Knusperig Chickennuggets

Iwer knusperig Chickennuggets freit sech die ganz Familjen, an mat dësem Rezept kanns du se ganz einfasch selwer maan. Firaan allem han Kanner dës kleng knusperig Köstlichkeeten jären an mat enger Conrflakespanade jänn se ganz besonnëch knusperig.

Geschicht van den Chickennuggets reech bis ant 50er Joeren zeréck, Ursprünglich sen se als siier Liesung fir deen ëmmer mi hektischen Alldaag an den USA entstannen. An sie han sech van do aan zu engem weltwégten Lieblingsimbiss entwéckelt.

Panade

Meng hausgemaaten Chickennuggets schmaaschen natiirlech vill besser wie die gekooften oder wie déi aus deene bekannten Fastfood-Ketten. An du wees ganz genau watt dran ass – zarten Pouletfilet ganz ouni kënstlich Zousätz an durich Panade kreien sie die beléiften knusperig Kuuscht.

Panade besteht genau wie die klassisch Panade nëmmen aus 3 Zutaten:

  • Miähl
  • Eier
  • Cornflakes (net gezockert)

Zoubereedung

Cornflakes kanns du ganz einfasch en enger Gefréiertuut mam Nuddelholz zerklengeren oder du zerklengers se am Mixer.

De Poulet han ech an mondgerecht Stécker geschnidden, mat Salz an Peffer gewürzt an op mannst eng goud halef Stonn durich zéien geloss, am besten ass et natiirlech sie zéien am Frigo iwert Nait druich.

INFO: De Pouletfilet kanns du ganz dengem Geschmaasch no würzen, ech han et hei ganz einfasch gehalen an se nëmmen mat Salz an Peffer gewürzt. Du kanns zousätzlich o na Currypolwer oder Paprikapolwer mat drënner mëschen. Eng lecker Variant ass o d’Fleesch mat 3 EL Sojazooss, 3 El Maizena an 3 EL Mirin ze würzen su kreien sie een liiten asiatischen Geschmaasch an d’Fleesch jëtt ganz besonnëch zart.

Als nächst bereeden ech mir meng Panéierstrooss vir, eent Dëppchen mat Miähl, eent mat den Eier an eent mat den Cornflakes. Do dran panéiren ech Chickennuggets ganz klassich. Am Miähl driien, bëssen aafklappen dann ant Ei an zum Schluss an den Cornflakes.

An enger waarmer Pann erhëtzen ech Ualeg, weent der Panade brauchst du es natiirlech bëssen mi, well Panade äwer d’Fett ophëllt. Ech han fir deem ganzen na mi een würzigen Aroma ze jänn, halef neutralen Ualeg an halef Chiliualeg gehollt. Do dran brooden ech se dann bei mëttel bis hii Hëtzt golbrong bis se durich gar sen.

Subal Cickennuggets durich gar sen, leen ech se op Këchenpapaier an loossen su iwerschëssigt Fett aafdrëpsen.

Watt passt bei knusperig Chickennuggest?

Zu knusperig gebroodene Chickennuggets passen natiirlech, Fritten, Mayonnaise an Ketchup. Goud passen äwer o Gromperen aus dem Schiäffchen, gebrooden Gromperen, Reis, oder du ëss se bei enger gemëschten Zaloot. Natiirlech duaref deen richtigen Dip net fehlen, wie z.B. eng Cocktailzooss, eng Guacamole, oder een würzigen Joghurt-Dip.

Knusperig Chickennuggets

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

15

Minuten
Marinéierzéckt

12

Stonnen

Zutaten

  • 4 Pouletfilet

  • Salz

  • Peffer

  • 300 g Cornflakes (net gezockert)

  • 4-5 EL Miähl

  • 2 Eier

  • Ualeg fir ze brooden

Zoubereedung

  • De Poulet an mondgerecht Stécker schnégden, mat Salz an Peffer no Geschmaasch würzen (ech han 2 TL Salz an 1,5 TL Peffer gehollt) an am besten iwert Nait durichzéien loossen, op manns äwer 30 Min.
  • De Cornflakes am Mixer zerklengeren, oder an eng Gefréiertuut fëllen an mam Nuddelholz driwer rullen.
  • D’Pouletstécker klassisch panéiren, firtischt am Miähl driien, dann am Ei an zum Schluss an de Cornflakes.
  • An enger waarmer Pann den Ualeg op mëttel bis hii Hëtzt wiärmen an Chickennuggets goldbrong brooden bis se durich gar sen.
  • Op Këchenpapeir aafdrëpsen loossen an mat enger gewënschter Beilaag an Dip zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*