Tagliatelline Carbonara

Carbonara, suarigt ëmmer rëm fir Diskussiounen, mat Rahm – ouni Rahm, mat Hamm – ouni Hamm. Op di italienisch Art gemaat, ouni Rahm an ouni Hamm. Carbonara gehiiert zu den Klassiker aus der italienischer Këschen an kënnt ursprünglich aus der Regioun Latium.

Gemaat jëtt Carbonara mat Guanciale, Ei, Peffer an Pecorino

Frësch Pasta duaref natiirlech net fehlen. Tagliatelline, sen mi dënn Tagliatelle. Déi han ech an vill Salzwaasser gekooscht.

Fir 1 Portioun brauchst du?

  • 100 g Nudelen (Ob lo Spaghetti, Tagliatelle, Fettuccine oder Tagliatelline as egal)
  • 50 g an dënn Streifen geschniddenen Guanciale (du kanns o normalen Speck hualen)
  • 1 Ei
  • 30 g geraspelten Pecorino oder Parmesan
  • schwarze Peffer

Wie jëtt gekooscht?

Währendeem Nudelen kooschen, den Speck knusperig aanbrooden. Aus der Pann hualen an op Séckt stellen.

Ei opklappen an mam Peccorino mëschen. Fett vam Speck bëssen aafkéilen loossen an mat ënnert Ei mëschen an o bëssen Nuddelwaasser mat drënner mëschen.

Nuddelen aus dem Waasser an die waarem Pann hiäwen, bëssen vam Nuddelwaasser drop schëdden, Speck drënner mëschen, paar Würfelen haalen fir hanneno als Garnitur driwer ze streien.

Dann Pann vam Feier hualen, d’Ei-Mëschung drop schëdden, ënner stännigem réiren datt Ganzt mëschen. Hei bëssen mat der Hëtzt spillen, su lang réiren bis et richtisch crémig as, äwer oppassen net datt op eemool Eiertriwel an der Pann as.

Zum Schluss dann na den rest Speck, na bëssen frësch geraspelten Pecorino an frësch gemaahlene schwarze Peffer driwer streien.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*