss jänn, well sen Noolen äwer zimlech zii sen ass et besser en fein ze hacken oder am Mörser zerstuussen. En soll dann äwer siier verschafft jän, well die flüchtig Aromen freigesatt sen.

Jëtt den Rosmarin lang matgekooscht hualen die batter Aromen iwerhand, déi zimlich dominant kanne sen, wann datt äwer su gewollt ass, empfehlt et sech Olivenualeg ze hualen: Gerbstoffer vam Rosmarin liiesen sech do dran an gläichzégtig steiert den Olivenualeg sein eegen batteren Goût bei.

Gedrëchent schmëscht den Rosmarin net su frësch an bloumig, dofir äwer intensiv herb: En soll am gedrëchenten Zoustand sparsam doséiert jänn fir d’Ässen net ze iwerwürzen. Traditionell jëtt mat Rosmarin o gereechert, watt een beim Grillen notzen kann, paar Äst ënnert Grillgut geleit an en verstréimt een wonnerbaren Reecheraroma.

Dëst Krogt passt, weent deen sech gegenségtig ënnerstëtzenden Batteraromen zu bal allem, watt am Olivenualeg zoubereet jëtt.

Zutaten fir meng Rosmarin-Knuawléck Wedges

1. festkooschend Gromperen

  • Herzhaft an villségtig – d’Basis fir dëst Ässen. Mat Schaal oder ouni ass ganz dir iwerloss

2. Olivenualeg

  • De mediterranen Klassiker brengt net nëmmen Goût, mais en suarigt o dofir datt Gromperen goldbrong jänn.

3. gedrëchenten Rosmarin oder frësch Rosmarinäst

  • Frësch oder gedrëchent, dësen goud rauschenden Klassiker jëtt den Gromperen een würzigen, erdigen Aroma.

4. Paprikapolwer

  • Liit scharef an séiss, ausserdeem kreine d’Gromperen domatt eng sching Faaref.

5. Knuawléck

  • Een Muss fir jidfereen, deen datt Herzhaft an Aromatischt jären hat – en jëtt den Gromperen „das gewisse Etwas“.

6. Salz & Peffer

  • D’Basis fir all goud Würzung.

Zoubereedung

  • Gromperen wäschen ech grëndlich an schnégden se an dënn Spalten
  • De Knuawléck schiälen ech an op enger Reif, reiwen ech en fein.
  • Deen frëschen Rosmarin strëppen ech an hacken Noolen kleng,

De Schiäffchen wiärmen ech op 200° Iäwischt- an Ënnischhëtzt vir.

An enger grusser Schossel mëschen ech den Olivenualeg, mam Knuawléck, dem Paprikapolwer, Salz an Peffer.

Do drënner mëschen ech Gromperen an kucken datt Gewürz an den Ualeg iwerall iwert den Gromperen verdeelt ass. Datt krëss du am besten mat den Hänn färdig, vergeess äwer net se virdraan ze wäschen.

Op engem mat Baaschpapaier ausgeleitem Baaschblech verdeelen ech Gromperen su datt se net zevill openeen leien an setzen se dann fir ongeféier 40 Min. an deen waarmen Schiäffchen. Zwëschendurich Gromperen eng kéier driien, fir datt se van all Ségt goldbrong gebaaschen jänn.

D’Wedges aus dem Schiäffchen hualen, mat grawem Salz oder Fleur de Sel bestreien an evtl. mat bëssen gehacktem Péitersilich garnéiren. Direkt waarem zervéiren!

Tipps

  • Festkooschend Gromperen eegnen sech am besten fir dëst Ässen, well sie am besten hir Form behaalen.
  • Gromperen virsichtig driien fir datt se net auserneen fällen
  • Fir ze kontrolléiren op Gromperen mëll sen, mat engem Kneipchen oder enger Forschette dran picken – sie sollten sech liit anpicken loossen.

Varianten

An Spanien sen et Patatas Bravas – sie jänn dachs mat enger scharefer Tomatenzooss oder mat enger Aïoli zervéiert. Am Platz vam normalen Paprikapolwer jëtt hei o gereechert Paprikapolwer angesatt.

Bei den Amerikaner sen dës Gromperen als Potato Wedges bekannt, sie sen bei hinnen mi deck geschnidden an jänn duabel zoubereet, datt heescht sie sen gebaasch an jänn dann na zousätzlich frittéiert. Bei hinnen ass et een beléiften Fast-Food Snack.

Bei den Griechen jänn dës Gromperen mat Zitrounensaaft an Oregnao verfeinert. Du kanns hei einfasch Rosmarin-Knuawlécks- Paprikamëschung durich Oregano an Zitrounenzesten tauschen.

Rosmarin-Knuawléck Wegdes

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virbereedungszéckt

15

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 1 kg festkooschend Gromperen, an Spalten geschnidden

  • 3 EL bis 4 EL Olivenualeg

  • 2 TL gedrëchenten oder 2-3 frësch Rosmarinäst

  • 1 EL Paprikpolwer

  • 3 Ziiwen Knuawléck, fein geriwen

  • Salz & Peffer

Zoubereedung

  • Den Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • An enger gruusser Schossel mëschen ech den Olivenualeg, mam Rosmarin, dem Paprikapolwer, dem geriwene Knuawléck, Salz an Peffer.
  • Dann schëdden ech Gromperen drop an vermëschen alles goud mateneen, datt krëss du am besten mat den Hänn färdig, denk just draan se virdraan ze wäschen. Oder wanns du net wëlls datt deng Hänn hanneno goud rauschen kanns du o Händschen aan doen.
  • Gromperen leen ech dann op eent mat Baaschpapeier ausgeleitent Blech an setzen se fir ongeféier 40 Min. an deen waarmen Schiäffchen. No der Halschent van der Baaschzékt d’Gromperen eng kéier driien fir datt se all rondrëm goldbrong jänn.
  • Gromperen aus dem Schiäffchen hualen an met grawem Salz oder Fleur de Sel bestreien an ectl. mat bësen frësch gehacktem Péitersilich an direkt waarem zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*