Wirsingroulade

Wirsingrouladen mat Poulet

Wirsingrouladen gefëllt mat zartem Pouletfilet an crémigem Krégderstoffi.

De Wirsing stammt ursprünglich aus dem Mëttelmiärraum, et jëtt aangeholt aus Norditalien, doweenst o deen fransiischen Naam “chou de Milan”. Kappesrouladen stammen aus deen kéileren Regiounen van Mëttel- an Osteuropa wu se am Wanter als Vitaminquell beléift sen. Na Hogt han Menüer mat Kappes dorënner o Kappesroulade net nëmmen an Däitschland, mais o an Osteuropa eng hii Prioritéit.

Onaafhängig van der Joersezéckt krëtt een Hogt den Wirsing Regional datt ganzt Joer iwer frësch ze koofen. Mat engem Wirsing an dengem Ankoofskuaref sen dir kulinarisch keng Grenzen gesatt. Am Gratin, an der Zopp als Roulade, gebrooden, gebaaschen oder gedënst – de Wirsing ass villségtig an mëcht all Menü besser an mi gesond.

Zutaten

  • Wirsing
  • Pouletfilet
  • Stoffi
  • Peffer & Salz
  • frëschen Dill
  • Geméiss – oder Fleeschbréit
  • Ualeg oder Botterschmalz fir ze brooden

du brauchs

  1. Eent gruust Dëppen
  2. Schnégdbrett an Messer
  3. Schnouer oder Zahnstocher
  4. eng Pann
  5. eng feiertfest Form

Zoubereedung

De Pouletfilet schnégden ech an dënn Streifen, leen en an eng Schossel an mëschen en mam Stoffi, Salz, Peffer an Dill, datt loossen ech ongeféier 30 Min. durichzéihen.

Iwerdeem setzen ech eent grusst Dëppen mat Salzwaasser op an loossen datt opkooschen.

Vam Wirsing liiesen ech 8 gruuss Bläder an blanchéieren déi, fir ongeféier 4 Min- bis 5 Min., am kooschenden Waasser. Dono aafschëdden an am Äiswaasser oder kaalen Waasser aafschrecken. Goud aafdrëpsen loossen.

De Schiäffchen wiärmen ech op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.

De Wirsing tuppen ech mat Këchenpapeier drëchen, sollt den Stronk na bëssen ze hart sen schnégden ech deen raus. Kucken dann äwer datt sech do Bläder bëssen iwerlappen, net datt Fëllung na rausfällt.

Op Bläder leen ech ongeféier 3-4 Streifen Poulet, klappen Kappesblaad dann van der Ségt an, an rullen et op. Roulade fixéiren ech dann mat Këchenschnouer oder engem Zahnstocher. Maan Rouladen net ze déck, ech han fir een eenzelne Pouletfilet 2 Kappesbläder gehollt.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Ualeg oder Botterschmalz an brooden Rouladen do dran aan, dann leen ech se an feierfest Form.

Bréit drop schëdden, bis ongeféier ant Halschent van den Rouladen. Am waarmen Schiäffchen ongeféier 35 Min. bis 40 Min. goldbrong baaschen. Sollten se ze donkel jiän Sëlwerpapeier driwer leen.

Tipps

  1. Pass do drop op Wirsingbläder net ze lang ze blanchéieren, fir datt se net ze mell jänn.
  2. Fir ze kontrolléiren op den Poulet ganz durich gegart ass, kanns du een Fleeschthermometer notzen
  3. Maan Rouladen net ze deck, sie fällen soss jären auserneen.
  4. Experimentéier mat verschidden Gewürzer fir een individuellen Geschmaasch.

Wirsingrouladen mat Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Zutaten

  • 8 gruuss Wirsingbläder

  • 4 Pouletfilet, an dënn Streifen geschnidden

  • 200 g Stoffi

  • Salz & Peffer

  • 2 EL frëschen Dill, gehackt

  • 200 ml Geméiss- oder Fleeschbréit

  • Ualeg oder Botterschmlaz fir ze brooden

Zoubereedung

  • De Poulet mam Stoffi, Salz, Peffer an Dill goud vermëschen an ongeféier 30 Min. durichzéihen loossen.
  • Iwerdeems Wirsingbläder an vill koschendem Salzwaasser ongeféier 4 Min. bis 5 Min. blanchéieren, aafschëdden an am Äiswaasser aafschrecken. Goud aafdrëpsen loossen.
  • De Schiäffchen op 180°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Kappesbläder mat Këchenpapeier drëchentuppen, sollt den Stronk na hart sen, deen raus schnégden. Op d’Bläder ongeféier 3-4 Pouletstreifen leen, Ségten anklappen an oprullen. Mat Këchenschnouer oder engem Zahnstocher fixéiren.
  • An enger waarmer Pann Ualeg oder Botterschmalz erhëtzen, Rouladen aanbrooden. An eng feierfest Form leen.
  • Bréit drop schëdden, Rouladen sollen net ganz bedeckt sen an am waarmen Schiäffchen ongeféier 35 Min. bis 40 Min. goldbrong baaschen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*