Coleslaw as een beléiften Beilaagenzaloot, deen aus fein geschniddenem wäisse Kappes, evtl. ruge Kappes an Muurten zoubereed jëtt. Zaloot jëtt an enger crémiger Zooss aus Mayonnaise, Essig, Zitrounensaaft an Gewürzer angeleit. De Coleslaw kann je no Geschmaasch an Rezeptvariant zousätzlich Zutaten wie Ënnen, Äppel oder Korinten enthaalen. Zaloot hat een erfrëschende liit saueren, evtl. séissen Geschmaasch an passt goud bei alles watt Gegrillt jëtt. Een klassischen Bestandeel van BBQ- an Picknick-Menüer.
Den Ursprong.
Den Naam “Coleslaw” leet sech vam niederländischen Begrëff “koolsla” aaf, watt “Kohlsalat” bedeit. Dës Zaloot hat seng Wuurzelen an Europa, as äwer mi populär an den USA.
Zutaten.
Niäwent dem Kappes an de Muurten kanne verschidden Rezepter variéiren. Su fënnt een verschidden Rezepter mat rugdem oder gréinem Paprika, Zellerie, Ananasstécker oder Cranberries, fir dem Zaloot mi Geschmaasch an Textur zouzeféiren.
Dressings.
Crémigkeet vam Coleslaw jëtt mat engem Dressing op Basis van Mayonnaise erreecht. Dësen Dressing kann je no perséinlichem Geschmaasch mat Mostert, Essig, Zocker, Salz an Peffer aafgeschmaascht jiänn.
Varianten.
Et jiänn vill regional Varianten vam Rezept. An paar Regiounen an der USA, besonnech den Süden, jëtt den Coleslaw mi séiss zoubereed. An anneren Deeler vam Land jëtt mi die sauer Versioun gemaat.
Gesondheetsaspekt.
Coleslaw kann eng goud Quell fir Ballasstoffer an Vitaminen sen, besonnech wann frëscht Geméiss verschafft jëtt. Allerdings sollt een op den Fettgehalt vam Dressing oppassen, vill Rezepter enthalen vill Mayonnaise. Fir mi eng Gesond Versioun zouzebereeden kann een op Joghurt zereckgreifen oder den Joghurt mat Mayonnaise mëschen.
Ech han well eent Rezept vam Kappeszaloot op mengem Blog, do han ech en mat enger waarmer Vinägrette an mat Äppel gemaat.
Dofir brausch ech:
- wäisse Kappes
- rugde Kappes
- Muurten
- Schalotten
- Mayonnaise
- Zitrounensaaft
- Äppelessig oder Wäissewéngessig. Mam Äppelessig bleift en mi mëll am Geschmaasche, mam wäissewéng Essig krëtt den Coleslaw een richtig kräftigen Goût.
- Hunneg
- Salz & Peffer
Zoubereedung:
Deen wäisse Kappes schnégden ech mam Messer an dënn Streifen.
Deen rugde Kappes schnégden ech op der Mandoline ganz fein, an hacken en dono na kleng.
Muurten rasppelen ech.
Schalott fein hacken an ënnert den Kappes mëschen.
Fir Zooss, mëschen Mayonnaise mam Essig, Hunneg, Zitrounensaaft, Peffer an Salz.
Wëlls du lo net suvill Mayonnaise hualen, kanns du halef Mayonnaise, halef Bottermëlich hualen.
Zooss schëdden ech iwert den Kappes mëschen alles goud mateneen an loossen datt Ganzt am Frigo 2-3 Stonne durich zéien.
Befirs du den Zaloot zervéieres, schmaasch en firtischt, meestens verdrigt en ëmmer na eng Struz Essig.
Coleslaw
Schwierigkeit: einfasch4
25
MinutenZutaten
300 g an dënn Streifen geschniddene wäisse Kappes
150 g op der Mandoline geschniddene an dono gehackten rugde Kappes
150 g geraspelt Muurten
1 gehackten Schalotte
- Fir Zooss
130 ml Mayonnaise (oder 65 ml Mayonnaise an 65 ml Bottermëlich)
4 EL Äppelessig oder wäisse Wéngessig
1 EL Hunneg
Saaft van enger halwer Zitroun
Salz & Peffer
Zoubereedung
- Wäisse, rugde Kappes, Muurt an Schalott an eng gruus Schossel leen an goud mateneen vermëschen.
- Fir Zooss
- Mayonnaise, Zitrouensaaft, Hunneg, Gewürzer an den Essig mëschen.
- Iwert den Kappes schëdden, alles goud mëschen an fir 2-3 Stonnen an de Frigo stellen.
- Viraam zervéiren na eng kéier schmaaschen an evtl. noowürzen.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Paprika Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten