Porretten-Ënnen-Zopp

Et jiän Ässen, do ass een sech bewoost datt Schmand dran muss. Genau su ass et bei dëser Zopp, en bëssen annëcht wie die klassich Poretten-Gromperen-Zopp, jiët dës mat enger Béchamel gebonnen. Eng Zopp déi net nëmmen mi crèmig jiët, mee o mi eng stabil Textur krëtt, o wann se na eng kéier erhëtzt jiët. Dachs kann sch bei su Zoppen iwert Nait am Frigo Waasser oder Flëssigkeet uawen drop sammelen, bei enger richtig gekooschter Béchamel passéiert datt net.

Niäwenbäi liiers du bei dëser Zopp 2 Techniken, wie een Poretten an Ënnen rischtig mëll krëtt ouni datt se Faaref aanhualen, an wie een Roux fontionéiert, ouni Klëmpercher ze bilden. Die 2 Saaschen jiän na fir vill anner Menüer gebrauscht, datt ass also mi wie nëmmen eng Zopp.

Watt brausch ech?

  • Well ech wirklich eng wäiss Zopp wëll, hualen ech o nëmmen datt wäisst bzw, datt hellgréint van de Poretten.
  • D’Ënnen, ech hualen jiäller, well sie mi Goût mat brengen wie die rugd.
  • Bëssen Knuawelek, passt ëmmer.
  • Dann brausch ech natiirlich na bëssen Botterschmalz fir meng Geméiss ze dënsten.
  • optional kanns du dengt Geméiss mat bëssen wäissem Weng aafläschen
  • Fir meng Bechamel brausch ech Botter, Miähl, Mëlich 0.5 Ënnen gespickt mat Neelcheskapp an Lorbeerblaad, Salz, Päffer an Muskot.
  • Dann brausch ech na Bréit oder Mëlich, et soll jo eng Zopp jiän an keng Zooss.
  • Gewürzer wie Salz, Päffer an Muskot
  • an fir zum Schluss een Frëschkick, bëssen Zitrounensaaft.

De Porzesse

Ech fänken domatt aan, datt ech d’Mëlich fir d’Béchamel opsetzen, op niddrig bis mëttel Hëtzt, do dran leen ech die half Ënn mat der ech mat Hëlef van engem Neelcheskapp, d’Lorbeerblaad fest gespickt han. Su lossen ech déi gemellig erhëtzen.

Poretten han die onangenhem Eegenschaft, Sand an Buadem déif zwëschen den Schichten ze sammelen, wächs du datt net raus, dann knirscht et wanns du Zopp ëss. D’Stang halbéiren ech firtscht längs, su kreien ech die eenzel Schichten bëssen auserneen gedreckt an kann de Sand all rauswäschen. Dono schnegden ech se an dënn halefronselen, sie sollen dënn sen, et jieet äwer net su genau well Zopp na püréiert jiët. D’Ënnen schiälen ech an schnegden se an dënn Sträifen, an o de Knuawelek, jiët geschiält an graff gehackt.

Fir meng Bechamel lossen ech an engem Dëppen Botter schmëlzen, wann déi aafänk liit ze spruddelen mëschen ech d’Miähl drënner, datt réisteren ech kuurz aan, ech passen äwer op datt et keng Faaref krëtt, just bis deen riihen miähligen Geroosch fort ass. Deen stellen ech dann na o Segt datt en aafkéilen kann.

An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech bëssen Botterschmalz, an op niddrig bis mëttel Hëtzt dënsten ech datt ganzt Geméiss , bis et mëll ass äwer keng Faaref aanhëllt.Ech well d’Faaref komplett vermeiden, subal et nämlich aanfänkt mat réisteren kreine ech Röstaromen an déi well ech hei net. O wann sie goud schmaaschen, jiffen sie de Charakter van dëser Zopp änneren. D’Hëtzt niddrig haalen. Datt brausch bëssen Zekt, Geméiss soll glasig jiän an séisslich rauschen. Datt ass deen Punkt deen ech erreechen well. Rech et na stächend ni riiher Ënn an Porette dauert et na bëssen. Jieet et dir ze siier, kanns du d’Geméiss optional mat bëssen wäisse Weng aafläschen, wells du keen Alkohol hualen jieet o Waasser.

Mengt Geméiss ass gemellig am dënsten. D’Mëlich fir d’Bechamel ass waarem, d’Ënn mam Neelcheskapp an dem Lorber hualen ech raus, an de Roux ass aafgekéihlt. Deen setzen ech zereck op meng Plaque, driien Hëtzt mi hii an schëdden die waarem Mëlich drop, firtischt bëssen, kräftig réihren su datt keng Klëmpercher entstinn, dann den Rest drop schëdden. Ënner stännigem réihren loossen ech d’Bechamel opkooschen. dann driien ech d’Hëtzt raaf an loossen Zooss eng goud halefstonn op niddriger Hëtzt kooschen, dobäi ëmmer mol rëm dran réihren. Zooss jiët do durich richtig crèmig, sämig an de Goût vam Miähl verschwënnt. Iwerdeems meng Zooss auskooscht würzen ech se mat Salz, Päffer an Muskot op de Punkt.

Ass Zooss fiärdig, schëdden ech déi op mengt Geméiss, do drop schëdden ech dann o meng Bréit oder d’Mëlich, su loossen ech datt Ganz eng kéier opkooschen, dann Hëtzt raaf driien an Zopp na eng goud véirel Stonn gemellig kooschen loossen. Zopp ban der Plaque zéihen am mam Stabmixer püréiren. Fir ganz secher ze goen datt keng Stecker an Klëmpercher dran sen, kanns se durich eng Passette an een annert Dëppen schëdden. Dann rem erhëtzen an mat Zitrounensaaft aafschmaaschen an evtl. na nowürzen. Verfeinert jiët Zopp dann na mat Schmand.

Als Garntitur kanns du kleng geschniddene Poretten am Botter dënsten an déi dann drënner mëschen. Mat knusprigen Croûtons garnéiert zervéiren

Porretten-Ënnen-Zopp

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

20

Minuten
Kooschzéckt

29

Minuten

Zutaten

  • 250 g Wäist van de Porretten

  • 250 g Ënnen

  • 1 Ziif Knuawléck

  • 30 g Botter

  • Optional: bëssen wäissen Weng

  • 500 ml Béchamelzooss

  • 750 ml Bréit oder Mëlich

  • Peffer & Salz

  • bëssen Muskot

  • 1 Lorbeerblaad

  • 100 ml Rahm

  • Saaft van 0,5 Zitroun

Zoubereedung

  • Porretten grëndlich wäschen an kleng schnegeden.
  • Ënnen an den Knuawléck schiälen an kleng schnegden.
  • Botter an engem waarmen Dëppen erhëtzen, an op mëttler Hëtzt Geméiss do dran dënsten. Liit salzen. Jieet et dir ze siier kanns du optional mat bëssen wäissem Weng aafläschen, wells du keen Alkohol kanns du o Waasser hualen.
  • Béchamel drop schëdden an opkooschen loossen. Hëtzt raaf driien an Geméiss mëll kooschen.
  • Bréit oder Mëlich drop schëdden, an rëm opkooschen loossen.
  • Bas du dir onsëcher op äwer villäicht na Stecker oder Klëmpercher dran sen, Zopp durich eng Passette schëdden.
  • Rahm dran schëdden kuurz erwiärmen.
  • Mam Zitrounensaaft aafschmaaschen an evtl. nowürzen.
  • Mat gehacktem Péitersilich bestreien an geréistertem Brugd zervéiren.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*