Een Menu deen mat Reis, Nudelen oder Gromperen schmëscht. Fleesch datts du hëlls as egal. Ob Poulet, Schwéng oder Kalef, et passt. Hei am Rezept han ech lo Pouletfilet gehollt, ech maan et äwer léiwer mat engem ganzen Poulet, mat Schanken jëtt einfasch een besseren Goût.
Fir 4 Portiounen brauchst du?
- 800 g Pouletfilet
- Ualeg fir ze brooden
- 1 gehackten Ënn
- 1 kleng geschnidden Muurt
- 1 kleng geschnidden Stang Zellerikrogt
- 2 TL Currypolwer
- 125 ml wäisse Wéng
- 125 ml Fleeschbréit
- Peffer & Salz
- 3 EL Maisstärke
- 3 EL kaalt Waasser
- 125 ml Rahm
- (50 g gefruaren Iärbessen)
Wie jëtt gekooscht?
Fleesch kleng schnegden an aanbrooden, op segt stellen.
Geméiss op niddreger Hëtzt gar dënsten. Hëtzt rop driien Currypolwer kuurz aanrooden. Mam Wéng aafläschen an ankooschen loossen. Bréit drop schëdden an opkooschen loossen.
Hëtzt rëm raaf driien an datt Ganzt bëssen ankooschen loossen. Fleesch drënner mëschen, würzen an schmaaschen. Ongeféier 30 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.
Fir Zooss ze bannen, 3 EL Maisstärke an 3 EL kaalt Waasser opliesen an datt ënnermëschen.
(Die entdeeten Iärbessen drënner mëschen, ech maan datt fir Faaref ant Ässen ze kreien, an wann ech keng Frühlingszwibbelen han.)
Rahm dobäi schëdden, alles goud mëschen. Schmaaschen evtl. noowürzen.
Du kanns am Platz van der Rahm o Kokosmëlich hualen, datt schmëscht o goud. An wanns du en bëssen mi jiäll wëlls han, dann würz bëssen mat Curcuma.
Eng anner Methoud as, du kooschs Kokosmëlich mat Curcuma, an am Platz dengt Fleesch aanzebrooden kooschs du et do dran. Dann jëtt net nëmmen Zooss jiäll mais Fleesch o.
Fir den Reis
Fir 4 Portiounen brauchst du?
- 250 g Reis
- 450 ml Waasser
- (Salz)
Wie jëtt gekooscht?
Firtischt, den Reis wäschen. Firwatt den Reis wäschen, deen meesten Reis deen mir hei ze koofen kreien as poléiert. Durich poléiren entsteht Stëbs deen sech om Reiskär festsetzt. Steht den Reis lo mi lang setzt deen Stëbs sech am Pack aaf an kann oxidéieren, an do durich kann de Reis ranzig schmaaschen wann en net gewäsch jëtt.
Den Reis wäschen, grëndlich, datt heescht den Reis am kaalen Waasser schwenken. Waasser mi dachs weeselen, bis et kloer as.
Den Reis an eent Dëppen fëllen, Waasser drop schëdden an opkooschen loossen. Du kanns hei bëssen Salz dobäi maan, bei Basmatireis kënnt normal keen Salz drop. Hëtzt dann raaf driien an su lang kooschen loossen bis keen Waasser mi am Dëppen as.
Ech kooschen den Reis bëssen annecht. Fëllen alles ant Dëppen an loossen en mat Deckel opkooschen. Driien Hëtzt dann raaf an loossen halef su lang kooschen wie om Pack steht. Dann schalten ech Plaque ganz aus, an loossen den Reis op der waarmer Plaque stoen an su durchzéihen. Datt Ganzt mat Deckel. Kuurz viraam zervéiren réiren ech den Reis eng kéier op.
Mir as en nämlich eng kéier kualschwarz verbrannt, well ech net opgepasst han. 😉

Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Paprika Pasta Poulet Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten