Poulet no portugiesisch Art

Hogt probéiren ech mol een Poulet no portugiesisch Art. Dëst Ässen o bekannt als “Frango a Portuguesa” ass een Klassiker, deen fir sein gouden Aroma an seng saaftig Textur bekannt ass.

Die portugiesisch Këchen ass eng richtig Schatzkaammer aan verschidden Aromen an Gewürzer, déi van der langer Seefahrertraditioun beanflosst sen. Deen portugiesischen Poulet ass eent Paradebeispill fir die einfasch an geschmaaschvoll Zoubereedungen van portugiesischem Ässen. Historisch gesehen han die portugiesisch Seefahrer Gewürzer aus der ganzer Welt mat Heem breit, an datt spéjelt des aromatisch, liit pikant Marinade, datt dest Ässen onverwiässelbar mëcht.

Ankoofslëst fir datt Poulet no portuiesischer Art een Erfoleg jëtt.

Aus dem Buttik brengen ech mir een ganzen Poulet mat. Doheem an menger Reserve han ech Knuawkléck, dës kleng Sténkerten suarigen fir deen richtigen Geschmaasch. Paprikapolwer brengt die richtig Faaref mat ant Spill, an well den Poulet net gegrillt jëtt o na bëssen gereechert Paprikapolwer. Zitrounen suarigen fir die nigdig Frëschheet an deen richtigen Pep. An deen aromatischen Oregano prophezeit, datt dësen Poulet einfasch nëmmen goud jëtt. Olivenualeg an Botter fir datt alles deen richtigen Glanz krëtt. Natiirlech duarefen Salz an schwarze Peffer nie fehlen, déi retten all Menü.

Ausserdeem brausch ech dann na, eent schareft Messer, eent Schnégdbrett, eng Casserolle oder Pann, eng Schossel, den Schiäffchen an eent Baaschblech oder eng feierfest Form an evtl. na een Fleeschthermometer.

Tipps fir Zoubereedung van Poulet no portgiesischer Art

  1. Marinéierzéckt maximéiren: Watts du d’Fleesch mi lang marinéieres, watt den Geschmaasch mi intensiv jëtt. Probéier fir d’Fleesch iwert Nait am Frigo ze loossen.
  2. Zitrounensaaft doséiren: Den Zitrounensaaft an der Marinade jëtt dem Poulet een frëschen Aroma, pass äwer op mam doséiren, net datt d’Fleesch ze sauer jëtt. Verschidden Rezepter notzen halef Zitrounensaaft an halef Wäissewéngessig oder wäissen Wéng.
  3. Regelméissig mat der Marinade bestreichen: Zemools wanns du den Poulet om Grill zoubereeds, dachs mat der Marinade bestreichen, fir sëcherzestellen datt en saftig an aromatisch jëtt.
  4. Thermometer notzen: Fir sëcherzestellen datt den Poulet ganz durich gegart ass, notz een Thermometer, an pass do drop op datt en an der déchster Platz vam Fleesch stëcht ouni Schanken ze bréirern.
  5. Ruhzéckt: Loss den Poulet viraam zervéiren ongeféier 10 Min. ruhen, dodurich verdeelt Saaft sëch am Fleesch an et bleift saaftig.

Mat dësen Tipps bass du bestens gerëst, fir een köstlichen Poulet no portugiesisch Art zouzebreeden, deen deng Lékt beandrocken wärt!

Zoubereedung

Fir Marinade: Schiälen ech den Knauwléck an schnégden en an dënn Scheiwen.

An enger Casserolle oder Pann schëdden ech den Olivenualeg an leen den Botter mat dran. Do dran leen ech dann den Knuawléck, Paprikapolwer, gereechert Paprikapolwer, Salz, Peffer an Oregano.

Wanns du et jären mat Feier has, kanns du eng frësch, entkärt an kleng geschnidden Chilischot mat dran leen oder gedrëchent Chiliflocken, datt ass äwer jidferengem selwer iwerloss.

Dës Pann setzen ech dann op Plaque an erhëtzen se gemellig. subal d’Fett aafänkt liit ze spruddelen Pann van der Plaque zéien an den Zitrounensaaft drënner mëschen. Fir datt Marinade mi siier aafkéilt schëdden ech se an eng Schossel. Durich datt kuurzt erhëtzen verdeelen sech d’Aromen besser.

De Poulet mat engem Messer paar mol anpicken an die kaal Marinade driwer an dran verdeelen. Op mannst 2 Stonnen am Frigo durich zéien loossen, am besten iwert Nait. D’anpicken déint dozou, datt d’Marinade besser ant Fleesch anzéiht.

De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.

De Poulet op eent Baaschblech oder an eng feierfest Form leen, den Fleeschthermometer an die déchste Platz anpicken, an eng goud Stonn bis 1h15 am waaremen Schiäffchen brooden. Subal d’Hogt knusperig an eng Kärtemperatur van 75°C – 77°C erreecht ass, ass den Poulet färdig.

Ech han mein Poulet op Paprika gesatt an su brooden geloss.

Zwëschendurich kanns du den Poulet mat der rest Marinade ëmmer mol rëm anpinselen.

Viraam zervéiren den Poulet 10 Min. ruhen loossen.

Watt fir eng Beilaagen passen bei den Poulet no portugiesisch Art?

  • Gegrillten Geméiss: Ech han bei mein Poulet direkt Paprika mat ënnen ant Form geleit, all anneret gerilltent Geméiss wie Courgetten, Auberginen, Ënnen ergänzen dëst Ässen Perfekt.
  • Reis: Egal op Pilawreis, Basmati, Knuawléckreis oder een Risotto – Reis ass eng klassisch Beilaag, déi goud bei deen saaftigen Poulet passt.
  • Gromperen: Gromperen sen eng vilségtig Beilaag, déis du op verschidden Arten zoubereeden kanns. Van knusperigen Fritten, een crémigen Gromperenpürée oder aromatisch Gromperen aus dem Schiäffchen.
  • Zaloot: Eng frësch gréin Zaloot, een Shirazizaloot, oder eng Cornichonzaloot genausu wie eng Muurtenzaloot, sen eng erfrëschend Beilaag, déi den würzigen Poulet ausgläicht.
  • Brugd: Frëscht Brugd, knusperig Baguette oder eent waaremt Fladenbrugd fir die würzig Marinade opzehualen. Et ass eng einfasch äwer eng köstlich Beilaag, die d’Ässen komplett mëscht.

Experimentéier mat dësen Beilaagen an fann raus, watt fir eng Kombinatioun dir am besten gefällt. Egal fir watt datts du dech entscheeds, sie maan dësen Poulet no portugiesisch Art zu engem Festässen!

Poulet no portugiesisch Art

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

6

Portiounen
Virbereedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

1

Stunde 

15

Minuten
Marinéierzéckt

12

Stonnen

Zutaten

  • 1 ganzen Poulet

  • Fir Marinade
  • 60 ml Olivenualeg

  • 50 g Botter oder Botterschmalz

  • 4 Ziiwen Knuawléck, geschiält an dënn Scheiwen geschnidden

  • 1 TL séisst Paprikapolwer

  • 1 TL gereechert Paprikapolwer

  • 1 TL gedrëchenten Oregano

  • optional: 1 rugd Chilschote, entkärt an kleng geschnidden oder 1 TL gedrëchent Chiliflocken

  • Salz

  • schwarze Peffer

  • Saaft van 2 Zitrounen

Zoubereedung

  • Marinade
  • Den Olivenualeg an eng Casserolle schëdden an den Botter dobäi leen.
  • Die 2 Zorten Paprikapolwer, den Knuawléck, Salz, schwarze Peffer, Oregano, an wann Chili mat dran gemaat jëtt, deen o ant Casserolle leen.
  • Dës Mëschung op Kooschplaque setzen an gemellig erhëtzen, subal d’Fett aanfänkt mat spruddelen Casserolle van der Plaque zéien.
  • Zitrounensaaft dobäi schëdden an alles goud vermëschen.
  • Marinade an eng anner Schossel schëdden fir datt se mi siier aafkéilt.
  • De Poulet mat engem scharefen Messer paar mol anpicken.
  • Mat der Marinade baussen an bannen anpinselen an op mannst 2 Stonnen am Frigo durich zéien loossen, am besten iwert Nait an de Frigo stellen.
  • Den Daag drop den Poulet fréi genou aus dem Frigo hualen, fir datt d’Fleesch Raumtemperatur aanhualen kann.
  • De Schiäffchen op 200°C Iäwischt- an Ënnischthëtzt virwiärmen.
  • Op een Baaschblech oder an eng feierfest Form leen.
  • De Fleeschthermometer an die déchsten Platz vam Poulet steechen.
  • An deen waarmen Schiäffchen stellen an ongeféier 1 Stonn bis 1h15 brooden bis en baussen knusperig an bannen eng Kärtemperatur van 75°C bis 77°C erreecht hat.
  • Viraam zerwéiren 10 Min. ruhen loossen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*