Gebaaschene Poulet

Frittéiert Fleesch, wann een su durich die verschidden TV-Show kuckt oder am Internet Rezepter durich liässt, wees een datt Amerikaner alles frittéieren. Amerikaner han et äwer net erfond. Die ischt, déi Fleesch, meestens na ongewürzt frittéiert han woren Schotten an datt well am Mëttel Alter.

Durich Auswanderungen an den Sklavenhandel, as die schottisch frittéier Technik mat Westafrikanischen Gewürzer zesaammen kommen, an su as an Südamerika hiren “fried Chicken” entstannen.

Frittéiert Poulet as baussen knusperig an bannen saaftig, meestens mat Mayonnaise an enger scharefer Chilizooss zervéiert. Su datt et o “spicy” an “salty” genannt jëtt.

Ob’s du en lo traditionell wie bei eis bekannt mat Panéiermiähl panéiers oder wie bei den Amerikaner an Bottermëlich marinéiers, am Miähl drigs oder en an een Deeg zopps an e su frittéiers as egal. Et brausch een vill Schmalz oder Ualeg fir en knusperig ze kreien. Et kann een natiirlech o am “Air fryer” maan, mais et as an bleift ëmmer eent deftigt Ässen.

Fried Chicken

  1. Jidfereen kennt fried Chicken aus der bekannter amerikanischer Fast-Food-Ketten, Watt hire ganzen Poulet gemeinsam hat as Gewürzmëschung an Kombinatioun aus Fett, Zocker an Mononatriumglutamat, watt o deen besonnechen Geschmaasch ausmëscht.
  2. Frittéiren an ausbaaschen bei der richtiger Temperatur hat des Fast-Food-Ketten perfektionéiert. Baussen verbrannt, bannendran rii oder matschig Panade an drëchene Poulet wärs du bei hinnen net fannen.
  3. Datt Ganzt kann een äwer o besser maan, firtischt fänkt een mol beim Fleesch aan. Qualitéit vam Fleesch as ëmmer een Pluspunkt. Frëschen Bio-Poulet regional kooft. Marinade mat frëschem Knuawléck, frëschem Ingwer, frësch Ënnen, deen rest Krégder selwer gedrëchent. A wanns du graad Botter gemaat has, has du o Bottermëlich fir Marinade ze maan.

Dips an Zoossen

Zoossen an Dips gehiiren natirlech o zu gebaaschenem Poulet, su passt z.B. die ganz einfasch Mayonnaise dobäi.

Mayonnaise

Oder eng goud Aïoli

Aïoli

An natiirlech passt o Barbecuezooss dobäi

Barbecuezooss

Watt brausch ech?

  • Pouletfilet an Würfelen van ongeféier 2 cm schnegden.
  • Bottermëlich, datt mëscht Fleesch saaftig an mëll
  • Miähl
  • Maizena
  • (Eier)
  • Peffer & Salz
  • Oregano, Thymian, Basilikum
  • Ingwer
  • Knuawléck
  • Ënnen
  • Paprikapolwer, wann een den Goût jiären hat vam Paprika kann een es o mi ënnermëschen.
  • optional kanns du scharef Zooss oder frëschen Chili hualen, has du ët léiwer mi séiss, kanns du o ganz einfasch Ketchup hualen.
  • Schmalz oder anner Ualeg deen een hii erhëtzen kann

Wie fänken ech aan?

Firtischt zerschnegden ech den Pouletfilet an Würfel van ongeféier 2 cm.

Dann mëschen ech Bottermëlich mat der halschent van Gewürzer, die gehackten Ënn, den gehackten Knuawléck an de fein geriwenen Ingwer an lossen den Poulet op manns 4 Stonnen do dran marinéiern, am besten iwert Nait an de Frigo.

Miähl an Maizena mëschen ech mat dem rest gedrëchente Krégder an Gewürzer.

De Poulet hualen ech dann aus der Bottermëlich an driien all Steck am Miähl.

(Wann een mi eng deck Panade wëll, kann een Marinade mat Eier mëschen an Fleesch eng 2te kéier dran zoppen.) Dann rem am Miähl driien an Fleesch op een Grill leen an 30 Min. ruhen loossen. Miähl hëllt Flëssigkeet van der Marinade op an entsteht eng pëschig Past ronderëm Fleesch.

De Schiäffchen wiärmen ech op 160° Grad.

An engem gruussen Dëppen erhëtzen ech de Schmalz oder Ualeg. Du kanns o Fritös hualen, et jëtt just vill “Sauerei”. Dono am besten Fett filteren oder wiässelen.

Die eenzel Stecker frittéiren ech dann bei 175° Grad fir 4-5 Min. Et hängt natiirlech ëmmer van der Deckt van de Stecker aaf. Leen net mi wie 2-3 Stecker an den waarmen Ualeg, en kéilt soss zevill aaf an de Poulet jëtt dann net mi knusperig. Mat engem Thermometer moossen op den Poulet durich as bei 80° bis 85° misst en goud sen.

Die färdeg Stecker loossen ech dann kuurz op Këschenpapeir aafdrëpsen. Leen se dann op eeng Baaschpalque an haalen se am Schiäffchen waarem bis Fleesch all färdeg as.

Traditonell as Mayonnaise, scharef Zooss an Zaloot dobäi.

Gebaaschene Poulet

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

8

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

40

Minuten

Zutaten

  • 6 Pouletfilet

  • 500 ml Bottermëlich

  • 1 gehackten Ënn

  • 1 gehackten Ziif Knuawléck

  • 2 EL Salz

  • 2 EL schwarze Peffer

  • Optional: 2 EL scharef Zooss oder frësch kleng gehackten Chilischot

  • 1 TL Thymian

  • 1 TL Oregano

  • 1 TL Basilikum

  • 300 g Miähl

  • 150 g Maizena

  • (4 Eier)

  • 1 EL Paprikapolwer, bis zu 3 EL Paprikapolwer kann een drënner mëschen wann een deen Goût jiären hat.

  • Schmalz oder neutralen Ualeg fir ze frittéiren

Zoubereedung

  • Fleesch schnegden ech an Streifen van ongeféier 2cm breed.
  • Bottermëlich mam Knuawléck, Ënnen, där scharefer Zooss oder frësch gehacktem Chili mëschen an mat der Halschent van deen anneren Gewürzer mëschen, an Fleesch do dran op mannst 4 Stonnen marinéiren.
  • Miähl an Maizena mam Paprikapolwer mëschen. Fleesch aus der Bottermëlich hualen an am Miähl driien.
  • (Fir mi eng deck Panade, d’Eier ënnert Marinade mëschen an Fleesch na eng kéier dran zoppen. Dann na eng kéier am Miähl driien.)
  • Op een Grill leen an 30 Min. ruhen loossen. Miähl hëllt su Flëssigkeet op an et entsteht eng pëschig Past ronderëm Fleesch.
  • Fritös op 175°C Grad erhëtzen. De Schiäffchen op 160 °C Grad virwiärmen.
  • Fleesch no an no am waarmen Fett frittéiren, oder Fett an engem gruussen Dëppen erhëtzen. Fleesch do dran 4-5 Min. frittéiren, net zevill dran leen soss kéilt Fett aaf an Fleech jëtt net mi knusperig. Setz dir een Timer an hual een Fleeschthermometer fir ze kontrolléiren. 80-85°C Grad as Temperatur die Pouletfleesch hat wann et durich gebrooden as. Zeckt vam frittéiren hängt ëmmer van der Deckt van de Stecker aaf.
  • Datt färdeg Fleesch op Këschenpapeier aafdrëppsen loossen an am Schiäffchen waarem haalen.

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*