Gefligelbouletten

Egal matt watt fir engem Gehacktes geschafft jëtt, et soll ënnerhalb van 24 Stonnen verschafft oder angefruaren sen.

Bei Gefligelgehacktes as et su, well et ganz dachs mat Trichinen oder Salmonellen behaft as, an su eng Gesondheetsgefor darstellen kann, duaref et net verkooft jiänn. Mëttlerweil hat „Hackfleischverordung“ äwer matgedeelt, datt Gefligel- an Wëld-Gehacktes am riien Zoustand verkooft jiänn duaref – Su as et an Däischland, ech han äwer näist fir Lëtzebuerg doriwer fond.

Gefligelbouletten selwer maan

Gefligelbouletten sën gar net su komplizéiert ze maan. Du kanns Fleesch ganz einfasch mat engem scharefen Messer kleng hacken.

Oder du schnégs Fleesch an Streifen van ongeféier 0,5 cm, dann ausgebreet op een mat Folie ausgeleiten Teller leen, weenst der Hygiène o eng Folie driwer zéien, an fir ongeféier 25 Min. ant Truh stellen. Dann mam Mixer Portiounsweis kleng hacken. Mixen brausch net mi lang wie 5-6 Sekonnen. Dofir an Portiounen, am Fall wann eng Sendung ze lang gemixt jëtt kann een et mam Rest mëschen an et fällt net mi op.

Gehacktes preparéiren

Poulet hat net fill Fett, su datt een dovaan ausgoen kann datt dës Bouletten zimlech drëchen jiänn. Du kanns Fett ënnermëschen an deems du einfasch Ualeg oder Botter mat ënnermëschs. Oder watt vill besser schmëcht du mëchs gebroodend kleng gewürfelt Geméiss drënner. Watt fir eent Geméiss datts du hëlls as egal, ech han fir meng Bouletten Ënnen, Knuawléck an gedrëchent Tomaten gehollt. Eng Mëschung aus Muurten, Courgetten, Ënnen an Knuawléck as bestëmmt o goud. Oder mat kleng gewürfeltem Paprika, Ënnen an Knuawléck…

Nodeems ech alles kleng gewürfelt han, han ech Ënnen am waarmen Fett, sching gold brong gebrooden. Hëtzt raaf driien, soss brennt dir deen Rest aan. Dann han ech den gehackten Knuawléck, die gehackten gedrëchent Tomaten an italienisch Gewürzmëschung mat aangebrooden. Dës Mëschnung han ech dann komplett auskéilen geloss, well se mir äwer na bëssen drëchen virkommen as, han ech bëssen Olivenualeg mat ënnergemëscht. Dës Gewürzmëschung han ech dann mat engem Ei, bëssen Panéiermiähl, Salz an Peffer ënnert Gehacktes gemëscht. Bouletten geformt an déi gebrooden.

Eintopf mat Gefligelbouletten

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

1

Stunde 
Kooschzéckt

1

Stunde 

Zutaten

  • Fir Gehacktes
  • 3 Pouletfilet

  • 2 gehackten Ënnen

  • 2 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 50 g gehackten gedrëchent Tomaten

  • 1-2 TL gedrëchent italienisch Kégder

  • 1 Ei

  • 75g-100g Panéiermiähl

  • Peffer & Salz

  • evtl. 3-4 EL Olivenualeg

  • Fir den Eintopf
  • gebrooden Gefligelbouletten

  • 400 g wäiss Bungen (1 Bëchs)

  • 2 gehackten Ënnen

  • 3 gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 250 g an dënn Streifen geschniddene Kappes, wäissen oder Wirsing

  • 100 ml Houhnerbréit

  • 400 g Pelati (Tomate Pelée, 1 Bëchs)

  • 1-2 TL gedrëchent italienisch Krégder

  • Peffer & Salz

  • Olivenualeg fir ze brooden

Zoubereedung

  • Gefligelbouletten
  • An enger waarmer Pann Ualeg erhëtzen an d’Ënnen brooden se sching gold brong sen. Hëtzt raaf driien.
  • De Knuawléck, Tomaten an Gewürzer ënnermëschen an kuurz mat brooden. Komplett auskéilen loossen. Wann dës Mëschung ze drëchen as, 3-4 EL Olivenualeg ënnermëschen.
  • Pouletfleesch, wie uawen beschriwen, kleng hacken.
  • Gewürzmëschung, Ei, Peffer & Salz ënnermëschen. Panéiermiähl mëschen ech ëmmer Läffelweis drënner, bis Konsistenz goud as.
  • Am waarmen Fett Bouletten brooden an op Ségt stellen.
  • Fir den Eintopf
  • Die wäiss Bungen aafschëdden an grëndlich ënner kaalem Waasser aafwäschen, goud aafdrëpsen loossen.
  • An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzen, d’Ënnen glasig aanbrooden.
  • De Knuawléck ënnermëschen an kuurz mat brooden.
  • Als nächst den Kappes oder Wirsing ënnermëschen an brooden. Beim Wirsing kënnt bëssen mi Faaref ant Spill.
  • Mat der Halschent van der Houhnerbréit aafläschen, su datt sech Röstaromen vam Buadem liiesen. Déi komplette ankooschen loossen, dann deen Rest drop schëdden an bis op Halschent reduzéiren.
  • Dann de Pelati drop schëdden, opkooschen loossen, schmaaschen an mat deen italiensichen Krégder, Peffer & Salz würzen.
  • Zum Schluss, Bungen an Bouletten ënnermëschen, op niddreger Hëtzt an mat Deckel datt Ganzt ongeféier 25 Min.-30 Min. kooschen loossen.
  • Dobäi han ech na Nuddeln gekooscht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*