Risotto Milanese as eent köstlicht Ässen, datt sein Ursprong an der Stadt Mailand hat. Et handelt sech em een crémigen Risotto, deen mat Safran zoubereed jëtt, watt him seng charakteristisch goldjiäll Faaref jëtt. Mailänder Risotto as bëssen mi wie just een Safranrisotto. Fir datt traditionellt Rezept jëtt keen Botter gehollt, mais “Rindermark”, watt dem Risotto een anneren an mi een delikaten Geschmaasch jëtt.
Prinzip besteht dodran, een Ossobucco ze kooschen an “Rindermark” ze hualen fir Fett ze han fir den Risotto ze kooschen.
Zoubereedung:
- Zutaten: Den Hauptbestandeel vam Risotto Milanese as Risotto-Reis, Safranfädem, Ënnen, Bréit (dachs Houhnerbréit oder Randsbréit) Botter, Parmesan. Et jiänn mi Zorten Risotto-Reis déi goud sen: Arborio, Vialone nano an Carnaroli-Reis, die 3 Reiszorten han zimlech gruuss Kären an een relativ hiien Stärkeaandeel. Ech han fir mengt Rezept Carnaroli-Reis gehollt. Am Gegensatz zu anner Risotto’en, jëtt den Milanese traditionelle net mat wäissem Wéng gemaat, an datt fir den Aroma vam Safran ze erhaalen.
- Zoubereedung: Safranfädem am besten well den Owend virdraan an bëssen waaremt Waasser leen, su liesen Fädem sech op an den Aroma kann sech richtig entfaalen, datt geht äwer just mat den Fädem. Has du Safranpolwer, datt 1 Stonn virdraan an bëssen waarmem Waasser opliesen. Ënnen jiänn fein gehackt an am waarmen Botter aangedënst bis se glasig sen. Dann jëtt den Carnaroli-Reis ënnergemëscht an mat aagedënst. Hei kanns du well mat enger Lousch Bréit aafläschen an déi ganz ankooschen loossen.
- Kooschen: No an no ëmmer rëm eng Lousch Bréit drop schëdden, an ënner stännigem réiren an zouféiren van Bréit su lang kooschen bis den Reis al dent as. Dat dauert ongeféier 18 Min. Kuurz viraan Schluss deen opgeliiesten Safran ënnerréiren, datt jëtt dem Risotto seng liäwig Faaref an sein eenzigartigen Geschmaasch.
- Aafschloss: Wann de Reis al dent as, Plaque ausschalten, Dëppen äwer drop stoen lossen. Deen rest Botter mam Parmesan ënnerréiren an su lang réiren bis en richtig crémig, schlotzig as. En as deen Moment na zimlech flëssig. Van der Plaque zéien an fir 2-3 Min, den Deckel drop leen, dann hat den Risotto die richtig Schlotzigkeet erreecht an soll direkt zervéiert jiänn.
Risotto Milanese as eent luxuriöst Ässen, datt an der lombardischer Këchen een ganz besonnechen Platz anhëllt. En kann als Beilaag oder Hauptplat zervéiert jiänn an jëtt dachs mat engem Glas wäisse Wéng genoss.
Risotto Milanese
Schwierigkeit: mettel4
1
Stunde30
MinutenZutaten
1 g Safran
250 g Reis
100 g Botter (opgedeelt 25 g an 75 g fir den Risotto färdeg ze maan)
oder 25 g “Rindermark” an 75 g Botter1 Schalott
800 ml Randsbréit
80 g geraspelten Parmesan
Salz
Zoubereedung
- De Safran an bëssen waarmem Waasser opliesen.
- Schalotten kleng hacken an a 25 g waarmen Botter (Rindermark) dënsten bis se liit Faaref kreien.
- De Reis ënnermëschen an réisteren, evtl. well een Zoppenläffel Bréit ënnerréiren.
- No an no ëmmer rëm 2-3 Zoppenläffel kooschend Bréit ënnerréiren an op mëttel Hëtzt verkooschen loossen bis den Reis “al dente” as.
no 15 Min. kooschen den Safran ënnermëschen. - Plaque ausschalten an dann deen rest Botter an den Parmesan ënnermëschen. Kräftig réiren bis den Risotto cremig jëtt.
- Salzen, do muss geschmaascht jiänn, et hängt ëmmer dovan aaf wi würzig deng Bréit as. An de Parmesan as o salzig.
- Viraam zervéiren 2-3 Min. mat Deckel ruhen loossen.