Een Klassiker mat engem klengen Twist, meng Kappeszaloot mat wäissem Kappes, rugdem Kappes an Muurten. Coleslaw wie en an Amerika heescht hat seng Wuurzelen aus deem hollännischen „koolsla“. Ursprünglich ass den Kappeszaloot van hollännischen Siedler mat an Amerika breit jiän.
Wann ech aan Kappeszaloot denken, erënnert datt mech ëmmer aan frësch gegrilltent Fleesch an aan deen knackigen, crèmigen Zaloot. Äwer mol éierlich firwatt soll den Kappeszaloot nëmmen eng Beilaag sen? Meng Version ass su aromatisch an faarwig, datt en de Sprong vam Sidekick zum Star packt!

Firwatt Kappeszaloot? An firwatt des Versioun?
Kappeszaloot ass een Allrounder. Mat enger gouder Balance aus Saier, Séiss an Crèmigkeet passt en bal zu allem: ob Burger, Fësch oder als liiten Snack. Watt mëcht meng Kappeszaloot su besonnig? D’Mëschung aus wäissem Kappes, rugdem Kappes an Muurten suarigt net nëmmen fir eng sching Optik, mais o fir interessant Texturen. D’Schalotten an een Hauch Knuawelek brengen eng dezent Würzigkeet, während meng Vinägrette aus Äppelessig, Dijonmoster an Mayonnaise dës Zaloot frësch an liäwig mëcht. Ah jo, an ech verzichten op Zocker – hei ass alles natiirlich an pur!
De Plang: Wie bereeden ech meng Kappeszaloot zou?
Wanns du well eng kéier gedeit has, datt Kappeszaloot komplizéiert ass, loss mech dech vam Geegendeel iwerzeegen. Alles watts du brauchs, sen paar frësch zutaten, déi eng oder anner Schossel an eng gruuss Schossel fir alles ze mëschen an natiirlech bëssen Zékt. Wie genau datt fonktionéiert beschreiwen ech dir lo am Detail:
Wäissen Kappes ass den Star an all klassischem Kappeszaloot. Seng Bläder sen knackig an liit séisslich am Goût. Genau datt mëcht en su villségtig, en harmonéiert perfekt mat würzigen Dressingen oder Vinagretten, ouni sein Charakter ze verléiren. Op der Mandoline schnégden ech den Kappes an fein Sträifen, deen leen ech an eng Schossel vermëschen en mat bëssen Salz an kniädden en fest durich bis aafänkt Waasser auszetrëdden. Su setzen ech en op Ségt bis ech en brausch.
De rugden Kappes brengt net nëmmen eng kräftig, moof Faaref op den Teller, mais o een liit erdigen, herben Goût. Et ass d’Geheimnis hannert dem optischen „Wow“-Effekt van dësem Zaloot. Has du gewosst, datt den rugden Kappes je no Saiergehalt seng Faaref verännert? Den Äppelessig an menger Vinägrette suarigt dofir, datt en herrlich moof bleift. De rugden Kappes schnégden ech wie deen Wäissen op der Mandoline an dënn Sträfen, leen en an eng Schossel, an kniädden deen mat bëssen Salz fest durich bis aafänkt Waasser auszetrëdden. Ech vermëschen en nat net mat wäissen Kappes, setzen en äwer op Ségt bis ech en brausch.

D’Muurten sen Herzsteck, wann et drëm jieet, dem Zaloot een natiirlichen séissen Goût ze jiän. Die knackig Textur bild een schingen Kontrast zum Kappes, an die orange Faaref suarigt fir eent harmonischt Faarefspill. D’Muurten schiälen ech an ech reiwen se op der Këchenreif, du kanns hei selwer entscheeden ob’s du se bëssen mi deck reifs oder ganz fein. Déi leen ech well direkt an die gruuss Schossel an där hanneno alles vermëscht jiët.

D’Schalotten suarigen fir eng fein Würzigkeet, sie sen die mi elegant Schwesteren van den Ënnen. De Goût ass mëll, liit séisslich an manner scharef, genau datt rischtig fir mengem Kappeszaloot eng dezent, an äwer aromatisch Würzigkeet ze jiän. Déi schiälen ech an schnégden se an kleng Würfelen an leen se bei d’Muurten an d’Schossel. Sie sen den Gehimtipp, wanns du engem Zaloot een Hauch van Raffinesse jiän wëlls!

De Knuawelek ass su eng klengen Booster, en brengt waarem, liit scharef Nuancen an dës Zaloot, déi perfekt mat der Frëschheet vam Äppelessig harmonéiren. Hei, ass winiger äwer mi! De Knuawelek soll Kappeszaloot net dominéiren, nëmmen eng fein würzig Basis matbrengen. De Knuawelek schiälen ech an hacken en ganz fein an leen en bei d’Muurten an d’Schalooten an Schossel.

Fir d’Vinägrette, notzen ech Äppelessig, den Kinik ënnert den Essigzorten, wann et ëm Kappeszaloot jieet. Säin fruuchtigen, mëllen Goût suarigt fir eng angenehm Saier, déi d’Geméiss rischtig frësch wiriken lisst. Zur gläicher Zékt hiäft en deen natiirlich séissen Aroma van den Muurten an d’Würzigkeet vam rugden Kappes.
Als nächt mëschen ech Salz an Peffer ënnert den Essig. Ënnerschätz nie, wie wichtig Salz an Peffer ass! D’Salz brengt deen natiirlich séissen Goût vam Kappes an den Muurten zur Geltung, während de Peffer een angenehmen, liit scharefen Kick mat brengt. Hual der Zékt, fir ze schmaaschen, datt mëcht den Ënnerscheed zwëschen „Goud“ an „onverjässlich“.
Den Dijonmostert, een klengen Läffelchen ass d’Geheimnis hannert deem besonnigen Aroma van menger Vinägrette. En brengt Würzigkeet, bëssen Schiäreft an eng crèmig Textur, déi all anner Zutate perfekt ergänzt. De Moster vermëschen ech mam Essig bis en sech ganz opgeliiest hat.
De Ualig, ech hualen hei een neutralen Ualig, ech schaffen do ëmmer mat Mazola, en ass mëll am Goût an iwerlagert d’Zutaten net. Seng liit nossig Nuancen, an seng glatt Textur suarigen dofir, datt Vinäigrett sech perfekt mam Geméiss verbënnt. No an no, an ënner stännigem réiren mëschen ech den Ualig ënnert den Essig bis eng crèmig Emulsioun entsteht.
D’Mayonnaise ass deen crèmigen Alleskönner, sie brengt meng Vinägrette op een neien Level. D’Mayonnaise verbënnt d’Zutaten an mëcht meng Vinägrette sämig ausserdeem jiët sie mengem Kappeszaloot en liit crèmig Konsistenz. Wichtig hei ass, datt Mayonnaise sparsam angesatt jiët, sie soll d’zaloot aafronnen, ouni se schwéier wiriken ze loossen.

An dann kënnt alles beineen, deen wäissen Kappes drecken ech fest aus an leen en bei d’Muurten an d’Schossel. Deen rugden Kappes wäschen ech ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an drecken en dann fest aus är ech en bei die anner Zutaten leen. Datt suarigt ënner annerem dofir, datt o wann den Zaloot mol 2 Deeg am Frigo stoen sollt, sech net alles moof fiäreft an d’Zutaten griisstendeels hir eegen Faaref behaalen. Et ass mi jiät fir d’Optik, d’Aafwäschen ännert äwer näist aam Goût vam Kappes.
Dann schëdden ech Vinägrette iwert Zaloot an vermëschen alles goud mateneen, lossen Zaloot ongeféier 15 Min. druich zeihen, schmaaschen an würzen evtl. na no. Viraam zervéiren han ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer gestreit.
Tipps aus menger Këchen
- Ech han well an villen Rezepter geliäsen, datt de Kappeszaloot ganz frësch am besten ass, datt kann ech net soen, steht en paar Stonnen am Frigo an krëtt Zékt datt d’Aromen sech verbannen kanne schmëscht en na besser.
- Een klenge kreativen Extra ass an dënn Sträifen geschniddenen Appel. D’Äppel han een natiirlich séissen an erfrëschenden Goût, déi Zesaammenspill van der Saier aus dem Äppelessig an der Würzigkeet aus den Schalotten, Knuawelek an Mostert perfekt ausbalancéiert. Den Apel brengt eng dezent Fruuchtigkeet deen wonnerbar mam Kappes harmonéiert an em een besonnig liäwigen Charakter jiët.

Fazit: deen perfekten Allrounder!
Watt ech aam Kappeszaloot su jiären han, ass seng Villségtikeet. En kann frësch an liit sen, äwer o herzhaft an satt maan. D’Mëschung aus Faarwen, Texturen an Aromen ass einfasch nëmmen köstlich. Ob beim Grillen, als liit Mettigässen oder als deen faarwigen Highlight op engem Buffet, dësen bonten Zaloot jieet ëmmer.
Maan en no an schreif mir wie en dir geschmaascht hat! Has du jiät annëcht gemaat oder zousätlich na jiät ënnergmëscht. Deel dengt Ergebnis ënner dem #beijosiane, ech freien mech op är faarwig Kreatiounen.
Meng faarwig Kappeszaloot
Schwierigkeit: einfasch30
MinutenZutaten
0,5 rugde Kappes, op der Mandolin gehuwelt
0,5 wäissen Kappes, op der Mandoline gehuwelt
2-3 mëttlegruus Muurten, fein geraspelt
Salz
2 Schalotten, kleng gewürfelt
1 Ziif Knuawléck, fein gehackt
Optional: fir Garnitur, gehackten Péitersilich
- Fir Zooss
100 ml Äppelessig
200 ml Ualig, neutral
1 TL Dijon Mostert
1 TL Salz
1 TL schwarze Peffer
2 EL Mayonnaise
Zoubereedung
- Deen rugden Kappes vermëschen ech mat ongeféier 1 TL Salz an kniädden en fest durich bis aafänkt Waasser auszetrëdden. Su setzen ech en op Ségt bis ech en brausch.
- An o deen wäissen Kappes vermëschen ech mat ongeféier 1 TL Salz an kniädden en fest durich bis aafänkt Waasser auszetrëdden. Su setzen ech en op Ségt bis ech en brausch.
- Die 2 Zorten Kappes na net mateneen vermëschen.
- D’Muurten leen ech direkt an die gruuss Schossel an där zum Schluss alles mateneen vermëscht jiët. do leen ech o well direkt, die kleng gewürfelt Schalotten an deen fein gehackten Knuawelek mat dran.
- Fir d’Vinägrette
- An enger Schossel mëschen ech den Essig mam Mostert, Peffer an Salz bis sech den Moster ganz opgeliest hat.
- No an no, an ënner stännigem réiren schëdden ech den Ualig dobäi, bis eng crèmig Emulsioun entstannen ass.
- Zum Schluss mëschen ech d’Mayonnaise drënner.
- Kappeszaloot
- Deen wäissen Kappes drecken ech fest aus an leen en bei d’Muurten an d’Schossel.
- Deen rugden Kappes wäschen ech ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an drecken en dann fest aus är ech en bei die anner Zutaten leen. Datt suarigt ënner annerem dofir, datt o wann den Zaloot mol 2 Deeg am Frigo stoen sollt, sech net alles moof fiäreft an d’Zutaten griisstendeels hir eegen Faaref behaalen. Et ass mi jiät fir d’Optik, d’Aafwäschen ännert äwer näist aam Goût vam Kappes.
- Als nächst schëdden ech d’Vinägrette drop an vermëschen alles goud mateneen. D’Zaloot loossen ech 15 Min. durichzéien, schmaaschen an würzen evtl. na no.
- Viraam zervéiren kanns du dann na gehackten Péitersilich driwer streien.