Fricassée de Poule

Fricassée de Poule oder op däitsch „Hühnerfrikassee“ ass ähnlich wie eis Pastéitchen, just mat mi Geméiss. Ursprünglich ass et eent Ässen aus der fransiischer Këchen, Fricassée beideit suvill wie een Ragout aus wäissem Fleesch. Während dem 18ten Joerhonnert ass dëst Ässen an Däitschand populär, an eent beléiften Familjenässen jiän.

Watt ass Fricassée de Poule?

Et ass een klassichen Ragout, bei deem zart Hohunerfleesch an enger crèmiger, heller Zooss mat Geméiss zervéiert jiët. Annëcht wie eent typischt Schmoorässen jiët d’Houhn mat Zoppengeméiss gekooscht. Die Bréit déi dodurich ensteht ass d’Basis van der Zooss, déi jiët mat engem hellen Roux gebonnen an mat Schmand verfeinert. Dozou kommen dann na Iärbessen, Muurten an Kooschelen, evtl. wann Saison ass o na Spargelen.

Zutaten an Zoubereedung

1. D’Houhn zaart garen.

    Ech fänken aan mat der Basis: dem Houhn. Bei engem Zoppenhouhn entsteht eng Bréit mat besonnig vill Goût. D’Houhn leen ech an eent gruusst Dëppen, schëdden kaalt Waasser drop an leen Zoppengeméiss dobäi, datt wor bei mir dës kéirer, Poretten, Muurten, Péitersilich, Ënnen, Zellerie an Navet. Van Gewüzer han ech Salz, Päfferkären, Neelcheskäpp an Lorbeerbläder gehollt. D’Päfferkären zerdrecken ech liit, sie sollen äwer net fein gemahlen sen. D’Bréit loossen ech dann opkooschen, schäimen se aaf an op niddirger Hëtzt lossen ech mengt Houhn kooschen bis et durich gar ass. Datt kann, deemno wie déck dengt Zoppenhohun ass 3-5 Stonnen dauren. Du kanns alternativ natiirlich o Pouletfilet hualen, datt brengt äwer lang net den gouden Goût wie eent Zoppenhouhn.

    Subaal d’Houhn durich gar ass, hualen ech et aus der Bréit an loossen et bëssen aafkéilen. Iwerdeems filteren ech d‘Bréit. Wann d’Hohun dann suwegt aafgekéilt ass, datt ech et aanpacken kann ouni mit d’Patten ze verbrennen zéihen ech d’Hogt raaf an zerdeelen et. D’Fleesch hualen ech van den Schanken an schnégden et an Würfel.

    2. D’Geméiss virbereeden.

    D‘Muurten schiälen ech an schnégden se op der Mandoline an dënn Scheiwen, déi blanchéiren ech fir ongeféier 5 Min. an bëssen kooschender Bréit. Mat engem Schaumläffel raus hualen an op Ségt stellen bis se gebrauscht jiän.

    D‘Kooschelen botzen ech mat enger mëller Biischt an schnégden se je no griisst an Scheiwen oder véirel, déi blanchéiren ech o fir 4-5 Min. an der selwischter Bréit an där ech well d’Muurten blanchéiert han. Déi hualen ech o mam Schaumläffel aus der Bréit, ech brooden se dann äwer na zousätzlich am waarmen Botter goldbrong aan. Su setzen ech se dann op Ségt bis ech se brausch.

    Bei den Iärbessen do hualen ech gefraurener. Déi hualen ech just aus der Truh an loossen se entdiien. Du kanns se eng kéier kuurz an kooschend Bréit zoppen, datt maan ech äwer net, ech well datt se hir sching gréin Faaref behaalen.

    Optional: Spargelen, déi schiälen ech an schnégden se an ongeféier 1,5cm bis 2cm gruuss Stécker, an o déi blanchéieren ech fir paar Min. an der Bréit, hualen se raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch. Alternativ kanns du o Spargelen aus dem Glas hualen, hual dann äwer die lang an deck.

    3. D’Zooss zoubereeden

    An engem waarmen Dëppen lossen ech dofir Botter schmëlzen an subal deen aafänkt mat spruddelen mëschen ech d‘Miähl drënner, datt réisteren fir paar Min. aan, et soll äwer keng Faaref aanhualen. De Roux loossen ech dann afkéilen. Subal de Roux aafgekéilt ass, schëdden ech die kooschend Bréit drop, well ech datt ganzt Geméiss an dëser Bréit gekooscht han schëdden ech se durich eng Passette op deen aafgekéielten Roux. Ënner stännigem réiren loossen ech datt Ganzt opkooschen, dann driien ech d’Hëtzt raaf an loossen meng Zooss op mannst eng goud halef Stonn op niddriger Hëtzt auskooschen.

    Während dem Auskooschen würzen ech meng Zooss mat Salz, Cayennepeffer an Muskot. Ech hualen fir wäiss Zoossen meestens Cayennepeffer, deen liist sech ganz op an hannerlisst keng schwarz Punkten wie de Peffer. An der Schull han mir ëmmer gesoot krii dann geségt deng Zooss net aus wie wann een mat enger Zigarette drann geäscht hat.

    No der halwer Stonn mëschen ech dann na de Schmand drënner, erhëtzen Zooss, loossen se äwer net mi kooschen.

    TIPP: fir na mi eng sämig Zooss kanns du den Schmand mat Eijiäll vermëschen an datt dann drënner mëschen, dann äwer goud oppassen datt Zooss net mi kooscht!

    4. Dann kënnt alles beineen.

    Lo mëschen ech datt gewürfelt Houhn, d’Muurten, Kooschelen an Iärbessen an evtl. Spargelen drënner, loossen alles op niddriger Hëtzt durich zéien bis et waarem ass. Zooss schmaaschen ech dann na mat bëssen Zitrounensaaft aaf.

    Wie zervéiren ech de Fricasée de Poule?

    Traditionelle jiët den Fricassée mat Reis zervéiert, well deen die crèmig Zooss perfekt ophëllt, goud passt äwer o Salzgromperen, Gromperenpürée oder Fritten. Viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer, datt brengt Frëschheet an Faaref.

    Eent Rezept graad su goud wie eis Pastéitchen!

    • Et ass einfasch zouzebreeden.
    • Et ass crèmig, würzig an einfasch köstlich.
    • Et ass een perfekten Menü fir die ganz Familjen.
    • Du kanns et virbereeden an anfréiren.

    Fazit

    Fricassée de Poule oder Pastéitchen ass een zéktloosen Klassiker, deen mat einfaschen Zutaten an bëssen Gedold eent rischtig köstlischt Ässen erjiët. D’Mëschung aus zartem Houhn, crémig Zooss an knackigt Geméiss ass perfekt. Looss mech woossen wie dir dëst Rezept gefallen hat! Schreif mir een Kommentar oder deel dengt Kreatioun ënnert dem #beijosiane.

    Gouden Appetit!

    Fricassée de Poule

    Rezept von Josiane
    Portiounen

    4

    Portiounen
    Virberreedungszékt

    40

    Minuten
    Kooschzékt

    30

    Minuten

    Zutaten

    • 600 g gekooschtent Zoppenhouhn, gewürfelt

    • 40 g Botter

    • 40 g Miähl

    • 700 ml Houhnerbréit

    • Salz, Peffer an Muskot

    • 150 ml Schmand

    • Optional: 2 Eijiäll

    • 100 g Muurten, an dënn Scheiwen geschnidden

    • 100 g Kooschelen, an dënn Scheiwen geschnidden

    • 100 g Iärbessen TK

    • Optional: 100 g Spargelen, an Stecker van 1,5cm längt schnégden

    • 1 EL – 2 EL Zitrounensaaft

    • gehackten Péitersilich fir Garnitur

    Zoubereedung

    • Wanns du deng Houhn na kooschen muss: d’Houhn leen ech an eent gruusst Dëppen, schëdden kaalt Waasser drop an leen Zoppengeméiss dobäi, datt wor bei mir dës kéirer, Poretten, Muurten, Péitersilich, Ënnen, Zellerie an Navet. Van Gewüzer han ech Salz, Päfferkären, Neelcheskäpp an Lorbeerbläder gehollt. D’Päfferkären zerdrecken ech liit, sie sollen äwer net fein gemahlen sen. D’Bréit loossen ech dann opkooschen, schäimen se aaf an op niddirger Hëtzt lossen ech mengt Houhn kooschen bis et durich gar ass. Datt kann, deemno wie déck dengt Zoppenhohun ass 3-5 Stonnen dauren. Du kanns alternativ natiirlich o Pouletfilet hualen, datt brengt äwer lang net den gouden Goût wie eent Zoppenhouhn.
    • An engem waarmen Dëppen loossen ech op niddriger Hëtzt den Botter schmëlzen, subal deen aafäkt mat spruddelen mëschen ech d’Miähl drënner an réisteren datt kuurz mat aan, äwer ouni datt et Faaref krëtt. De Roux setzen ech op Ségt an loossen en aafkéilen.
    • D’Muurten blanchéiren ech fir 4-5 Min an der kooschender Bréit, déi hualen ech mat engem Schaumläffel raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
    • D’Kooschelen blanchéiren ech o fir 4-5 Min. an der kooschender Bréit, hualen se mat engem Schaumläffel raus an brooden se an waarmer Botter goldbrong an, su setzen ech se op Ségt bis ech se brausch.
    • D’Iärbessen hualen ech aus der Truh an loossen se entdiien.
    • Optional: Spargelen, déi blanchéieren ech fir 4-5 Min, an der kooschender Bréit, hualen se mat engem Schaumläffel raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch
    • Die kooschend Bréit schëdden ech durich eng Passette op deen aafgekéilten Roux, an ënner stännigem Réiren loossen ech Zooss opkooschen, dann driien ech d’Hëtzt raaf an loossen meng Zooss eng goud halef Stonn auskooschen. Ech würzen se mat Salz, Peffer an Muskot.
    • Als nächst schëdden ech den Schmand an meng Zooss, erhëtzen alles, loossen Zooss äwer net mi kooschen. Optional, fir na mi eent crèmigt Ergebnis kanns du de Schmand mam Eijiiäll mëschen, dann äwer goud oppassen datt Zooss net mi kooscht.
    • Dann mëschen ech d’Fleesch, an datt ganzt Geméiss drënner, erhëtzen alles an schmaaschen mein Fricassée mat bëssen Zitrounensaaft aaf.
    • Op Telleren verdeelen, die gewënschten Beilaag dobäi leen an mat gehacktem Péitersilich garnéiert zervéiren.
    • Gouden Appetit!

    Hinterlasse einen Kommentar

    Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

    *