Heinsdo jiän et Ässen, déi brauschen eng Geschicht befir een se versteht. Patates Yahni brausch datt net. Gromperen, Ënnen, Tomaten, Olivenualig, an bëssen Gedold. Keen Trick, keng Technik, déi eng segtelang Erklärung brausch. An trotzdem ass et een van deen Ässen bei deenen een all kéier verwonnert ass, wievill Goût aus su winig Zutaten raus kënnt, wann een se einfasch gewärden lisst an sie datt maan lisst watt sie kanne.
Yahni ass eigentlich keen Rezept, mee eng Methoud, et fënnt een sie ënner engem bal identischen Naam an der griechischer, türkischer an der balkan Këchen, mol mat Bungen, mol mat Okra, hei eben mat Gromperen. De Prinzip ass ëmmer deen selwischten. D’Geméiss jiët gemellig an enger Tomaten-Ënnen-Basis geschmoort, bis Zoss sie net mi ëmmantelt mee komplett angezujien ass. Bei Gromperen fonktionéiert datt besonnig goud, well sie van Natur aus mëll sen an wie een Schwamm alles ophualen, watt ëm sie passéiert. Genaus datt ass den Punkt, ëm deen et hei jieet.
Watt ech brausch…
… sen Gromperen, am besten festkoschender, geschiält an, an graff Würfelen geschnidden, déi haalen mi lang hir Form. Ënnen, déi ech an dënn Sträifen schnegden. Knuawelek, fein gehackt, well alles besser mat Knuawelek ass. Rugde Paprika, an dënn Sträifen geschnidden. Zegdig Tomaten déi geschiält kanne jiän oder o net an graff gewürfelt jiän. Bëssen Tomatenpürée, fir d’Faaref an d’Séissheet na eng kéier ze konzentréiren. Olivenualig, bëssen mi wie’s du gewiännt bas. Yahni ass eent Ässen datt vam Ualig liäft. Salz an Päffer duaefen natiirlich o net fehlen an bëssen Waasser oder Bréit fir opzefëllen. Zum Schluss na fir bëssen Faaref an Frëscheet gehackten Péitersilich.

Zoubereedung
Datt ischt waat ech maan, ech erhëtzen eng Pann. Subal déi waarem ass, erhëtzen ech den Ualig, genou Ualig, de Baudem vam Dëppen oder Pann soll goud bedeckt sen. Op Mëttel Hëtzt brooden ech dann d’Ënnen, sie sollen net brong jiän, äwer mëll an glasig, bal durichsichtig aan den Ränner. Wells du no der Auer goen, kann datt locker 8 bis 10 Min. daueren. Ech behaalen meng Ënnen am Au natriilich kann mol die eng oder anner bëssen Faaref aanhualen datt bleift net aus, mee datt meest soll glasig sen. Ausserdeem miäriks du et aam Geroosch, deen scharefen, steechenden Ënnegroosch ass fort an et ass een séisslichen Geroosch deen an der Lofz legt, su wees du, datts du deen rischtigen Zektpunkt erreecht has.
Lo kënnt de Knuawelek dobäi, nëmmen kuurz, sobald den Doft dir an d’Naas klëmmt ass et well genou, zevill Hëtzt an en verbrennt dir an jiët batter. Dann mëschen ech de Paprika drënner, deen kuurz mat aanbrooden bis en aan Faaref gewënnt an liit mëll jiët, en muss na net durich mëll sen.
Deen ganzen Krom an menger Pann drecken ech dann aan den Rand zu datt Mëtt fräi ass, do maan ech dann den Tomatenpürée dran, deem jiän ech dann paar Sekonnen bis en mi donkel jiët an aafänkt goud ze rauschen, bal bëssen karamellig. Een Moment deen jiären iwersprongen jiët, well en sech onnigdig aanféihlt, äwer genau hei entsteht Umami, deen dëst Ässen spéider auszeechent, riihen Tomatenpürée schmëcht sauer an fad, kuurz aangeréistert an en entfahlt sein ganzen Goût.
Als nächst mëschen ech meng gewürfelt Tomaten drënner. Ech schaffen am léifsten mat frëschen Tomaten, du kanns äwer o Tomaten aus der Bechs hualen. Dann kanns du deng frësch Tomaten na iwerbréihen an schiälen, oder wann dech die bëssen mi hart Schal net stiiert einfasch draan loosen. Sen Tomaten bis an menger Pann, vermëschen ech alles goud mateneen, su datt sech den Tomatenpürée vam Buadem liisst. Würzen mat Salz an Päffer.
D’Gromperen han ech ischter an mi gruuss Würfelen geschnidden, net ze kleng soss zerfällen se spéider, datt ass zwar net schlëmm äwer net Ziel van dësem Ässen. Alles goud vermëschen su datt iwerall Kontakt mat der Tomatenzoos ass. dann schëdden ech Bréit oder Waasser drop, äwer nëmme suvill datt graad alles bedeckt ass.
An dann heescht et, d’Hëtzt raaf driien, den Deckel drop an ongeflier 35 bis 45 Min. schmooren loossen, Zekt ass äwer nëmmen eng graff Richtung, Ziel soll sen, datt eng Forschette ouni vill Drock an d’Gromper picken kann ouni datt sie auserneenfällt. Zwëschendurich kanns du ëmmer mol rëm dran kucken an viirischtig mëschen, evlt. muss sugar na bëssen Flëssigkeet dobaï geschott jiän, well d’Gromperen äwer mi ophualen wie een mengt.
Erschengt dir Zooss na ze flëssig, kanns du fir die letzt 15 Min. den Deckel raaf hualen. D’Waasser verdonst an den Ualig gesegs du wie en sech aan den Ränner aafsetzt an sech blankig iwert die ganz Zooss verdeelt, datt ass keen Fehler, datt ass ent Zeechen datt et fiärdig ass. Bëssen Ualig uawendriwer gehiiert zum Yahni wie d’Zitroun op engem Schnitzel.
Zum Schluss na aafschmaaschen, meestens brausch datt Ganzt ne bëssen Salz, well sech de Goût iwert die lang Garzekt verdeelt an verdënnt hat. Kënnt dir Zooss trotz deen zegdigen Tomaten na ze säierlich fir, helëft dachs bëssen Salz fir datt auszegläichen, ech vermeiden et ëmmer fir zum Zocker ze gräifen, well deen d’Säier net wirklich ausgläicht mee just iwerdeckt.
Fir Faaref an Frëscheet kënnt dann na bëssen Péitersilich diwer.
Wie jian se gäss
Patates Yahni sen am besten lookisch, net direkt gléidig aus dem Dëppen, d’Aromen brauschen een Moment, fir sech ze setzen, an d’Zoss deckst na no während se aafkéihlen. Dobäi passt eent Steck Brugd, fir d’Zooss opzehualen villäicht ne bëssen griechischen Joghurt oder Feta uawen drop an du has aus enger einfascher Beilaag eent vollwiärtigt Ässen gemaat.
De Paprika has hei keen Muss, ganz ouni krëss du eng reng tomatig-séiss Zooss, ouni deen liiten batteren Goût, deen de Paprika mat brengt. Ween et jiären mi scharef hat, kann bëssen gedrëchent Chiliflocken mat drënner mëschen. Datt wor an deen ursprünglichen Versiounen van dësem Ässen ni virgesehen passt äwer wonnerbar. An falls du Fleesch dobäi wëlls, einfasch mat den Ënnen d’Gehacktes aanbrooden, dann jiët aus deem ganzen Ässen een Eintopf. Rechen dann just mat bëssen mi Flëssigkeet an mi lang Garzekt.
Patates Yahni
Schwierigkeit: einfasch4
20
Minuten40
MinutenZutaten
1,5 kg geschält an graff gewürfelt Gromperen
1 an fein Streifen geschnidden rugd Ënn
3 gehackten Ziiwen Knuawléck
4 geschiällt an graff gewüfelt Tomaten
120 ml Olivenualeg
1 Lorbeerblaad
1 EL Salz
0,5 TL schwarze frësch gemahlene Peffer
2-3 EL gehackten Péitersilich
Waasser
Zoubereedung
- Eent gruust Dëppen op Plaque setzen an bei mëttler Hëtzt wiärmen. Olivenualeg dran schëdden an wiärmen.
- Ënn an den Knuawléck op mëttel Hëtzt dënsten bis se mëll sen.
- Gromperen an Tomaten ënnermëschen an kuurz dënsten. Dann Waasser drop schëdden bis Gromperen just bedeckt sen. Opkooschen loossen an Hëtzt dann raaf driien.
- Gewürzer, Lorbeerblaad an den Péitersilich ënnermëschen. Ouni Deckel ongeféier 40 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen, ëmmer rëm dran réiren an evtl. na bëssen Waasser nooschëdden. Flëssigkeet soll bal ganz angekooscht sen.
- Verfeinern kann een:
- dest Rezept natiirlech mat all mediterrane Gewürzer, su kann een 1 Thymianast, 1 Rosmarinast, Oregano an Majoran mat kooschen.
- Tzatziki dobäi reechen, Feta driwer grimmelen, Oliven drop verdeelen an den vegatrischen Menü as komplett.
Genaus su kann een fir den Daag drop Pürée draus maan. An der Pann gebrooden, eng Zaloot dobäi an et hat een rem een Menü.

