teller, zopp, tomaten

Broccolizopp

Virbereedungszéckt: 20 Min.

Kooschzéckt: 40 Min.

Fir ongeféier 3 L brauschst du?

  • 1 kg zerklengerte Broccoli
  • 350 g an graff Würfel geschnidden Gromperen
  • 2 L Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 200 ml Rahm
  • Salz & Peffer
Broccoli

zousätzlich brauschst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

De Broccoli an d’Gromperen an 1,5L Bréit an 30 Min. mëll kooschen. Püréiren an durich eng Passette sträichen.

De Rest Bréit drop schëdden an na eng kéier opkooschen loossen.

Rahm ënnerréiren. Schmaaschen evtl. nowürzen.

Als Garnitur kanns du hei kleng an am Botter geschwenkten Brugdcroûtons dran maan.


Broccoli-Velouté-Zopp

Fir ongeféier 3 L brauchst du?

Fir den Velouté:

  • 1,5 L kooschend Geméissbréit oder Fleeschbréit
  • 50 g Botter
  • 60 g Miähl
  • Peffer & Salz

Fir Zopp:

  • 500 g Broccoli
  • 1,5 L Velouté
  • 600 ml Geméissbréit
  • Peffer & Salz
  • 200 ml Rahm
  • 4 Eijäll

zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

Fir de Velouté:

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.

Die kooschend Bréit op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an de Velouté 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.

Du kanns den Velouté natiirlech o mam Kooschwaasser vam Broccoli maan,

Fir Zopp:

De Broccoli an Ruusen zerdeelen, an am Salz-Zitrounen-Waasser mëll kooschen.

De Broccoli aafschëdden an bëssen vam Kooschwaasser halen. Een Deel van den Broccoliruusen haalen fir hanneno als Garnitur an Zopp. De Broccoli mam Püréierstaaf püréiren, bëssen vam Kooschwaasser mat dran schëdden, de Püréé kann mi flëssig sen.

Velouté mat 500 ml Broccolipürée an der Bréit opkooschen loossen. Schmaaschen, evtl. noowürzen. Zopp durich eng Passett sträichen.

Rahm mam Eijäll goud vermëschen an ant Zopp schëdden. Ënner stännigem réiren wiärmen, an subaal Zopp aanfänkt mat bannen. Hëtzt raaf driien. Garnitur an der Zopp wiärmen.


Broccoli-Rahm-Zopp

Fir Béchamel:

  • 50 g Botter
  • 60 g Miähl
  • 1,5 L kooschend Mëlich
  • Peffer & Salz

Fir Zopp:

  • 500 ml Broccolipüréé
  • 1,5 L Béchamel
  • 600 ml Geméiss- oder Fleeschbréit
  • 200 ml Rahm
  • Salz & Peffer
  • Garnitur: kleng Broccoliruusen

zousätzlich brauchst du een Püréierstaaf an eng Passette.


Wie jëtt gekooscht?

Fir Béchamel:

Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen. Miähl ënnerréiren an su en helle Roux kooschen. Hëtzt net ze hii driien, soss kann et passéiren datt Zopp net richtisch bënnt. Ongeféier 5 Min. ausschweessen subal den Goût vam riien Miähl fort as, as den Roux färdeg. Aafkéilen loossen.

Die kooschend Mëlich op deen kaalen Roux schëdden an ënner stännigem réiren opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an d’Béchamel 25-30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen. Ëmmer rëm dran réiren. Schmaaschen an würzen. Durich Passette schëdden.

Fir Zopp:

De Broccolipürée su zoubereeden wie et bei der Veloutézopp beschriwen as. Denk draan een Deel van den Ruusen fir Garnitur ze haalen.

Béchamel mam Broccolipüréé an der Bréit opkooschen loossen. Schmaachen evtl. noowürzen.

Rahm ënnerréiren. Hëtzt raaf driien an Garnitur an der Zopp wiärmen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*