Salz

Quellenangab: Bousch: Salz, Fett, Säure Hitze van Samin Nosrat

Eent goud geschriwent an getest Rezept erklärt jidferengem, wie eent Ässen ze preparéieren as, mais et brengt kengem bäi wie wirklich gekooscht jëtt. Eent Rezept sät dir just, maan genau datt watt ech dir soen, an maan der keng Gedanken iwert den “Firwatt”. Et klappt o, wanns du dich genau aant Aaweisungen hälls. Jidfereen krëtt et su irgendwie hin, an o su datt et goud schmaascht.

Wanns du awer lo eng anner Salzquell hëlls, oder Salz ganz einfasch nëmmen annëcht ansetz? Et jëtt villäicht besser?

Ech han mëch hei inspiréiren geloss vam Bousch, SALZ, FETT, SÄURE, HITZE, eent Bousch van Samin Nosrat. Wirklich liäsenswiärt. 


Watt as Salz?

Salz, eent van deene Gewürzer datt am wichtichsten an der Këchen as. Salz as net nëmmen eent Gewürz. Salz as een Geschmacksverstärker.

Salz gehiiert zu deene Basisnährstoffer, déi de Mënsch brausch fir ze iwerliäwen. De Mënsch kann net vill Salz späichern, dofir hualen mir Salz mat der Nahrung op. Datt heescht äwer lo net, dats du mi Salz solls hualen, du solls et einfach besser ansetzen. Sämtlicht Salz stammt aus dem Miär.

Direkt van Aafank aan Salz op där richtiger Platz angesatt, verbessert d’Salz dengt Ässen besser, wie wanns du iwer Dësch een hiwel Salz op Ässen schmäiss.

Fir all déi, die lo mengen suvill Salz, datt kann jo net gesond sen. Wanns du doheem frësch kooschs, an du hëlles keng Geschmacksverstärker (nenne lo keng Näm) ëss du vill manner Salz, wie wanns du gewëss Produkter hëlls fir ze würzen. Wanns du déi Produkter keefs, kuck einfach mol op Zoutatenlëst, datt watt am meesten dran as, steht op ischter Platz, an bei villen as et Salz. 

Datt meest Salz hualen mir durich vir verschaffte Liäwensmëttel op. Färdiggeriiter oder Instanpolwer enthalen ganz vill Salz. Brugd, Brigdercher, Wuuscht, Kiis…iwerall as Salz dran. 


Watt fir eent Salz as besser?

Salz fënnt een an villen Liäwensmëttel. Bei mengem Broccolizaloot notzen ech Anchoisfilet fir Zooss ze salzen, ech maan äwer net na extra Salz dran. Geméiss as durich blanchéiren o well gesalzen. 

Wanns du Salz keefs, kuck op Inhaltslëst, zemools datt einfascht Tafelsalz, do as dachs jétt mat drënner gemëscht fir datt et net pëscht. O wanns du dengt Salz probéiers, et soll salzig schmaaschen, ouni onangenehm Aromen.


Wie setzen ech Salz am besten an?

Wanns du am kooschen bas, schmaasch deng Ënnen mol, dei’s du graad am andënsten bas. Dann maan bëssen Salz dobäi an schmasch se na eng kéier. Fänk mat bëssen aan an maan no an no suvill dobäi bis et rischtisch goud fir dech schmëscht.

Firwatt salzen ech mengt Fleesch suvill mi fréih är ech et brooden? Fir datt Salz genou Zekt hat an den Muskel anzedrëngen an do Proteinsträng an Gelli ëmzewandelen, deen Fleesch mi säftig mëcht an den Aroma van bannen raus opbaut. Am besten salzt eent Fleesch den Owend firdran an et lisst een iwert Näit am Frigo, Salz sëng Aarbischt maan. Et as net Entscheedent wivill Salz ech hualen, mais wivill Zekt ech dem Salz loossen. Besser wineg Salz am Aafank agesatt wie hanneno vill Salz drop ze schmäissen. Et schmëscht een well een Ennerscheed wann een en Steak oder een Schnitzel nëmmen 1 Stonn viram brooden salzt an en bëssen durich zeihen lisst. Fleesch eng kéier salzen geht dar, bei mir kennt beim brooden just na Peffer drop, an evtl. Kregder dobäi. Bei gekoofte Kregdermëschungen as o ganz dachs zimlich vill Salz dran. 


Wie wirrikt Salz op…

  • Beim Fësch as et annecht, deen jëtt am besten, wann en rischt kurz virdam brooden gesalzt jëtt. Ze fréih gesalzt jëtt den Fësch drëchen an hart. Fësch kann een 15 Min. viram kooschen/brooden salzen.
  • Meeresfriischten am besten rischt während dem kooschen salzen.
  • Fett, Salz brausch Wasser fir sech opzeliesen. An réngem Fett zersetzt Salz sech net. Wann een lo rengt Fett salzen wëll, am besten d’Salz am Waasser, Essig oder Zitrounensaaft opliesen. Am réngen Fleesch as mi Wasser dran an hëlt dofir mi Salz op wie Fett Fleesch. Datt schmëscht een goud, z.B. bei gereechert Hamm. Schmëscht een lo nëmmen datt rengt Fleesch kënnt engem datt dachs als onangenhem versalzen fir. Schmëscht een nëmmen deen wäissen Fettrand as deen ischter fad. Rischt wann een die 2 Saaschen zesaamen probéiert wees een op et eng goud Hamm as.
  • Eier hualen Salz liit op, an d’Omlette oder d’Eiertriwel as o bei niddreger Temperatur vill mi siier färdeg. Watt Proteinen an der Omlette oder Eiertriwel mi sier fest jétt, watt mi Waasser dran bleift an datt mëscht Omlette vill besser an si bleift vill mi sämisch an hirer Konsitenz. Bei den Spéieleier an Zoppeier as et annëcht, déi rischt kuurz viram zerwéieren salzen. 
  • Geméiss, Obst an Kooschelen. Die meest Geméiss an Obstzorten enthalen Pektin. Pektin as onverdaulich an jëtt riicht durisch Hëtzt oder Reefung mëll an meestens schmëscht et dann besser. Salz ënnerstëtzt deen Prozess. Geméiss mat Olivenualeg an Salz mëschen wann’s du et am Uawen britts. Kooschst du et maan vill Salz ant Waasser. Hëlls du lo Geméiss datt vill Waasser enthällt, wie Tomaten, Auberginen oder Gourgetten, 15 Min. viram grillen oder brooden salzen an datt Waasser watt austrëtt aaftupfen. Kooschelen enthalen keen Pektin, an sie bestinn zu 80% aus Waasser, hei kanns du mam salzen waarden bis se an der Pann aanfänken brong ze jiänn.
  • Iärbessen, Bungen,…Vill sen jo där Meenung, datt Salz Iärbessen, Bungen… hart mëscht. Tatsächlich wirrikt Salz op Hülsenfriischte genausu wie op all annert Geméiss. Hülsenfriischte jiänn mëll. Kooschs du eng Iärbessenzopp an du wässerst Iärbessen, maan dann well Salz mat ant Waasser. Wann Bungen ant Iärbessen na hart sen as datt meestens eent Zeechen datt se net lang genou gekooscht han, oder Falsch an ze lang Laagerung. Beim Räis oder Quinoa as et bëssen annecht. durich die mi lang Kooschzekt hat Salz Zékt fir sech gläichmässisch ze verdeelen, an den Räis hëllt vill Waasser op, do muss een oppassen datt eent Waasser net zevill salzt.
  • Deeg, mechs du  Pizzadeeg oder Brugdeeg, maan Salz fréih genou dran. Salz brausch heinsdo mi lang Zékt fir sech an Nahrungsmëttel mat winesch Waasser opzeliesen. Beim Pizzadeg, mëschen ech virtischt, Wasser mat der Hefen. Miähl mëschen ech direkt Salz drënner an dann schëdden ech Waasser ant Hefen drop. Wann ech Salz vergeesen an maan et rischt mi spéit dran, jëtt den Deeg hart an ech kreien en ganz schlecht gekniädd. Salz drigt dozou bäi datt Gluten sech festischt. Gluten as een Protein datt den Deeg mëll an elastisch mëscht. Datt as äwer lo net su schlëmm wann Salz ze spéit dran kënnt, lisst een den Deeg ruhen, entspannt sech de Gluten rem. Beim einfaschen Nudeldeeg kann een Salz o ganz fort loossen, do iwerhëllt beim kooschen Salzwaasser, würzen. Deeg fir Kousch, Pankisch jëtt am besten wann en rischt mi spéit gesalzt jëtt. Äwer Salz grëndlich anschaffen, fir datt et viram baaschen gläischmässeg verdeelt as.

3 Helferlein

Die 3 wischtischst Helferlein, fir datt Salz sëng Aarbischt maan kann, sen Zékt. Salz verdeelt sech luass, an brausch genou Zékt fir bis an de Kär vam Liäwensmëttel ze kommen. Wiäremt, Salz verdeelt sech besser an mi siier am Liäwensmëttel bei Raumtemperatur. Wasser, Salz liist sech am Waasser op, an Salzwaasser dréngt iwerall an.


Wie schafft een mat Salz

Ganz éierlich firwatt hat een 2 Hänn an 10 Fanger? Schmäiss dein Salzstreier ant Drecksdëppen an notz deng Hänn. Fëll dengt Salz an eent Dëppchen wu deng ganz Hand dran passt. Bei mir as keent Gewürz an engem Streier, ech fëllen alles em fir datt ech mat den Fanger schaffen kann. 

Aafangs as et villäicht komisch su ze schaffen, an sech net ant Mengenangaben vam Rezept ze halen. Die inzeg Methode wis du rausfënns wivill Salz du ansetzen muss, as mat wineg aafänken, an schmaaschen. Am Loof van der Zekt, han ech o su geliiert, weess du, datt an eent gruust Dëppen Waasser fir Nudelen ze kooschen oder Geméiss ze blanchéieren, firtiischt mol 2-3 Handvoll Salz dran kënnt. A wanns de onsëcher bass, schmaasch Waasser einfasch. Et kann su salzig wie Miär schmaaschen.

Die inzeg Rezepter bei deenen o ech mech ant Mengenangaben haalen, as baaschen an Rezepter fir eng Solper ze maan. Bei allem anneren verloossen ech mech op mäin Geschmaasch, mäin Geroosch an meng Auen.

Su wie ech datt hei schreiwen mengt een baal et jiff keent zevill salzen jiänn. Eent Steck Fleesch soll jo net am Salz gedrigt jiänn, Salz soll driwer verdeelt jiänn, su wie een Miähl op enger Aarbischtspalque verdeelt, är een den Deeg ausrullt. Meng ischt Stecker Fleesch han ech o su versalzen 😉 irgendwann hat een den drii raus.

Wann dengt Ässen van Grond op net genou gesalzen as, krëss du et iwer Dësch o net mi gerett.

Meng Gewürzkëst

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*