Züricher Geschnetzeltes

Ween an der Schweiz ënnerweech ass, an der Géigend ëm Zürich, fënnt dësen Menü an all Restaurant op der Kaart. Mat mengem Rezept fir Züricher Geschnetzeltes kanns du dësen Klassiker ganz einfasch nokooschen.

Züricher Geschnetzeltes, een traditionellen Menü, deen ursprünglich am 19ten Joerhonnert an der Regioun ëm Zürich entstannen ass. Züricher Geschnetzeltes hat sech ganz siier zu engem festen Bestandeel van der schweizer Këchen entweckelt an bestëscht durich seng cremigkeet an die zart Fleeschstécker, déi an enger köstlicher Zooss aus wäissen Wéng an Schmand schwammen.

Zutaten fir Züricher Geschnetzeltes

Fir Züricher Geschnetzeltes hualen ech Kalefsfleesch, am besten frësch vam Metzler. Fir Zooss brausch ech Kooschelen, Ënnen an Schalotten suwie Botterschmalz an Miähl. Dann brausch ech na wäisse Wéng, Kalefsfond oder -Bréit an Schmand. Eng Sprutz Zitroun brengt die nigdig Frëscheet an niäwent Salz an Peffer suarigt Péitersilich fir Geschmaasch.

Fir datt alles gelengt brausch ech eent Schnégdbrett, eent schareft Messer, eng gruuss Pann an een Holzeläffel

Zoubereedung

Virbereedung ass den A an O, dofir fänken ech aan datt ech d’Fleesch an dënn Streifen schnégden, pass bëssen op, datt se glächmässig geschnidden sen, fir datt se besser garen. D’Fleesch würzen ech direkt mat Salz an Peffer an loossen et su lang stoen bis ech all die anner Saaschen virbereet han. D’Ënnen an d’Schalotten schiälen ech an schnégden se an dënn Streifen, du kanns se äwer o fein hacken. Kooschelen botzen ech an ech schnégden se an dënn Scheiwen. De Péitersilich jëtt gewäsch an fein gehackt.

D’Pann virwiärmen är iwerhaupt jätt dran kënnt, rischt wann déi gléidig ass, pëscht d’Fleesch ne dran fest. An der waarmer Pann erhëtzen ech Botterschmalz an brooden an Etappen d’Fleesch all rondrëm aan. datt stëppsen ech liit mat Miähl aan an réisteren datt kuurz mat aan. D’Fleesch hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.

An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen aan, wann déi goldbrong aangebrooden sen mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi mat bis se mëll sen. würzen datt Ganzt mat Salz an Peffer. Als nächst schëdden ech den Wéng drop fir den Brootsatz ze liesen an loossen deen ankooschen. Dann schëdden ech Bréit drop an loossen déi bis op Halschent reduzéiren.

Zum Schluss schëdden ech den Schmand drop, vermëschen alles goud, erhëtzen Zooss an würzen se op den Punkt. Dann leen ech d’Fleesch dran an wiärmen datt an der Zooss. Datt schmaaschen ech na mat bëssen Zitrounensaaft aaf an mëschen Halschent vam Péitersilich drënner.

INFO: durich d’Miähl watt mam Fleesch angeréistert jänn ass, brauchst du normal näist mi fir Zooss ze déchsen, sollt se dir äwer ze flëssig sen, kanns du se bis op die gewënschten Konsistenz reduzéiren oder mat bëssen Maizeena bannen.

Viraam zervéiren streien ech deen Rest Péitersilich driwer, traditonell jëtt Züricher Geschnetzeltes mat Rösti zervéiert, bei mir sen et gebrooden Gromperen dobäi jänn.

Tipps

  • Loss dir Zéckt beim aanbrooden vam Fleesch, Gedold ass ëmmer den Schlëssel fir eent goud Resultat.
  • Kontrolléier Temperatur, koosch bei mëttel Hëtzt fir datt dir näist verbrennt.

Beilaagen

Natiirlech kanns du bei dësem Menü Reis, Spätzle oder Nudelen zervéiren. Traditionell sen knusperig Rösti die perfekt Ergänzung. Bëssen mi Opwand, äwer graad su lecker sen Gromperenkéichelecher oder sugar Gromperenpürée.


Su datt wor et! Ech hoffen, du haas genausuvill Spass beim Kooschen wie ech. Züricher Geschnetzeltes ass ëmmer een Menü deen Androck hannerlisst op bei Familjen oder Frënn. Probéier et aus, an loss mëch wossen wie et dir gelongen ass. Gouden Appetit an bis deemnächst!

Züricher Geschnetzeltes

Rezept von Josiane
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

30

Minuten

Zutaten

  • 500 g Kalefsfleesch, an dënn Streifen geschnidden

  • Botterschmalz fir ze brooden

  • 1 EL bis 2 EL Miähl

  • 1 Ënnen, an dënn Streifen geschnidden oder fein gehackt

  • 1 Schalott, an dënn Streifen geschnidden oder fein gehackt

  • 250 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

  • Salz & Peffer

  • 100 ml wäissen Wéng

  • 200 ml Kalefsfond oder -Bréit

  • 250 ml Schmand

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • Péitersilich, fein gehackt

Zoubereedung

  • Datt geschniddent Fleesch würzen ech direkt mat Salz an Peffer an loossen et stoen bis ech all die anner Saaschen virbereet han
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Fleesch, an Etappen all rondrëm aan, datt stëppsen ech mat Miähl an, an réisteren datt kuurz mat aan. D’Fleesch hualen ech raus an stellen et op Ségt bis ech et brausch.
  • An der selwischter Pann brooden ech d’Ënnen an Schalotten aan, wann déi bis goldbrong sen mëschen ech Kooschelen drënner an brooden déi bis se mëll sen, würzen mat Salz an Peffer.
  • Datt läschen ech mam wäissen Wéng aaf, goud réiren fir datt den Brootsatz sech liiest an den Wéng ankooschen loossen. Dann schëdden ech Bréit drop an loossen déi bis op Halschent ankooschen.
  • Zum Schluss schëdden ech den Schmand drop, erhëtzen alles an würzen Zooss op den Punkt. Dann leen ech d’Fleesch dran an schmaaschen datt Ganzt mat bëssen Zitrounensaaft aaf an mëschen d’Halschent vam Péitersilich drënner.
  • Viraam zervéiren deen Rest Péitersiich diwer streien. Traditionell jëtt Züricher Geschnetzeltes mat Rösti zervéiert, bei mir sen et gebrooden Gromperen dobäi jänn.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*