D’Gehacktespann mat Geméiss an Gromperen ass eent klassischt Ässen, datt een an villen Kulturen fënnt. An Däitschland ass d‘Gehacktespann als deftigt Ässen aus der Pann bekannt, während et bei den Englänner Parallelen zum Shepherd’s pie an bei den Fransuusen zum Hachis Parmentier jiët. Dës Ässen kombinéiren all die herzhaft Aromen van saaftigem Gehacktes, frëschem Geméiss an Gromperen zu engem harmonischen Ässen.
Eent Ässen mat Geschicht
Gehacktespannen sen an villen Regiounen een Daurbrenner, et spéijelt Kultur van der ländlicher, einfascher an éierlicher Këchen. Firwatt? Well een mat winigen Zutaten auskënnt, et brausch een keng komplizéiert Kooschtechniken an et béid eng perfekt Basis fir kreativ Variatiounen. Gromperen, Geméiss an Fleesch, well d’Réimer haaten dës Kombinatioun jiären! Einfasch an nahrhaft Zutaten, déi ëmmer zur Hand woren, han dëst Konzept well an der Antik beléift gemaat.
Firwatt ech dëst Rezept jiären han?
Et ass siier gemaat, et brausch nëmmen paar Zutaten, an d’Ergebnis ass su eent rischtigt Comfort Food, datt goud an den Feierowend passt an sech ausserdeem goud vir deen nächsten Daag virbereeden lisst.
Zutaten an Zoubereedung fir 4 hongerig Ässer!
Dës kéier fänken ech aan mat de Gromperen (600g), déi schiälen, schnégden se an Würfel an brooden se am waarmen Olivenualig oder Botterschmalz se eng sching goldbrong Krust kreien, wann déi mëll sen hualen ech se aus der Pann an setzen se op Ségt bis ech se brausch. Gromperen brengen Kohlenhydrate, déi dofir suarigen, datt dëst Ässen satt mëcht. Festkooschend Zorten sen hei die besten Wiäll, sie behaalen hir Form an han eng angenehm Textur. Alternativ kanns du o well gekooschten Gromperen vam Daag virdraan hualen. Ech han jären den Goût van gebroodene Gromperen dofir maan ech et su.
Als nächst sen Ënnen (1) aan der Reih, déi schiälen ech an hacken se fein. An der selwischter Pann erhëtzen ech evtl. na bëssen Olivenualig oder Botterschmalz op mëttel Hëtzt an brooden do dran d’Ënnen gemellig aan, su datt se hiren vollen Goût entwéckelen kann. Ënnen sen die héimlich Helden an villen Menüer, sie entwéckelen een natiirlich séissen Aroma mat enger angenehmer Würzikeet, sie sen die perfekt Grondlaag fir meng Gehacktespann.
Dann driien ech d’Hëtzt bëssen rop an mëschen Gehacktes (800g) drënner. Et brengt net nëmmen een herzhaften Aroma, mais o wichtig Proteinen déi stäriken, an lang satt haalen. Ech hualen ëmmer ongewürztent Gehacktes, deemno wu’s du dengt Fleesch keefs ass et ëmmer besser datt am viraus ze bestellen.
Die klassisch Würzmëschung ass Salz, Peffer (no Goût) an Paprikapolwer (1TL), d’Salz hiäft sämtlich Aromen, de Peffer brengt eng dezent schiäreft, an de Paprikapolwer suarigt fir eng liit Würzigkeet an eng sching Faaref. Ech wees bei su engem Ässen mëcht sech den Goût vam Maggi goud. Well ech äwer keng Maggiwürzzooss notzen, han ech paar Bläder Maggikrogt (3) kleng gehackt an déi mat drënner gemëscht.
De Knuawelek (2 Ziiwen) schiälen ech an hacken en fein, deen mëschen ech dann ënnert Gehacktes an brooden alles aan, bis sech deen gouden Geroosch durich die ganz Këchen zéiht. De Knuawelek brengt Aroma. Säin würzig, liit scharefen Goût harmonéiert perfekt mam Gehacktes an Geméiss.
D’Poretten (1), schnégden ech längs durich an wäschen se grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser, dann schnégden ech se an dënn Halefronselen. D’Porette ass deen elegante Cousin van der Ënn, en jiët dësem Ässen een fein séissen an liit pefferigen Aroma. Ausserdeem kënnt niäwent deem gouden Goût o bëssen Faaref mat an d’Spill. Déi mëschen ech drënner an brooden se mam Gehacktes.
An meng Gehacktespann maan ech dës kéier Kohlrabi, deen han ech geschiällt, kleng gewürfelt an am Salzwaasser fir paar Min. blanchéiert. Kohlrabi ass den Star aus dem Geméissgaart en brengt een feinen séissen Goût an een herrlich knackigen Biss. En passt perfekt an dës Pann, well en sech trotz sengem mëllen Goût net van deen kräftigen Aromen dominéiren lisst.
Hei mëschen ech dann o rëm d’Gromperen drënner.
Dann schëdden ech bëssen Bréit (150 ml) drop, deen klengen Trick fir mi Saaftigkeet. Du kanns Geméissbréit oder eng mi kräftig Fleeschbréit hualen. Sie brengt Fiitegkeet an eng zousätzlich Schicht aan Goût. Déi loossen ech starik reduzéiren sie verbënnt su die eenzel Zutaten harmonisch mateneen.
Ganz zum Schluss schëdden ech dann na de Schmand (150ml) drop. De Schmand ass die crèmig Vollendung, en jiët dëser Pann eng wonnerbar crèmig Textur. Deen mëllen séissen Goût balancéiert datt würzigt Gehacktes perfekt aus.
Schmaaschen na eng kéier an würzen evtl. na bëssen no. Dann verdeelen ech alles op Telleren an viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich driwer.
Tipps an Varianten aus menger Këchen
- Loss d’Geméiss bissfest, su bleift de Kohlrabi knackig an d’Poretten haalen hiren feinen Goût.
- De Schmand rischt ganz zum Schluss ënnermëschen, fir datt en net ausflockt.
- Fir eng vegetarisch Alternativ kanns du d’Gehacktes durich Tofu oder Lënsen ersetzen.
- Fir een italienischen Touch kanns du bëssen Tomatenpürée drënner réiren an mat Krégder wie Oregano an Basilikum schaffen.
- Bei der Wiäll vam Geméiss seht dir de ganz Geméisswelt op, mi wie 2 bis 3 Zorten jiff ech äwer net hualen an ech kucken datt die verschidden Geméisszorten mateneen harmonéiren. Z.B. Broccoli an Chouxfleurs, oder eng Mëschung à la Ratatouille…
Würzig Gehacktespann mat Geméiss an Gromperen
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten40
MinutenZutaten
600 g Gromperen, geschiält an gewürfelt
Botterschmalz oder Olivenualig fir ze brooden
1 Ënn, fein gehackt
800 g Gehacktes, ongewürzt (gemëscht oder rengt Randsgehacktes)
2 Ziiwen Knuawelek, fein gehackt
Salz & Peffer, no Goût
1 TL – 1,5 TL Paprikapolwer
2-3 Bläder Maggikrogt (Liebstöckel) fein gehackt
Poretten, an dënn Halefronselen geschnidden
2 Kohlrabi, gewürfelt an blanchéiert
150 ml Bréit, Geméiss- oder Fleeschbréit
150 ml Schmand
gehackten Péitersilich fir Garnitur
Zoubereedung
- An enger waarmer Pann erhëtzen ech bëssen Botterschmalz an brooden do dran d’Gromperen bis se mëll an eng sching goldbrong Krust han. Déi hualen ech raus an stellen se op Ségt bis ech se brausch.
- An der selwischter Pann erhëtzen ech op mëttel Hëtzt evtl. na bëssen Fett an brooden do dran gemellig d’Ënnen bis se mëll sen.
- D’Hëtzt driien ech dann bëssen rop an mëschen Gehacktes drënner an brooden datt bis et durich gar ass
- Als nächst mëschen ech de Knuawelek an die ganz Gewürzer an Krégder drënner.
- Subal den Knuawelek goud rëscht mëschen ech d’Poretten drënner an brooden déi kuurz mat aan.
- Dann kommen Gromperen an deen blanchéierten Kohlrabi mat an d’Pann. Datt vermëschen ech alles goud mateneen an loossen et kuurz brooden su datt sech alles erhëtzt.
- Lo schëdden ech d’Bréit drop an loossen déi starik reduzéiren. Ganz zum Schluss schëdden ech dann na den Schmand drop erhëtzen deen kuurz mat. Schmaaschen an würzen evtl. na no.
- Viraam zervéiren streien ech na bëssen gehackten Péitersilich drop.