Wann ech su durich d’Internet kucken stuussen ech ëmmer op Rezepter, déi mech faszinéiren, su wor et o bei dësem. Mol eng kéier een Dessert, een deen bei dësen Temperaturen su eng rischtig Erfrëschung ass. Een Dessert aus Joghurt, Schlaagsahn, gemëschten Friischten, an enger Erdiärzooss.
De Joghurt wie hat alles aagefongen?
Dës Geschicht fänkt net an enger „Hipster-Patisserie“ aan, mee an de Steppen van Zentralasien. Viraan 5000 Joer han d’Nomaden d’Mëlich an Geesenhogt transportéiert. Durich die gruuss Temeraturennerscheeder van Daags iwer extrem waarem an Näits kaal. D‘Mëlich ass van ganz aleng gesäiert an angedeckt. Aus dem Zoufall ass Methoud jiän, de Joghurt wor gebuaren, eent natiirlicht Ergebnis aus Mëlichsäierbakterien. Deemools hat een well erkannt, datt fermentéiert Mëlich mi lang haltbar wor, mi liit verdaulich an die nigdig Energie fir lang Wanderungen geliwert hat.
Des Kulturen han iwert Joerhonnerten durich den Handel den Weeg an Anatolien, Balkan an schlussendlich Mëttel- an Westeuropa fond. Mat all Stopp hat den Joghurt regional Nuancen opgehollt. Mol mat Schoof- mol mat Büffel- oder Kouhmëlich, gewürzt mat Hunnig, Safran oder Krégder. Bei eis ass den Joghurt rischtig poulär jiän wie griechisch Gastaarbischter an den 60iger Joeren hir cremig Variante matbräit han an gläichzegtig die ischt Kéihlketten flächendeckend fonktionéiert han. Den Frigo hat Fermentatioun demokratiséiert, watt deemols Iwerliäwenstechnik wor ass zu engem bléiften Snack jiän.

Van der „bombe glacée“ zur Joghurtbomm
Den Naam „Bomm“ kënnt aus der eleganter Welt van der franiischer Belle Époque. August Escoffier hat Enn vam 19ten Joerhonnert halefronn Metallformen mat Glaceschichten an Friischten durich gefruaren. Déi sen dann op sching Telleren gestiirzt jiän „Bombe glacée“. D’Form hat aan aal Artilleriebommen erënnert, dohiär den Naam.
An den 80er Joeren ass du een Deel vam Schmand durich Joghurt ersatt jiän, ausserdeem jiët se net gefruaren. D’Friischten jiän o net mi bannen dran verstoppt, mee rondrëm geleit. Getopp kann datt Ganzt mat enger Erdbiärzooss, enger Rhubarszoss, oder irgend enger annerer Friischtenzooss, zerbröselt Amaretti oder geréistert Haselnëss.
D’Zutaten
De Joghurt, ech hualen jiären een Joghurt griechisch Art, deen ass mi cremig an brengt eng stabil Textur.
De Schmand klappen ech zu Schlaagsahn, datt Ganzt jiët vermëscht mat Zocker an Vanillezocker an dann ënnert den Joghurt gemëscht. Am Platz vam Industrizocker kanns du o Hunnig hualen, deen ass mi mëll an brengt een liiten Bléihenaroma.

Als knusperigen Topping steht dir o alles op, op geréistert Mandelen, Haselnëss, zerbröselt Amaretti oder Speculatius, alles passt.
D’Friischten han ech eng Mëschung aus Hambiär, Pärdsbiär, Moolbiär an Erdbiär gehollt. Am Gaart han ech dann na zégdig rugd an gréin Grischelen fond déi ech o na mat drënner gemëscht han. Fir na bëssen mi Frëscheet mëschen ech dann na gehackten Mënz ënnert Friischten Du kanns deng Friischten na mat Hunnig oder Zocker mëschen, ech han datt net gemaat.
Ech hualen eng Sei oder eng Passette do leen ech eent propert Handdousch dran, an schëdden d’Joghurt-Schlaagsahnmëschung dran. Klappen et zou oder leen een Deckel drop. Datt setzen ech an eng Schossel an stellen et iwert Nait an de Frigo su datt iwerschëssig Molke aafléissen kann.
Geléierhëlef, brausch ech keng, soll et äwer siier goen kanns du Agar-Agar ënnert deng Joghurtmëschung réiren.
Den Daag drop stiirzen ech dës Joghurtbomm op een gruusen Teller, D’Fiirschten leen ech rondrëm an schëdden meng Frischtenzooss driwer. Ech han Amaretti gehollt an déi na driwer gebröselt.
Firwatt datt Ganzt o ouni Hightech noohaltig ass.
Molke kann verwiärt jiän, an engem Smoothie, an engem Brugddeeg oder sugar fir deng Planzen.
Zevill Obst? Koosch deen Rest mat bëssen Hunnig an, an d’Glas waart an der Spënnchen wann den Wanterblues kënnt.
Haselnëss oder Mandelen direkt an mi gruussen Menger réisteren. Lofdicht verpackt haalen déi sech iwert Meent.

Fazit
Wann dann deen ischten Läffel van dëser Bomm op dengem Teller legt, ass et bëssen mi wie nëmmen een Dessert. Alles watt an dëser einfascher Kuppel stëcht, erzällt Geschichten vam Nomadenzelt bis an die Paräiser Patisserien. Gärung wor een Rettungsanker, die opulent Form ass jiät fir die fein Gesellschaft, an de Joghurt liwert eng mi liit Alternative.
Eent Rezept muss net hypermodern sen fir relevant ze wiriken. Et jieet dar, wann een eng goud Geschicht am Gepäck hat. All Joghurtbomm schmëcht wie eng kleng Zektréis ouni vill Schnick-Schnack just mat engem Läffel an Frëndschaft.
Joghurtbomm
Schwierigkeit: einfasch8
Portiounen24
StonnenZutaten
300 ml bis 400 ml Schmand
500 g natur Joghurt, griechisch Art
150 g Zocker
1 P. Vanillezocker
1 Spurtz Zitrounensaaft
- Fir d’Friischten
500 g gemëschten frësch Friischten (Moolbiär, Hambiär, Erdbiär, Pärdsbiär…)
2 EL Mënz, graff gehackt
Optional: 2 EL Hunnig
- Fir Zooss
500 g Erdbiär
2-3 EL Hunnig oder Zocker
Zoubereedung
- De Schmand schëdden ech an eng gruuss Schossel an mam Mixer maan ech Schlaagsahn draus, subal de Schmand aafänkt mi fest ze jiän mëschen ech den Zocker drënner an réiren dann fiärdig.
- Virsichtig hiäwen ech den Joghurt an bëssen Zitrounensaaft ënnert Schlaagsahn.
- An eng Sei oder eng Passette leen ech eent propert Handdousch, do drop schëdden ech meng Joghurtmëschung, klappen se zou, setzen se op eng Schossel an su fir 12 bis 24 Stonnen an de Frigo
- Fir Zooss
- D’Erdbiär mëschen ech mam Zocker an kooschen se op. Ech püréiren se an kooschen se dann su lang op niddriger Hëtzt bis eng deckflëssig Zooss entstannen ass. Déi lossen ech komplett auskéilen.
- Hëlls du Hunnig fir deng Zooss, deen rischt drënner mëschen noodeems deng Erdbiär gekooscht han.
- Fir d’Friischten
- Den Daag drop botzen an wäschen ech d’Friischten, déi leen ech zesaammen an eng Schossel an vermëschen se.
- D’Mënz hacken ech graff an mëschen se ënnert Friischten.
- Optional kanns du bëssen Zocker oder Hunnig drënner mëschen, ech fann datt, datt net nigdig ass.
- Zervéiren
- Meng Joghurtmëschung stiirzen ech op een gruussen platten Teller, do rondrëm verdeelen ech d’Friischten, an Zooss schëdden ech iwert den Joghurt.
- Optional kanns du zerbröselt Amaretti, Speculatius oder geréistert Mandelen oder Haselnëss driwer streien.