Poulet no Döner Art

De Begrëff „Döner Kebab“ kënnt aus dem türkischen bedeit „sech driihend“. Bekannt ass den Döner Kebab viraan allem durich datt bekannt Sandwich, datt een mëttlerweil an all Eck ze koofen krëtt. Beim Döner handelt et sech ëm eent koonisch geformten Fleeschspiess, ähnlich enger Muurt, huawen ass en breet an no ënnen hin jiët en ëmmer mi schmaal. Dësen Spiess besteht aus ënnerscheedlich gruussen, an enger spezieller Marinade aus Joghurt an Gewürzer, marinéiert Fleeschscheiwen an Gehacktes. Leider jiët do vill Pfusch gedriwen, an dachs mi Gehacktes verschafft wie erlaubt ass. Deen eenzigen Spiess deen zu 100% aus Fleesch besteht ass den Pouletspiess. Mat Hëlef van engem speziellen vertikalen Dönergrill jiët dësen Spiess zoubereet, datt su gegrilltent knusperigt Fleesch jiët mat engem speziellen Messer an dënn Scheiwen van dësem Spiess geschnidden an, an deen verschiddene Menüer viraan verschafft.

Geschicht vam Döner

Den Döner kann weltwégt op eng lang an interessant Geschicht zeréckblécken, déi an Anatolien hiren Ursprong hat. Lang befir hei am Land den Döner zoubereet jän ass, sen die ischt Virleefer vam Döner wie mir en Hokt kennen op engem horzontalen Grill iwert Holzkualen gegrillt jiän. De Virleefer vam vertikalen Grill ass wahrscheinlich zéktgläich an verschidden Regiounen, an der Türkei, am arabischen Raum an a Griechenland, aus Platzmangel erfond jiän. Zwar haaten d’Rezepter van deemools net vill mat deem Döner gemeinsam wie mir en hokt kennen, d’Grondiddi ass äwer die selwischt bliwen, knusperigt gegrilltent Fleesch.

Den Ënnerscheed zwëschen enger traditoneller Marinade an enger Marinade bei eis.

An der Türkei jiët Dönerfleesch zwar goud gewürzt d’Marinade ass äwer mi einfasch gehaalen. D’Gewürzer sen mi dezent gehaalen et jiët mi Wiärt op d’Qualitéit vam Fleesch geleit. Joghurt, Zitrounensaaft, Olivenualig, Knuawelek, Cumin an Thymian bilden dachs d’Basis, d’Marinade ass an der Regel manner würzig äwer aromatisch.

Während bei eis d’Marinade vill mi intensiv gewürzt sen an dachs mat Tomatenpürée, Paprikapürée, Essig an Zocker vermëscht jiän. Tomaten- an Paprikapürée kommen an traditionellen Marinade net dran, dofir ischter an den Zoossen.

Den Ansatz van Joghurt ass an den 2 Marinaden üblich, en jiët bei eis äwer dachs mit betount. Deck- an ziihflëssig Marinade verstoppen ganz goud mannerwiärtigt Fleesch.

D’Wiäll vam Fleesch

Traditionell jiët an der Türkei Lamm- oder Kaleffleesch genotzt. Hëlls du, genau wie ech Poulet ass hei die besten Wiäll ausgebeente Strempelen ze hualen, durich deen mi hiien Fettaandeel bleiwen sie zart an saaftig.

Gewürzer an d’Marinade

  • De Knuawelek schiälen ech, hacken en fein an zerreiwene en mat bëssen Salz zu enger feiner Past.
  • Cuminsoom an Pefferkären am besten frësch mahlen oder am Mörser zerstuussen, datt suarigt fir een intensiven Aroma. Alternativ kanns du natiirlech o gemahlene schwarze Peffer an Cumin hualen.

An enger Schossel vermëschen ech den Joghurt mam Knuawelek, den Gewürzer evtl. na bëssen Salz, Zitrounensaaft an Olivenualig.

Do dran leen ech den Poulet an loossen en op mannst 4 Stonnen marinéiren. Hual dir Zékt fir d’Fleesch ze marinéiren, an der Türkei jiët d’Fleesch dachs bis zu 24 Stonnen marinéiert, fir datt d’Aromen déif anzéien kannen. Watt mi lang watt besser!

Zoubereedungsmethoud

Falls du keen Driehspiess has, kanns du d’Fleesch an enger Gossenpann oder op engem Grill bei hiier Hëtzt brooden. Ech han mengt Fleesch am Schiäffchen gemaat, dofir han ech de Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virgewiäremt. D’Fleesch han ech op eent Gitter geleit mat Blech drënner. Eent mat Baaschpapaier ausgeleitent Blech deet et äwer o, dann äwer no 15 Min. d’Fleesch eng kéier driien. Su han ech d’Fleesch ongeféier 25 Min. brooden gelooss, Fir datt d’Fleesch eng knusperig Oberfläch krëtt han ech dann na Temperatur op 250°C rop gedrigt an fir 5 Min. op Grillfunktion ëmgestallt.

Beilaagen

Ech han mengt Fleesch mat engem einfaschen Pilawräis zervéiert. Dofir han ech eng gehackten Ënn op mëttel Hëtzt gebrooden bis se mëll ass, äwer ouni datt se Faaref aanhëllt, de Räis han ech kuurz mat aangeréistert an dann Waasser drop geschott. Datt Ganzt han ech gesalzen an op niddiriger Hëtzt mat Deckel ongeféier 20 Min. quellen geloss.

TIPP: Noodeems den Räis färdig ass, eent propert Handdousch oder Këchenpapaier zwëschen Deckel an Dëppen leen. Den Deckel fest drop drécken, su jiët den Räis besonnig fluffig an en hällt Hëtzt locker eng goud Stonn.

Noom Baaschen han ech d’Fleesch mat Paprikageméiss vermëscht. Dofir han ech eng an Sträifen geschnidden Ënn aangebrooden, bis se aafänkt Faaref ze kreien, dann an Sträifen geschniddene Paprika dënner gemëscht, datt han ech su lang brooden geloss bis den Paprika mëll, äwer na bëssen Biss hat. Gewürzt han ech datt Ganzt mat Salz, Peffer an bëssen Sumak. Sumak ass eent liit säierlicht Gewürz datt de Paprika perfekt ergänzt. Alternativ kanns du bëssen Zitrounensaaft hualen.

Den Zauber vam Döner: Herzhaft, würzig an hausgemaat

Döner ass bëssen mi wie Fast Food, an der Türkei ass et eent Symbol fir goud Ässen, geselligt Zesaammensen an Qualitéit. Während bei eis die meest Dönerässen an engem Fladenbrugt zervéiert jiän wollt ech hokt jiät annëcht probéiren: köstlich marinéiert Fleesch, perfekt gegart vermëscht mat Paprikageméiss an zervéiert op engem klassichen Pilawräis. Eng lecker Kombinatioun, déi onkomplizéiert zouzebreeden ass an ganz bestëmmt bei Familjien an Frënn goud aankënnt.

Wanns du et ausprobéiers, deel deng Erfahrung mat mir, ënnert dem #beijosiane. Ech freie mech iwert Kommentare, Tipps an Bilder.

Poulet no Döner Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portionen

4

Portionen
Virberreedungszékt

20

Minuten
Kooschzékt

30

Minuten
Marinéierzéckt

4 – 24

Stonnen

Zutaten

  • 1 KG Fleesch, an dënn Sträifen geschnidden (bei mir ausgebeente Pouletstrempelen)

  • Fir d’Marinade
  • 150 g Joghurt, natur, net ze sauer

  • 3 EL Olivenualig

  • 3 Ziiwen Knuawelek, mat bëssen Salz zu enger feiner Past zeriwen

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 0,5 TL bis 1 TL Cuminsoom, frësch gemahlen

  • 0,5 TL schwarz Pefferkären, frësch gemahlen

  • 1 TL gedrëchenten Thymian

  • 0,5 TL séisst Paprikapolwer

  • Salz

  • Fir den Pilawräis
  • 200 g Langkärenräis, gewäsch

  • 400 ml Wasser

  • 1 Ënn, fein gehackt

  • bëssen Olivenualig fir ze brooden

  • 1 TL – 1,5 TL Salz

  • Fir d’Paprikageméiss
  • 2 rugd Paprika, an dënn Sträifen geschnidden

  • 1 Ënn, an dënn Sträifen geschnidden

  • Olivenualig fir ze brooden

  • Salz an Peffer an bëssen Sumak, alternativ zum Sumak kanns du bëssen Zitrounensaaft hualen.

Zoubereedung

  • D’Fleesch marinéiren
  • D’Zutaten van der Marinade vermëschen ech goud mateneen, d’Fleesch drënner mëschen an op mannst 4 Stonnen am Frigo marinéiren.
  • De Pilawräis
  • An engem waarmen Dëppen op niddriger Hëtzt d’Ënnen aanbrooden bis se mëll sen, äwer ouni datt se Faaref aanhualen.
  • Dann mëschen ech den Räis drënner an réistern deen kuurz mat aan.
  • Als nächst schëdden ech d’Waasser drop, an op niddriger Hëtzt loossen ech den Räis su lang quellen bis en d’Waasser ganz absorbéiret hat.
  • TIPP: Noodeems den Räis färdig ass, eent propert Handdousch oder Këchenpapaier zwëschen Deckel an Dëppen leen. Den Deckel fest drop drécken, su jiët den Räis besonnig fluffig an en hällt Hëtzt locker eng goud Stonn.
  • D’Fleesch brooden
  • De Schiäffchen wiärmen ech op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt vir.
  • D’Fleesch han ech op eent Gitter mat Blech ënnen drënner geläit, oder op eent mat Baaschpapaier ausgeleiten Blech. Su setzen ech d’Fleesch ongeféier 25 Min. an deen waarmen Schiäffchen. No 15 Min. d’Fleesch eng kéier driien.
  • Optional: No deen 25 Min. driien ech Temperatur op 250°C rop an stellen den Schiäffchen op Grillfunktioun ëm, su lossen ech d’Fleesch dann na 5 Min. am Schiäffchen stoen. Fir mi Knusperigkeet.
  • Paprikageméiss
  • An enger waarmer Pann erhëtzten ech op mëttel Hëtzt bëssen Olivenualig an brooden do dran d’Ënnen bis se aafänken Faaref ze kreien, dann mëschen ech den Paprika drënner an brooden deen su lang bis en mëll, äwer na Biss hat. Würzen mat Salz, Peffer an bëssen Sumak oder Zitrounensaaft.
  • Viraam zervéiren
  • Mëschen ech d’Fleesch ënner Paprikageméiss. De Räis verdeelen ech op Telleren an leen d’Fleesch mam Paprika op den Räis.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*