Spaghetti Bolognese, Spaghetti Carbonara, Spaghetti mat Fësch, … ët jiänn dausende Rezepter mat Pasta. Pasta as net deier, Pasta as siier gekooscht an Pasta schmëscht goud.
Du kooschs deng Pasta, kucks datt se mi oder winiger sching om Teller ausgesegt, mëchs dein Läffel Zooss drop an watt geschéit, ënnen am Teller steht Waasser, ween keent datt net? Datt hat näist domatt ze doen, datt deng Nudelen net genou aafgedrëps sen. Et at o näist domatt ze doen datts du deng Zooss mat Waasser bëssen gelängt has.
Hei an Mëtteleuropa wor et su, datt Nudelen sching an den Teller drappéiert jiänn, evtl. na eng kleng Kaul ant Mëtt gedreckt, do kennt dann Zooss dran an fir d’Au den Kiiss sching an Mëtt geleit.
Gehs du bei den Italiener eng goud Spaghetti ässen steht keent Waasser am Teller. Datt kënnt do durich, datt den Italiener seng Nuddeln firtischt an der Zooss mëscht, mat bëssen Nuddelwaasser an Kiiss, durich kräftigt schwenken oder réiren entsteht eng Emulsioun an Waasser jëtt gebonnen, eng crémig Zooss entsteht déi Nudelen sching ëmmantelen.
Allerdings as all Emulsioun su, datt sie een Weech séicht fir sech opzeliesen, also net na eng halef Stonn waarden ärs du deng Pasta ëss.
Hei eent Rezept mat Ënnen, Poretten an Parmesan
Dofir brausch ech?
- Spaghetti
- rugd Ënnen
- wäiss Ënnen
- Schalotten
- Olivenualeg
- wäisse Wéng
- Péitersilich
- Parmesan
- Peffer & Salz
Gekooscht jëtt!
Als ischt këmmeren ech mëch ëmt Geméiss. Poretten längs opschnegden Bläder auserneendrecken an grëndlich ënner fléissendem kaalen Waasser wäschen. Dann kleng schnégden.
Die 2 Zorten Ënnen an Schalotten schiälen an kleng hacken.
An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzen, d’Ënnen an Schalotten do dran aanbrooden bis se Faaref kreien. Ënnen well liit salzen.
Als nächst han ech Poretten drënner gemëscht, 4-5 EL Waasser dobäi gemaat an datt Ganzt op niddreger Hëtzt ongeféier 25 Min. dënsten gelooss. Waasser soll ganz verkooscht sen.
Iwerdeems han ech vill Waasser mat engem decken Grapp Salz opgesatt an opkooschen gelooss. Nudelen han ech do dran na Packaaweisung al dente gekooscht. Kuck datts du et su hin krëss, datt Nudelen mat der Zooss färdeg sen.
No deen 25 Min. han ech eng halef Tass Wéng op Poretten-Mëschung geschott an den gehackten Péitersilich ënnergeréirert. De Wéng ganz verkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
Eng Tass Nudelwaasser aus dem Dëppen hualen.
Nudelen aafschëdden an ënnert Poretten-Mëschung réiren. evtl. bëssen vam Nudelwaasser ënnermëschen.
Dann Plaque ausdriien, Dëppen äwer drop stoen loossen, den Parmesan ënnerréiren, Dëppen kräftig schwenken su datt eng crémig Zooss entsteht. 1 Min. ruhen loossen, rischt dann hat Zooss déi gewënschte Konsitenz.
Op een Teller leen bëssen Parmesan an frësch gemahlene schwarze Peffer driwer streien an direkt zervéiren.
Spaghetti
Schwierigkeit: einfasch4
20
Minuten30
MinutenZutaten
600 g Spaghetti
150 g gehackten rugd Ënnen
150 g gehackten wäiss Ënnen
3 gehackten Schalotten
400 g kleng gescnidden Poretten
Olivenualeg
60 ml wäisse Wéng
1 Botte gehackten Péitersilich
150 g geraspelten Parmesan
Salz & Peffer
Zoubereedung
- Geméiss schnegden.
- An engem waarmen Dëppen Olivenualeg erhëtzten die 2 Zorten Ënnen an Schalotten aanbrooden bis se Faaref kreien. D’Ënnen well liit salzen.
- Poretten mat 4-5 EL Waasser ënnermëschen an 25 Min. op niddreger Hëtzt dënsten loossen. Waasser soll ganz verkooscht sen.
- Nudelen no Packaaweisung am koschendem Salzwaasser al dent kooschen. Zum Schluss eng Tass Nudelwaasser raus hualen.
- No deen 25 Min. den wäisse Wéng an den Péitersilich ënnermëschen. De Wéng ganz verkooschen loossen. Schmaaschen an würzen.
- Nudelen aafschëdden an ënnert Poretten-Mëschung réiren, evtl. bëssen Nuddelwaasser drop schëdden.
- Plaque ausdriien, Dëppen äwer drop stoen loossen an de Parmesan ënnerréiren, Dëppen kräftig schwenken oder kräftig dran réiren bis eng crémig Zooss entsteht. 1 Min. ruhen loossen, rischt dann hat Zooss déi gewënschte Konsitenz.
- Op een Teller leen an frësch gemahlene schwarze Peffer an bëssen Parmesan driwer streien. Direkt zervéiren.