Gyros – Schawarma – Döner Kebap

Gyros

Tratitionelle jëtt den Gyros an Griechenland mat Schwéngefleesch gemaat. Fleesch jëtt an Scheiwen geschnidden an enger Mariande mat Olivenualeg, Zitrounensaaft an verschidden Gewürzer marinéiert. Dann jëtt Fleesch opgespiesst an ënner stännigem driien om Grill gebrooden.

Gyros bedeit iwersatt “driien”. De Spiess jëtt vertikal gegrillt, datt déint dozou, datt sämtlich Schischten Fleesch mateneen verschmëlzt. Mat engem scharefen Messer jiän dënn Scheiwen raaf geschnidden an Fleesch jëtt dann mat enger wäisser kaaler Zooss an Geméiss zervéiert.

Schawarma

An su kommen mir bei den Schawarma, Schawarma kënnt aus der arabischer Këchen, an hat sech iwert den Nohen Osten an Europa an Weltwegt ausgebreed.

Schawarma as urspünglich mat Hammel- oder Lammfleesch zoubereed jiänn. Hogt jëtt äwer o Rand an Gefligel dofir geholt. An o hei jëtt Fleesch viraam opspiessen paar Stonnen an enger Marinade aus Zitrounensaaft an vill anner Gewürzer marinéiert. Zervéiert jëtt den Schawarma meest angerullt an engem dënnen Fladenbrugt zesaammen mat Tahina (Sesampast), Geméiss an frëschen Krégder.

Gegrillt jëtt den Schawaram selwischt wie den Gyros, et jëtt op engem senkrechten Spiess opgespiessen, gegrillt an mat engem gruussen scharefen Messer jiänn ganz dënn Scheiwen aafgeschnidden.

Döner Kebap

Döner Kebap as bekannt aus der türkischer Këchen, an o hei jëtt Fleesch opgespiesst an vertikal van der Segt gegrillt. Een Spiess besteht üblicherweis aus 4-5 Laagen mooert an Gewürzer angleitent Fleesch, an dann kënnt eng Schischt mit fett Fleesch drop, dobäi as opzepassen datt den Fettaandeel net iwert 20% leien soll.

Zoubereedung van Fleesch am Spiess hat an Anatolien eng lang Traditioun. Ursprünglich as fir den Döner Rand oder Lammfleesch genotzt jiänn. Ausserhalb van der Türkei as äwer o Verwendung van Kaleffleesch oder Gefligel üblich. Hei an Europa hat den Döner sech zu engem beléiften Streetfood entweckelt, während an der Türkei den Döner vam Teller gäss jëtt.

Datt den Döner am Fladenbrugt mat Zaloot an Zooss zervéiert jëtt as an Däitschland erfond jiänn, genau wie den Dürüm datt as datt selwischt Fleesch, Zooss an Geméiss, just datt et an engem dënnen Fladenburgt angerullt jëtt.


Ween lo deen ischten wor deen grillen su am Speiss erfond hat as net wirklich nozeweisen. All Land hat o seng eegen an äwer ähnlich Gewürzmëschungen, an wie et ganz dachs as, sen Gewürzmëschungen meestens o na Regional. Su datt iwerall ëmmer Ënnerscheeder sen.

Ech han verschidden Rezepter probéiert, an han lo ganz einfach meng eegen Kreatioun beineengesatt.

Gyros – Schawarma – Döner Kebap

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portionen

4

Portionen
Zubereitungszeit

30

Minuten
Kochzeit

40

Minuten

Ech han Spearmint gehollt; Spearmint as eng Mënzplanz déi vill mi intensiv am Goût as wie deen normalen Peffermënz.

Watt brausch ech?

  • 500 g Fleesch (Rand, Kalef, Schwéng, Poulet oder Pute)

  • 1,5 TL Salz

  • 1 TL Oregano

  • 0,5 TL Thymian

  • 0,5 TL Rosmarin

  • 1 TL Kreuzkümmel

  • 1 TL Majoran

  • 1 TL schwarze Peffer

  • 0,5 TL Chiliflocken

  • 0,5 TL Kardamom

  • 0,5 TL Canelle

  • 0,5 TL Paprikapolwer

  • 0,5 TL gemahlen Neelcheskäpp

  • 0,5 TL Muskot

  • 4-5 Bläder frësch gehackten Mënz

  • 6 EL Olivenualeg

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 1 gehackten Ënn

Wie jëtt gekooscht

  • Die Ganz Krégder kanns du frësch oder gedrëchent hualen, Rezept as su geschriwen mat gedrëchente Krégder. Hëlls du frësch Krégder dann huale selwischt vill van allem, Oregano, Majoran, Rosmarin an Thymian, sen all Krégder die zimlich starik am Aroma sen, an sech all goud ergänzen. Am gedrëchenten Zoustand verléiren verschidden van deene Krégder vill van hirem Aroma dofir deen Ennerscheed.
  • Hat een lo een Grill mat Spiess, kann een Fleesch do drop Schischten, an su grillen.
  • Fleesch an ganz dënn Streifen schnegden, datt geht am besten wanns du 1 Stonn an Truh lees an et dann schnegs.
  • Die ganz Gewürzer, Olivenualeg an Zitrounensaaft mëschen, Fleesch ënnermëschen an op manns 3-4 Stonnen am besten iwert Nait marinéiren.
  • Dann jëtt datt Ganzt an der Pann kräftig gebrooden. Als Beilaag steht dir die ganz Welt vam Geméiss zur Verfügung, eng einfasch Zaloot, am Essig angeleiten Kappes, Quellmännercher oder Fritten oder einfasch am Fladenbrugt mat enger Zooss…

Op mengem Bild Fleesch mat Auberginenhummus, deen ech äwer net selwer gemaat han, an Joghurt-Sauerrahm-Dipp.

Gyros – Shawarma – Döner

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*