Pommes Boulangères

“Pommes Boulangère” as Hogt bëssen wie een Gromperengratin mat Ënnen an ouni Kiis.

Boulangère kënnt dovan, datt fréier während der Feldaarbicht, dësen Plat beim Bäcker am Uawen stung, an mat der Rest Hëtzt déi noom Brugdbaaschen an iwereg wor as dësen Plat gekooscht jiänn. Su datt wann Owes Familjien beineen kommen sen, d’Ässen färdeg wor.

Watt maan ech an Pommes Boulangéres?

  • Ënnen
  • wäisse Wéng
  • Gromperen
  • Botter
  • Bréit
  • Salz
  • Peffer
  • 1 Bouquet garni (Thymian, Rosmarin, Lorbeer)

Wie kooschen ech dës Gromperen?

Ënnen schiälen ech, halbéiren se an schnegden se an fein Streifen.

Dann setzen ech eng Pann op Feier, bei mëttel Hëtzt, subal Pann waarem as schmëlzen ech een goude schnatt Botter, an brooden Ënnen do dran, bis se afänken brong ze jiänn.

Iwerdeems schiälen ech Gromperen an schnegden se an dënn Scheiwen, die leen ech dann an kaalt Waasser bis ech se brausch.

Dann schëdden ech de Wéng op Ënnen an loossen deen komlpett ankooschen. Wann den Wéng angekooscht as schëdden ech bëssen Bréit drop an loossen déi o ankooschen.

Schëdden Gromperen dann aaf, rëselen se bis se bëssen drëchen sen oder tupfen se mat Këchenpapeier bëssen drëchen.

Ech botteren eng feierfest Form an leen eng Schischt Ënnen dran. Dann eng Schischt Gromperen, dann rëm Ënnen an Gromperen…

Zwëschent Schischten leen ech den Bouquet garni. All Schischt Gromperen würzen ech liit mat Salz an Peffer. Schëdden dann na bëssen Bréit drop an verdeelen paar Botterflocken driwer.

Decken se mat Sëlverpapeier zou, setzen se an deen virgewiärmten (165°C) Schiäffchen an loossen se 2,5 Stonnen kooschen.

Pommes Boulangères

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

6

Virberreedungszéckt

30

Minuten
Kooschzéckt

2

Stunden 

30

Minuten

Watt brausch ech?

  • 250 g Ënnen

  • 125 ml wäisse Wéng

  • Bréit

  • 50 g Botter

  • 15 g Salz

  • 5 g Peffer

  • 750 g Gromperen

  • 1 Bouquet garni (Thymian, Rosmarin, Lorbeer)

Wie jëtt gekooscht

  • Ënnen schiälen, halbéiren an dënn Streifen schnegden.
  • Halschent van der Botter an enger waarmer Pann, op mëttel Hëtzt schmëlzen loossen an Ënnen dodran brooden bis se brong sen.
  • Iwerdeems schiäle ech Gromperen, schnegden se an dënn Scheiwen an leen se an kaalt Waasser.
  • De Schiäffchen op 165°C Grad virwiärmen.
  • Dann schëdden ech de Wéng op Ënnen an loossen deen komplett ankooschen. Wann den Wéng angekooscht as, schëdden ech eng Tass Bréit op Ënnen an loossen déi o ankooschen.
  • Gromperen aafschëdden an se drëchen rëselen oder mat Këchenpapeier bëssen drëchen tupfen.
  • Eng feierfest Form Botteren, an dann aanfänken mat Schischten, ech maan firtischt Ënnen dran, dann Gromperen, dann rëm Ënnen dann Gromperen…
  • Zwëschent Schischten leen ech den Bouquet garni. All Schischt Gromperen würzen ech liit mat Salz an Peffer
  • Schëdden dann na 1 bis 2 Tassen Bréit drop, verdeelen paar Botterflocken driwer. Decken alles mat Sëlwerpapeier zou an setzen et fir 2,5 Stonnen an deen virgewiämten Schiäffchen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*