Et jiän Rezepter, déi kennt jidfereen, äwer kaum een wees genau wie die richtig Quiche gemaat jiët, Jidfereen hat se well gäss, dài wie een traurigen Eierkousch ausgesehen oder wie eng Schmandbomm geschmaascht han. Die 2 Saaschen sen eigentlich net d’Iddi van enger Quiche Lorraine. Die wirklich Quiche ass eigentlich ganz simpel. Deeg, Speck, Ei Schmand, an e bëssen Kiiss. Keng Poretten, keen Spinat, keng Ënnen, datt ass alles rischt mi spéit erfond jiän.
D’Originalversioun aus Lothringen kënnt bal ganz ouni Kiiss aus, bei mir kënnt äwer bëssen Gruyère dran, well et einfasch besser schmëcht an ech keen Traditionalist sen, deen selch selwer jiät virmëcht. Ech maan o eng Mëschung aus Ham an Speck dran an paar Ënnen duarefen bei mir o net fehlen. Rengen Speck ass mir ze eendimensional salzig an d’Ham brengt bëssen mi Fleesch ouni zousätzlicht Fett. Du kanns se for loossen, dann bas du mi no aam Original.
Bei der Quiche jieet et eigentlich em eent Gläichgewiit zwëschen Deeg, deen net durichweecht, enger Fëllung, déi fest jiët, äwer net steif, an engem Goût van Speck deen de ganzen Raum fëllt, ouni datt et am Enn nëmmen no Salz schmëcht. Datt krëtt een hin, wann een genau versteh watt, wu passéiert an genau do fänken ech aan.
Watt ech brausch
- Fir den Deeg brausch ech MIähl, kaalen Botter, Ei, Salz an evtl. kaalt Waasser.
- Fir d’Fëllung hualen ech zu gläichen Deeler Speckwürfel han Hammwürfel an Ënnen déi ech o kleng Würfelen.
- De Flan besteht aus Schmand, Eier, Gruyère, Salz, Päffer an Muskot
An fir d’Form jiët o na bëssen Botter gebrauscht.
Eng kleng Bemiärikung am Rand, ech hualen meestens nëmmen Schmand, keen light an well gar keng kulinarisch Crème, datt mëcht datt Ganzt mi stabil an et schmëcht einfasch besser. Et kann een o Schmand am Mëlich am Verhältnis 2:1 mëschen, dodurich bleift Quiche an hierer Konsistenz mi wackelig, an net su räich aan Goût. Die 2 Saaschen fonktionéieren, du entscheeds, watts du dir deen Daag gönnen wëlls.
D’Fëllung
D’Fëllung breeden ech firtischt zou, dofir leen ech de Speck, ouni Fett, an eng kaal Pann an driien dann rischt Hëtzt op die mëttelst Stuuf. Datt dauert dann een Moment, dann fängt heen mat Brutzeln an d’Fett trëtt aus. do mëschen ech dann d’Ënnen an d’Hamm drënner, su loosen ech alles brooden bis et eng sching goldig-brong Faaref krii hat. De Speck an d’Ham kannen ruhig liit Röstaromen entweckelen, su entsteht nämlich deen eigentlichen Goût van enger Quiche.
D’Fleesch mat den Ënnen schëdden ech dann op Këchenpapeier an verdeelen et bëssen, su jiët ierschëssigt Fett vam Papier opgesuckelt an, an d’Fëllung jiët su crémig an neg fettig.
Zum Flan, dofir mëschen ech de Schmand mat den Eier an de Gewürzer, net opschloen, just vermëschen. Du kanns ruhig eng kéier de Fanger dran zoppen an schmaaschen, (jo o mat riihem Ei wärst du et iwerliäwen) d’Mass soll schon ronn schmaaschen an net nëmmen no Schmand mat Ei.
Den Deeg
Mëchs du dein Deeg selwer, Miähl an Salz jiän an enger Schossel oder op der Aarbichtsplaque vermëscht. Dann kënnt deen kaalen gewürfelten Botter dobäi an du zerreifs datt zwëschen den Händ, bis et ausgesegt wie grawen Sand mat paar mi grussen Botterstecker drënner. Net mi lang kniädden wie nigdig. Subal de Botter ganz verschwonnen ass an alles glatt jiët, hass du e ze waarem gemaat an den Deeg jiët spéider ziih am Platz bröckelig. Die kleng Botterstecker, déi iwerig bleiwen schmelzen am Schiäffchien an hannerlossen kleng Lofttäschen, datt ass den Ënnerscheed zwëschen „Mürbe“ an „Fest“ wie een Kéichelchen.
Dann d’Ei dobäi, kuurz anschaffe, an wann den Deeg lo net zesaammenhält, dann bëssen kaalt Waasser dobäi mëschen. Den Deeg soll zesammenhaalen subals du en an der Hand zesaammen drecks, en soll sech äwer net pëchig aanféihlen. Dann jiët en an Folie angeweckelt an fir eng goud halef Stonn an de Frigo geleit. De Botter soll rem hart jiän, soss zerfällt dir den Deeg während dem Ausrullen an de Gluten brausch eng Paus, soss zéiht den Deeg sech während dem Baaschen zesaammen.
Hëlls du een fiärdigen Deeg aus dem Buttik, watt o OK ass, fir jidefreen deen net die Zekt fir Handaarbicht hat, pass beim Koof dodrop op, datt et keen mat Zocker ass.
No der Zekt am Frigo rulls den dein Deeg aus, bëssen mi gruuss wie d’Form (24-26 cm) dann jiët en an d’Form geleit an aam Rand hii gedreckt, De Buadem jiët mat enger Forschette paar mal angepickt. Dann na eng kéier kuurz kaal stellen, während de Schiäffchien op 200 °C virhëtzt. De Buadem kanns du dann fir 10 Min. blann baaschen. Mat Baaschpapaier driwer an jiät mi schwéirem drop, wie z.B. Räis, Iärbëssen oder Keramikkujielen, fir datt den Deeg platt an der Form bleift. Dono hëlls du den Papaier mam Gewiit raaf an baachs en na eng kéier fir paar Min. bis en eng liit goldig Faaref hat.

Zesaammenbauen an den Moment am Schiäffchien
Op mengem Deeg verdeelen ech lo meng Fleesch-Ënnenmëschung, do driwer streien ech de Kiiss, an rischt dann schëdden ech viirichtig den Flan driwer. D’Reihenfolg ass bewosst su opgebaut. mëchs du well alles oder du schëdds de Flan firtischt dran an denn deen Rest, schwëmmt alles Uawen drop an du krëss eng zii Krust. Su fléisst d’Flëesigkeet zwëschen die fest Stecker an alles verdeelt sch gläichmässig.
Am waarmen Schiäffchien, bei 180 °C baaschen ech meng Quiche dann fir ongeféier 30 bis 35 Min. Datt ass äwer nëmmen eng ongeféier Zektangab. Du erkenns deen richtigen Moment dodran, Wann d’Quich goldbrong jiët, liit opjeet an an der Mëtt net mi blänkig ass mee matt an na ganz liit wabbelig, wanns du d’Form liit rësels. Datt as su wie bei engem Wackelpudding deen graad fest jiän ass. en beweegt sech nat bëssen ass äwer net mi Flëssig. Jiët d’Mëtt komplett fest an et enstinn Rëss, wor sie ze lang dran an d’Fëllung jiët kärig am platz crèmig. Datt passéiert wan d’Ei ze vill Hëtzt krëtt an aafängt ze gerënnen wie bei Eiertriwwel. am platz sech sämig mam Schmand ze verbannen.
Bas du dir onsëcher, léiwer ze fréh raus hualen an iwerpréifen, wie nozekucken wie aus denger Quiche een Eierkousch mat Sprenkeln jiët.
Zum Schluss
Loss d’Quiche noom Schiäffchien na op mannst 10 Min. ruhen, befirs du se aanschnegs. Sie brausch déi Zekt, fir sech ze setzen, soss leeft dir alles vam Teller, am Platz aam Steck ze bleiwen. Am besten schmëcht sie suwiesu, liit waarem, net gléidig aus dem Schiäffchien. Su hat sech de Goût komplett entweckelt an verdeelt.
Et kann o bëssen experimentéiert jiän, Noom Baaschen bëssen Bratzelen driwer verdeelen, datt brengt eng liit Frëscheet ouni d’Klassik ze verooden. An wann den Schmand zevill ass, ersetz 1/3 durich Mëlich, du verléiers bëssen crèmigkeet, gewënns äwer mi Liitegkeet. Et ass deng Këchen, am Enn zällt, datts du verstehs, watts du do mëchs an net datts du dech streng aan Angaben van engem Rezept hälls.
Quiche Lorraine
Schwierigkeit: mëttel1
Quiche30
Minuten35
MinutenZutaten
- Fir den Deeg
125 g Miähl
65 g kaalen Botter
3 g Salz
1 EI
evtl. 25 ml kaalt Waasser
- Fir Garnitur
80 g kleng gewürfelten gerreecherten Speck
40 g gehackten Ënnen
- Fir den Flan
400 ml Rahm
3 Eier
Peffer an Muskot
40 g geraspelten schweizer Kiiss
Zoubereedung
- Fir den Deeg
- Miähl mat der Botter graff vermëschen. Salz ënnermëschen an mam Eu zu engem Deeg kniädden. Net ze lang kniädden, et sollen na Botterstecker ze gesehen sen. Deemno watt fir eent Miähl datts du hëlls, kann et sen datts du bëssen Waasser brauchs. Den Deeg soll sech goud van der Aarbichtsplaque liiesen an net pëchig sen.
- Den Deeg an Folie anweckelen an fir 30 Min. an den Frigo leen.
- Den Deeg ausrullen an eng gebottert Taarteform leen an mat enger Forschette paar mol anpicken. An fir die Zekt wu den Schiäffchien op 200 °C Iäwischt- an Ënnichthëtzt virwiäremt zereck an de Frigo setzen.
- Op den Deeg Baaschpapaier leen an mat z.B. Räis, Iärbëssen oder Keramikkujelen beschwéiren. den Deeg su fir ongeféier 10 MIn. bei 200 °C am virgewiäremten Schiäffchien baaschen. Dono de Papeier mam Gewiit raaf hualen an den Deeg na eng kéier zereck an de Schiäffchien setzen bis en Goldbrong ass.
- Garnitur
- De Speck an eng kaal Pann leen, dann op mëttel Hëtzt driien an en gemellig brooden loossen, su datt Fett auszéihen kann, dann d’Ënnen an d’Ham drënner mëschen an alles su lang brooden bis et goldbrong ass.
- Op Këchenpapeir aafdrëpsen loossen.
- Ënnen-Speck-Mëschung om Deeg verdeelen. An de Kiis driwer streien.
- Flan
- De Flan driwer schëdden.
- Am waarmen Schiäffchen bei 180 °C fir ongeféier 30-35 Min. baaschen. Du erkenns deen richtigen Moment dodran, Wann d’Quich goldbrong jiët, liit opjeet an an der Mëtt net mi blänkig ass mee matt an na ganz liit wabbelig, wanns du d’Form liit rësels
- 10 Min. ruhen loossen, dann opschnegden.