Tzatziki Gyros Zaloot

Frësch, würzig an knackig ass meng Tzatziki Gyros Zaloot. Dës Zaloot kombinéiert die würzig Aromen vam Gyros mat der Frëscheet van engem knackigen Coleslaw. Well die aal Griechen wossten, wie wichtig eent ausgeglaschent Ässen wor, an dëst Rezept ass bëssen een modernen Bonjour an dës kulinarisch Wäisheet.

Zutaten fir meng Tzatziki Gyros Zaloot

  • Wäisse Kappes, knackig an mëll, ideal als Basis fir dës Zaloot.
  • Rugde Kappes, jiët Faaref an een liit séissen Goût.
  • Muurten, brengen Faaref an een séissen Crunch an dës Zaloot.
  • Kiischtentomaten, Saaftig an séiss, fir een frëschen Goût an zousätzlich Faaref.
  • Cornichon, Frësch an hydratiséierend, perfekt fir Tzatziki an Zaloot

Fir Tzatziki

  • Griechischen Joghurt, cremig an d’Basis fir meng Tzatziki.
  • Knuawelek, würzig an aromatisch brengt en deen typischen Goût.
  • Zitrounensaaft, brengt Frëscheet an eng liit Säier, fir d’Aromen auszebalancéiren
  • Olivenualeg, suarigt fir Flexibilitéit, an die traditionell griechisch Nuancen.
  • Dill, brengt een frëschen Krégderaroma. Alternativ kann Péitersilich gehollt jiän.
  • Salz an Peffer, fir ze würzen.

Fir den Gyros

  • Gyrosfleesch, klassich Schwengefleesch, alternativ Poulet oder Dinde. Marinéiert mat menger Gyros-Gewürzmëschung, Ënnen, Knuawelek, Olivenualeg an Zitrounensaaft.

Zoubereedung

Fir den Gyros

  • D’Fleesch schnégden ech an dënn Streifen.
  • D’Ënnen an den Knuawelek schiälen ech an hacken alles ganz fein

An enger Schossel mëschen ech d’Ënnen, de Knuawelek, Gyros-Gewürzmëschung, Olivenauleg an Zitrounensaaft, do dran leen ech d’Fleesch an setzen zougedeckt op mannst 2 Stonnen an den Frigo, am besten ass et natiirlech ëmmer iwert Nait.

Fir den Zaloot

  • Vam wäissen an rugden Kappes hualen ech die baussegt Bläder raaf, schnégden d’Käpp an véirel an schnéden den Stronk raus. Op der Mandoline schnégden ech die 2 Zorten an dënn Streifen.
  • Kiischtentomaten wäschen ech an halbéiren se.
  • Cornichon wäschen ech, halbéiren se längs an schnéden se an dënn Scheiwen.
  • D’Muurten schiälen ech an raspelen se op der Këchenreif.

Die 2 Zorten Kappes leen ech na getrennt vaneneen an Schosseln, salzen se liit an kniäden se goud durich bis aafänkt Waasser auszetrëdden. Su loossen ech se ongeféier 30 Min. durichzéien, wäschen se dann ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an leen se zesaammen an eng gruss Schossel.

Cornichonscheiwen salzen ech an loossen se ongeféier 30 Min. durichzéien, dann wäschen ech se ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an leen se bei den Kappes an d’Schossel.

Die geraspelt Muurten an d’Kiischtentomaten leen ech bei den Kappes ant Schossel.

Fir Tzatziki

  • De Knuawelek hacken ech fein
  • Den Dill wäschen ech, rëselen drëchen, dann jiët en fein gehackt.
  • Cornichon raspelen ech op der Këchenreif, leen se an eent propert Dousch an drécken se fest aus.

An enger Schossel mëschen ech die ausgedrégten Cornichon, mat griechischem Joghurt, dem Knuawelek, Dill, Zitrounensaaft, Olivenualeg, Salz an Peffer zu enger cremiger Zooss.

Dann kënnt alles zesammen!

Dës Zooss schëdden ech iwert Zaloot an vermëschen alls goud.

Schmaaschen an würzen evtl. na mat Salz, Peffer an Zitrounensaaft no.

An enger waarmer Pann brooden ech d’Gyrosfleesch bis et durich gar ass.

Zaloot leen ech op Telleren an verdeelen d’Fleesch driwer.

Dobäi han ech geréistert Baguett zervéiert, well beim Brooden durich d’Marinade vill Flëssigkeet entsteht han ech Baguett an die Flëssigleet gezopp an am waarmen Schiäffchen geréistert. Goud passen äwer o Fritten oder gebrooden Gromperen.

Tipps

  1. Tzatziki kanns du well den Daag virdraan virbereeden su intensivéiert sech den Goût an d’Aromen han Zékt fir sech auszebreeden.
  2. D’Salzen an d’Kniädden vam Kappes mëcht en mi zaart.
  3. D’Salzen van den Cornichon déint dozou evtl. Batterstoffer an iwerschëssigt Waasser raus ze zéien.
  4. Solls du empfindlich Ässer aam Dëch han, dann pass op mat der Doséirung vam Knuawelek.

Tzatziki Gyros Zaloot

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Portiounen
Virberreedungszéckt

2

Stunden 

Zutaten

  • Fir den Gyros
  • 400 g Gyrosfleesch, an dënn Streifen geschnidden (Schwéng, Poulet, Dinde)

  • 2 EL Gyros-Gewürzmëschung

  • Saaft van enger halwer Zitroun

  • 80 ml bis 100 ml Olivenualeg
    1 Ënn, fein gehackt

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt.

  • Fir den Zaloot
  • 200 g wäissen Kappes, op der Mandoline an dënn Streifen geschnidden

  • 200 g rugden Kappes, op der Mandoline an dënn Streifen geschnidden

  • 2 Muurten, fein geraspelt

  • 200 g Kiischtentomaten, gewäsch an halbéiert

  • 1 Cornichon, längs halbéiert an, an dënn Scheiwen geschnidden

  • Salz

  • Fir Tzatziki
  • 200 g griechischen Joghurt

  • 1 Ziif Knuawelek, fein gehackt

  • 0,5 Cornichon, geschiällt an fein geraspelt

  • Saaft van 0,5 Zitroun

  • 1 EL bis 2 EL Olivenualeg

  • 2 EL frëschen Dill, fein gehackt

  • Salz an Peffer

Zoubereedung

  • Fir den Gyros
  • An enger Schossel mëschen ech Olivenualeg, Zitrounensaaft, Gyros-Gewürzmëschung, Ënnen an Knuawelek zu enger Marinade, do dran leen ech d’Fleesch an setzen en zougedeckt op mannst 2 Stonnen an den Frigo, am besten iwert Nait.
  • Fir Zaloot
  • Die 2 Zorten Kappes leen ech na getrennt vaneneen an Schosselen, salzen se liit an kniädden se goud durich bis aanfänkt Waasser auszetrëdden, su loossen ech se 30 Min. durichzéien. Dann wäschen ech d’Kappeszorten ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an leen se dann zesaamen an eng Schosssel
  • Die an Scheiwen geschnidden Cornichon salzen ech o liit an loossen déi o 30 Min. durichzéien, dann wäschen ech se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser aaf an leen se bei den Kappes ant Schossel.
  • Mat an dës Schossel leen ech d’Muurten an d’Kiischtentomaten.
  • Fir Tzatziki
  • Die geraspelt Cornichon leen ech an eent propert Dousch an drecken se fest aus.
  • An enger Schossel mëschen ech den Joghurt, mam Zitrounensaaft, dem Olivenualeg, der Cornichon, dem Knuawelek, dem Dill, Salz an Peffer.
  • Lo kennt alles zesammen
  • Tzatziki schëdden ech iwert Zaloot an vermëschen alles goud mateneen. Schmaaschen an würzen evtl. na mat Salz, Peffer an bëssen Zitrounensaaft no.
  • An enger waarmer Pann brooden ech d’Fleesch bis et durich gar ass.
  • Zaloot leen ech op Telleren an om Zaloot verdeelen ech d’Fleesch.
  • Dobäi han ech geréistert Baguett zervéiert, goud passen äwer o Fritten oder gebrooden Gromperen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*