Een Menü voller Kontraster: Gromperen träffen op karamelliséiert Ënnen an Chicorée, alles aafgeronnt an enger crèmiger Stoffizooss. Hokt hualen ech dech mat op eng kulinarisch Réis, déi dech iwerraschen wärt. Dës Beilaag oder Menü vereent séiss, herzhaft, crèmig an batter Aromen. Klengt Komplizéiert ass et äwer net!
Firwatt dëst Ässen?
Gromperen, Chicorée an Stoffi, sen villäicht op deen ischten Bléck eng ongewéinlich Kombinatioun, äwer genau datt mëcht dëst Ässen su besonnig. Die mëll erdig Gromperen bilden eng perfekt Grondlaag, während die karamelliséiert Ënnen an de Chicorée een spannenden Kontrast aus séiss an batter liweren. D’Stoffizooss brengt datt Ganzt zesaammen an suarigt fir eng herrlich Crèmigkeet. Loss eis d’Zutaten mi genau bekucken, fir datts du verstehs firwatt se onverzichtbar sen:
D’Zutaten – an watt de kannen!
- Gromperen, sie sen d’Basis van dësem Ässen. D’Gromperen sen mëll, maan satt an hualen d’Aromen van der Zooss goud op. Fir dëst se festkooschend Gromperen die besten Wiäll, sie behaalen hir Form an béiden eng angenehm Konsistenz.
- Ënnen, sie sen deen héimlichen Star an dësem Menü. Durich datt gemelligt Garen entweckelen sie een natiirlichen séissen Aroma, deen wonnerbar mat deem Batteren vam Chicorée harmonéiert.
- Chicorée, de Chicorée ass eng Art Zaloot mat engem liiten batteren Goût. Datt Battert jiët durich d’Aanbrooden an den Zitrounensaaft mi mëll, su datt de Chicorée herrlich würzig an frësch schmëscht. Eent Geméiss datt Geester scheed, äwer datt et Wiärt ass fir mi dachs an der Këchen verschafft ze jiän.
- Salz an Peffer, d’Grondgewürzer déi an kengem Menü fehlen sollten, well ech hei äwer meng eegen Geméisspast notzen, sen ech natiirlich virsichtig mam würzen, do ass well alles dran wat ech brausch.
- Stoffi, de Stoffi mëcht Zooss crèmig. Seng Saier suarigt dofir, datt dëst Ässen net su schwéier wirikt. Zur gläicher Zékt verbënnt de Stoffi d’Zutaten harmonisch mateneen.
- Knuawelek, dës Knoll duraef an su engem Menü natiirlich o net fehlen, sie brengt Würzigkeet an harmonéiert perfekt mat den Zutaten ouni dominant ze sen.
- Mëlich oder Waasser, d’Flëssigkeeten déinen dozou den Stoffi opzeliesen fir en su besser ënnert d’Zutaten gemëscht ze kreien.
- Botterschmalz, dëst Fett mat sengem nossigen Goût ass essenziell fir D’Zutaten gemellig aanzebrooden an de Goût ze intensivéiren. Alternativ kanns du o Olivenualig oder eng Mëschung aus Olivenualig an Botter hualen.
- Zitrounensaaft, den Zitrounensaaft ass de Frëschekick. En jiët geholt fir aafzeläschen an balancéiert d’Batterheet vam Chicorée aus, an brengt eng harmonisch Saier an datt Ganzt.
- Geméisspast, meng hausgemaaten Geméisspast ass den i-Tëppelchen van der Zooss. Sie brengt een wonnerbaren Aroma an Umami-Goût, deen dëst Ässen su besonnig mëcht. Sie brengt natiirlich Aromen an Würzigkeet, ouni kënstlich Zousätz.
- Péitersilich, als Garnitur suarigt den Péitersilich fir bëssen Faaref an een Hauch Frëschheet.
Zoubereedung
- D’Gromperen kannen geschiält an dann gekooscht jiän, oder du koochs se an der Schaal. Genausu fonktioniért dësen Menü mat Gromperen vam Daag virdraan, et ass also o eng wonnerbar Restverwiärtung.
- D’Ënnen schiälen ech an schnégden se an dënn Sträifen.
- De Knuawelek schiälen ech an hacken en fein.
- De Péitersilich wäschen ech grëndlich, an hacken en fein.
- Vam Chicorée plécken ech die baussigt Bläder aaf, dann halbéiren ech en längs. De Stronk kann rausgeschnidden jiän, ech verschaffen en meestens mat. De Chicorée schnégden ech an dënn Sträifen.
An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt de Botterschmalz, do dran brooden ech d’Ënnen mam Chicorée aan bis alles aafänkt Faaref ze kreien. Würzen liit mat Salz an Peffer.
Subal alles aafänkt brong ze jiän, mëschen ech den Knuawelek drënner an wann deen aafänkt mat rauschen läschen ech mam Zitrounensaaft aaf.
Als nächst mëschen ech D’Gromperen drënner an wiärmen se.
An enger Schossel mëschen ech den Stoffi mat bëssen Flëssigkeet (Mëlich oder Waasser) liesen meng hausgemaaten Geméisspast dran op an schëdden dës Zooss iwert Gromperen. Die lossen ech gemellig opkooschen an bis op die gewënschten Konsitenz reduzéiren. Schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
Zum Schluss mëschen ech na deen gehackten Péitersilich drënner, an zervéiren meng Gromperenpann als Hauptplat mat enger Zaloot, oder als Beilaag zu Fleesch.
Tipps an Variatiounen
Den Timing ass wichtig, rischt durich datt gemelligt Brooden op niddriger Hëtzt entwéckeln d’Ënnen an den Chicorée hiren séissen herzhaften Goût. Wanns du net deen gruussen Chicorée-Fan bass, well en dir ze batter ass, leen en viraam Brooden kuurz an wootlicht Waasser, dodurich jiët en manner batter.
Fir mi herzhaft Aromen kanns du zum Schluss separat gebrooden Speckwürfelen mat ënnermëschen. Oder am Platz vam Stoffi hëlls du Ricotta an italienisch Krégder. Genausu kanns du dës Gromperen mat Sauerrahm oder Frëschkiiss zoubereeden.
Fazit
Dëst Ässen ass mi wie nëmmen eng Moolzischt, et ass eng Hommage aan die einfasch, éierlich Zutaten. D’Gromperen spenden Troust, d’Ënnen iwerraschen mat deem séissen Aroma an den Chicorée mëcht alles spannend. De Stoffi ronnt alles aaf an mëcht all Maufel cèmig an schlotzig.
Porbéier et aus, an loss mëch wossen wie et dir geschmaascht hat? Jiët et eng Zutat déi’s du zousätzlich mat ënnermëchs oder has du eng Zutat fortgeloss? Hannerloss mir een Kommentar oder deel deng Kreatioun ënnert dem #beijosiane.
Batter trëfft Séiss: Gromperen-Ënnen-Chiroée Pann
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen35
Minuten30
MinutenZutaten
800 g Gromperen, festkooschend
Botterschmalz fir ze brooden
4 Ënnen, an dënn Sträifen geschnidden
4 Chiroée, an dënn Sträifen geschnidden
Salz an Peffer
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
Saaft van enger halwer Zitroun
250 g Stoffi
100 ml Mëlich oder Waasser
2 EL Geméisspast
2 EL Péitersilich, gehackt
Zoubereedung
- D’Gromperen kannen geschiält an dann gekooscht jiän, oder du koochs se an der Schaal. Genausu fonktioniért dësen Menü mat Gromperen vam Daag virdraan, et ass also o eng wonnerbar Restverwiärtung.
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt de Botterschmalz, do dran brooden ech d’Ënnen mam Chicorée aan bis alles aafänkt Faaref ze kreien. Würzen liit mat Salz an Peffer.
- Subal alles aafänkt brong ze jiän, mëschen ech den Knuawelek drënner an wann deen aafänkt mat rauschen läschen ech mam Zitrounensaaft aaf.
- Als nächst mëschen ech d’Gromperen drënner an wiärmen se.
- An enger Schossel mëschen ech den Stoffi mat bëssen Flëssigkeet (Mëlich oder Waasser) liesen meng hausgemaaten Geméisspast dran op an schëdden dës Zooss iwert Gromperen. Die lossen ech gemellig opkooschen an bis op die gewënschten Konsitenz reduzéiren. Schmaaschen an würzen evtl. na bëssen no.
- Zum Schluss mëschen ech na deen gehackten Péitersilich drënner, an zervéiren meng Gromperenpann als Hauptplat mat enger Zaloot, oder als Beilaag zu Fleesch.