Italienisch Kregdermëschung

Hogt deelen ech eent Rezept mat dir, datt net nëmmen an der italienischer Këchen onverzichtbar ass, mais a an villen anneren Këchen weltwegt an den Ansatz kënnt. D’Zoubereedung van enger hausgemaater italienischer Kregdermëschung. Dës Mëschung besteht aus goud rauschenden Kregder an jëtt all Menü een authentischen mediterranen Goût.

Die italienisch Kregdermëschung, o bekannt als “italian seasoning” reecht bis an datt aalt Roum zereck. Fir dem Ässen Goût an Aroma ze jänn sen an der réimischer Këchen deemols well Kregder wie Rosmarin, Oregano an Basilikum verschafft jänn. Am Loof van der Zeckt han sech dës Kregder iwer ganz Italien an weltwegt verbreet, an jänn an villen internationalen Këchen verschafft.

Fir dës Mëschung ze maan brausch ech:

  • eng Schossel
  • een Läffel
  • eent Loftdicht verschléissbart Dëppchen oder Glas

Zutaten

  • Oregano
  • Basilikum
  • Thymian
  • Rosmarin
  • Salbei
  • Optional: Salbei, Majoran an anner italienisch Krégder

Zoubereedung

Sämtlich Kregder mateneen vermëschen an loftdicht verschléissen.

Verfeinere kann een des Mëschnung na mat anneren Italienischen Kregder. Ech han des kéier an meng Mëschung 1 TL Lavendel mat ënnergemëscht. Mam Lavendel sparsam ëmgoen, en as zimlich dominant an iwerdeck dann den Goût van deen anneren Kregder.

Des Mëschung klappt natiirlech o mat frëschen Kregder zu gleichen Deele gehackten Oregano, gehackten Basilikum gehackten Thymian an gehackten Rosmarin an een halwen Deel gehackten Salbei.

Tipps

Hual hiiwärtig gerëchent Kregder, fir deen besten Geschmaasch ze kreien.

Kregder op enger kéiler, drëchener Platz an loftdicht verschlossen lageren, fir Frëschheet ze erhalen.

Varianten

Experimentéier mam Mëschverhältnis et jänn Mëschungen déi hualen mi Rosmarin an manner Oregano.

Fir bëssen mi Feier kanns du bëssen Chiliflocken ënnermëschen.

Probéier anner mediterran Kregder, wie z.B. Majoran oder Bungenkrogt.

Italienisch Kregdermëschung

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 4 EL Oregano

  • 4 EL Basilikum

  • 2 EL Thymian

  • 2 EL Rosmarin

  • 2 TL Salbei

  • optional: 1 TL Lavendel

Zoubereedung

  • Sämtlich Kregder mateneen vermëschen, an engem Loftdicht zouene Dëppchen op enger kéiler drëchener Platz lageren.
  • Du kanns dës Mëschung o mat frëschen Kregder zoubereeden an deems du gehackten-Oregano, -Basilikum, -Rosmarin an -Thymian zu gleichen Deeler an een halwen Deel Salbei mateneen vermëchs.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*