à la Plancha beideit ganz einfasch gebrooden Gambas
Dofir hualen ech.
- Gambas
- Schalotten
- Knuawléck
- Limettensaaft
- Salz & Peffer
- Péitersilich
- Olivenualeg
Gekooscht jëtt.
Gambas kucken ech firtischt all durich, schnegden de Reck op an hualen den Daarm raus.
Dann mëschen ech gehackten Schalotten, gehackten Knuawléck, Limettensaaft, Péitersilich, Peffer an Salz. Schëdden dës Marinade op Gambas an loossen se iwert Näit am Frigo marinéiren.
Als nächst wiärmen ech Olivenualeg an enger waarmer Pann an brooden Gambas 3 Min. van enger Segt, dann driien ech se all, schëdden Marinade drop an brooden se 3 Min. van der annerer Segt.
Gambas à la Plancha
Schwierigkeit: einfasch4
Portionen15
Minuten6
MinutenWatt brausch ech?
20 Gambas
2 gehackten Schalotten
2 gehackten Ziiwen Knuawléck
Saaft van 2 Limetten
gehackten Péitersilich
Peffer & Salz
Olivenualeg
Wie jëtt gekooscht
- Gambas proper maan, den Reck opschnegden an den Daarm raus hualen.
- Schalottem, da Knuawléck, Limettensaaft, Péitersilich, Peffer an Salz mëchen, iwert Gambas schëdden, goud mëschen an iwert Nait am Frigo marinéiren loossen.
- Olivenualeg an enger waarmer Pann erhëtzen, Gambas 3 Min. van enger Segt brooden.
- Als nächst Gambas driien, Marinade drop schëdden an 3 Min. van der annerer Segt brooden.
Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp