Et jiän Ässen, déi durich hir Einfascheet opfällen. D’Currywuuscht gehiiert dozou. Net well sie komplex ass, am Geegendeel. Mee well sie weist, wie siier een sech selwer an de Fëiss steht, wann een dëser Einfascheet net kloer kënnt.
Ech han no enger Curryzooss gesouscht. Net aus Furwatz, mee aus engem gewëssen Onverständnis raus. Firwatt ass et su schwéier, su jiät Einfasches proper ze kooschen, ouni datt direkt Zocker, an verschiddene Rezepter sugar Cola, Orangenjus oder Balsamico, mat an d’Spill kommen. Ech han mech durich die verschidden Rezepter geliäsen an irgendwann wor mir kloer. De Problem ass net Zooss. De Problem ass d‘Haltung hannert dëser Zooss.

No vill nooséichen an noliäsen han ech rausfond, datt die ursprünglich Zooss op der Currywuuscht aus Ketchup an Currypolwer bestannen hat. Dësen Imbissklassiker aus noom 2ten Weltkréich aus der Nugd raus entstannen. Watt o irgendwie op der Hand legt, well rischt mat deen britischen an amerikanischen Zaldoten sen die 2 Hauptzutaten: Currypolwer an Ketchup an eisen Këchen bekannt jiän. D’Currywuuscht ass zum Symbol jiän fir siiert, bëlligt Ässen an sie ass een Klassiker van der däitscher Imbisskultur.
Bei der klassischer Currywuuscht, handelt et sech am normalen ëm eng virgegarten Brot- oder Brühwuuscht. Regional ass o d’Bockwuuscht, „Rostbratwurst“ oder speziell Currywuuschten, déi gebrooden oder fritéiert kanne jiän. Sie soll am besten ongereechert sen.
Ech wollt den Geegendeel, keen Trick, keen Zocker, keng fiärdig Produkter, wie z.B. Ketchup. Nëmmen datt, watt wirklich gebrauscht jiët.
Wann een enger einfascher Tomatenzooss net mi zoutraut, fir sech selwer ze stoen, dann fängt een aan se ze iwerlaaden.

Ech han also aagefongen, wie ech bal ëmmer aafänken. Mat Hëtzt an Zekt.
Tomaten schnegden ech an graff Würfelen, leen se an eng feierfest Form, würzen liit mat Salz an Päffer an verdeelen bëssen Ualig driwer, su setzen ech se fir goud 30 Min. bei 200 °C an deen waarmen Schiäffchien.
Sie verléiren Waasser, konzentréiren sech, kreien liit Röstaromen. Et ass een anneren Goût wie bei Tomaten aus der Béchs. Manner glatt an mi Struktur. Geréistert Tomaten brengen jiät mat, datt dachs an su Zooss probéiert jiët mat Zocker auszegläichen. Natiirlich Séissheet, durich Waasserverlost an Hëtzt.
Et ass am fong näist annëcht wie datt watt an der fransiischer Këchen passéiert, wann een eng Tomatenbasis lang ankooscht. Oder an Italien wann een sugo al pomodoro seng Zekt krëtt. Ech han dësen Schratt just an den Schiäffchien verlagert.
Wëlls du et na mi wegt dreiwen kanns du:
- Tomaten na bëssen mi lang réisteren, bis d’Ränner liit donkel jiän.
- Oder een Deel dovaan bal „drëchen“ jiän loossen an rischt ganz Zum Schluss ënnermëschen.
D’Ergebnis ass eng gekooscht, ronn Basis mat klengen konzentréierten Geschmaaschspunkten.

D’Ënn schiälen ech an hacken se fein. D’Ënn am waarmen Ualig, net hektisch, mee ruhig, op niddriger bis mëttel Hëtzt. Dësen Moment ass entscheedend, well su d’Basis entsteht. Ass hei well Ongedold am Spill, krëtt Zooss net deen richtigen Goût.
Han sie die richtig Faaref erreecht mëschen ech den Tomatenpürée drënner an réisteren deen mat. Datt ass keen optionalen Schratt, et ass een muss. Rii schmëcht et säierlich an fad. Rischt durich d’Hëtzt entweckelt sech Umami. Et jiët mi donkel, et jiët mi dicht, bal karamellig, ganz ouni Zocker, nëmmen durich Reaktioun.
Als nächst mëschen ech Currypolwer an Paprikapolwer drënner an réisteren d’Gewürzer kuurz mat aan, fir datt sie net rii am Hannergrond stin. Datt ass een Fehler deen dachs gemaat jiët, d’Gewürzer jiän einfasch ënnergemëscht an irgendwie jiët dann gehofft datt, datt well irgendwie passt. Maan sie net, sie brauschen kuurzen Kontakt mat der Hëtzt, fir hirt vollt Potential ze entweckelen.

D’Ënnen sollen gemellig mëll jiän an gemellig eng goldbrong Faaref aanhualen, eent gemelligt Brutzelen. Dann den Tomatenpürée, deen ëmmer mi donkel jiët, deen su rëcht wie bei enger gouder Zooss espagnole, datt ass well een entscheedende Schratt. Datt ass nämlich deen Punkt, deen meng Curryzooss annëcht mëcht. Ech fänken aan de Goût opzebauen am Platz zesaammen ze mëschen. An der klassischer Këchen, ob fransiisch oder italienisch jiët et een ganz einfaschen Prinzip. De Goût entsteht durich Konzentratioun, an net durich Additioun.
O wann et eng Curryzooss ass, ass Currypolwer eent Gewürz an net den Hauptdarsteller. Dachs jiët Currypolwer einfasch nëmmen drënner gemëscht an et jiët dann erwaard datt et no Curry schmëscht. Curry ass keen Goût, mee eng Mëschung dachs rii an kantig. Durich d’Aanréisteren jin dës Gewürzer „op“ een klengen einfaschen Trick aus der klassischer Këchen. Durich datt kuurzt aanréisteren am Fett jiët et ronn an manner „stëpsig“

Do drop schëdden ech Tomaten, zerdrecken se liit mam Puréestampfer, driien d’Hëtzt rop an loossen meng Zooss eng kéier opkooschen.
D’Hëtzt driien ech dann rem raaf an loossen Zooss op niddriger Hëtzt auskooschen. Et kann sen, datt sie dann ze deckflëssig jiët, einfasch mat bëssen Waasser längen. Et kann äwer o sen datt Tomaten zevill Waasser han an se ze dënn ass, dann na bëssen mi lang kooschen. Sie soll äwer op mannst 20 Min. op niddriger Hëtzt viraan sech hin blubberen, d’Aromen sollen sech verbannen. Iwerdeems schmaaschen ech an würzen meng Zooss mat Salz an Päffer op de Punkt.
Optional kann eng kleng Schlupp Äppelessig mat ënnergemëscht jiän. Net fir Säier am klassischen Sënn, mee fir Spannung.

Datt ass meng Zooss, an sie wor goud. Net spektakulär. Naist besonniges. Äwer kloer verständlich. Sie haat eng Richtung. Tomat wor do, de Curry wor do, näist hat sech no vir gedrängt. Genau datt watt ech gesouscht han.
An trotzdem wor meng ischt Curryzoss net fiärdig. D’Konsitenz wor ze dënn. Datt ass keen Detail, datt ass entscheedend. Eng Curryzoss fir Currywuuscht duaref net loofen wie eng Zopp. Sie muss haften. Sie muss sech ëm d’Wuuscht leen, an net doniäwent zerloofen.
Graad bei Tomaten ass datt interessant. Frësch Tomaten o wann se geréistert sen, brengen Waasser mat. Vill Waasser. Dëst Waasser drigt zwar de Goût, äwer et verdënnt. Datt meng ischt Zooss ze dënnflëssig wor, wor net direkt een Fehler, ech sen just deen letzten Schratt net bis zum Enn jiangen. Sie hät na bëssen zéihen konne, op nidriger Hëtzt, den Deckel halef op, an irgendwann miärikt eent et, blubberen verännert sech, den Doft verännert sech.
De Problem ass net mengt Rezept, mee meng Ongedold. Ech han sie net lang genou kooschen gelooss. Datt ass een Punkt deen dachs Ënnerschätzt jiët an dann jiët jiären eeng Aafkiierzung gehollt. Reduzéiren bedeit Zekt. An Zekt ass datt ischt watt an Rezepter angespart jiët. Et jiët gebonnen, geséisst, gedéchst. Siier, effizient, kontrolléierbar.
An genau hei fängt dann den „Chemielabo“ aan, deen ech vermeiden wollt.
- Firwatt Zocker, wann Tomat schaffen kann?
- Firwatt Cola, wann Röstaromen Umami brengen?
- Firwatt Balsamico, wann een kloer gesatten Essig dar jieet?
Meng Meenung ass, datt dës Zutaten keng Verbesserungen sen, mee een Ersatz. Et jiët probéiert jiät auszegläichen an datt nëmmen well van Afank aan net ordentlich geschafft jiän ass. Ze winig Hëtzt, ze winig Zekt, ze winig Vertrauen an d’Produkt.
Datt klengt Hart, ass äwer meng Erfahrung.
An gruussen Këchen, wu Geschwënnigkeet alles ass. Liiert een, Aafkiierzungen ze hualen. Et liiert een, firwatt sie fonktionéiren. Et miärikt een äwer o siier, wu sie de Goût verfälschen oder iwerdecken.
Fir op den „Chemielabo“ zereck ze kommen, ech denken, vill han einfasch Angst datt et soss no näist mi schmëcht. Eng einfasch Zoss lisst keen Fehler zou. Subal een aanfänkt mat Cola, Orangenjus oder Zocker, passéiert jiät interessantes. D’Zooss jiët direkt mi „komplex“ äwer o net mi su „kloer“. Et ass dann schwierig fir ze soen, watt na fehlt an genau doweenst féihlt et sech wie fiärdig aan.
Ech jin een annere Weeg, ech probéiren Zooss schwätzen ze loossen, an lausteren wu sie na net wegt genou ass.
Dës Curryzooss wor fir mech su eng Art „Back to the roots“. Net am Sënn van traditionell, mee am Sënn van konsequent.
Wann ech soen, ech well keen Zocker, dann heescht datt net nëmmen, datt ech deen fort loossen. Et heescht o, datt ech akzeptéiren watt dann passéiert. D’Zoss jiët annëcht. Manner ronn, villäicht mi kantig. Dofir äwer éierlich.
An genau datt ass de Punkt. Vill Rezepter wëllen alles zur gläicher Zekt: Umami, Séissheet, Säier, Komplexitéit, an datt ouni de Weeg dohinner ze goen. Also jiän Zutaten kombinéiert, déi siier liweren. Cola brengt Séissheet an Säier. Orangenjus an Balsamico suwiesu. Et fonktionéiert. Et féihert mech äwer fort van menger Art ze kooschen. Datt bedeit net, datt meng Zooss langweilig ass, am Geegendeel. Äwer hir Spannung soll aus der Reduktioun kommen an net aus der Additioun.
Watt ech aus menger Curryzooss geliiert han, ass eigentlich ganz banal, et jiët mir äwer Recht aan deem watt ech ëmmer rem liäsen oder gesehen.
Einfasch kooschen ass mi schwéier wie komplext Kooschen.

Ass d’Ënn net richtig gebrooden, schmëscht een datt. Ass den Tomatenpürée net geréistert, fehlt Umami. Wann Zooss ze dënn ass, jiët et keen Trick, deen datt elegant verstoppt.
Wëlls du eng Curryzooss ouni Zocker an ouni fiärdig Produkter kooschen, muss du hir Zekt jiän. Zekt fir ze réisteren, Zekt fir ze reduzéiren. Zekt fir datt sech d’Aromen bilden kanne.
All datt annert ass nëmmen een Kompromëss.
Bei mengem 2ten Versousch han ech genau do aangesatt. Die selwischt Basis, die selwischt Zutaten, äwer mi Gedold aam Feier. .
Ech han net mi gemaat, just mi genau.
Et muss net stännig jiät ënnergemëscht jiän, et kann o mol bewosst jiät fort geloss jiän. An dann kucken watt iwerig bleift an domat schaffen.
Ech denken net, datt et „die eng richtig“ Curryzoss jiët. Et kann äwer eng kloer Linn jiän. D’Entscheedung wie een kooschen wëll. Fir mech wärt datt ëmmer heeschen:
Frësch Zutaten, keng onnigdig Aafkiierzungen an keen Zocker. An viraan allem, genou Zekt fir d’Ergebniss entstoen ze loossen.
Ech wollt eng einfasch Curryzooss kooschen an ech sen bei engem Grondsatz vam Kooschen aankommen. Wivill brausch eent Ässen wirklich? An wini ass manner keen Verzicht, mee Präzisioun?
Currywuuscht
Schwierigkeit: einfasch4
Portiounen30
Minuten45
MinutenZutaten
4 bis 6 frësch Tomaten oder 1 Béchs Tomat (400 ml)
Ualig
1 Ënn
2 EL Tomatenpürée
2 TL Currypolwer
1 TL séisst Paprikapolwer
Salz
schwarze Päffer
optional: 1 Schlupp Äppelessig
4 Currywuuschten, Bockwuuscht oder eng anner, am besten net gereechert Wuuscht
Zoubereedung
- Tomaten schnegden ech an graff Würfelen, leen se an eng feierfest Form, würzen liit mat Salz an Päffer an verdeelen bëssen Ualig driwer, su setzen ech se fir goud 30 Min. bei 200 °C an deen waarmen Schiäffchien.
- D’Ënn schiälen ech an hacken se fein. D’Ënn am waarmen Ualig, net hektisch, mee ruhig, op niddriger bis mëttel Hëtzt. Dësen Moment ass entscheedend, well su d’Basis entsteht. Ass hei well Ongedold am Spill, krëtt Zooss net deen richtigen Goût.
- Han sie die richtig Faaref erreecht mëschen ech den Tomatenpürée drënner an réisteren deen mat. Datt ass keen optionalen Schratt, et ass een muss. Rii schmëcht et säierlich an fad. Rischt durich d’Hëtzt entweckelt sech Umami.
- Als nächst mëschen ech Currypolwer an Paprikapolwer drënner an réisteren d’Gewürzer kuurz mat aan, fir datt sie net rii am Hannergrond stin Sie brauschen kuurzen Kontakt mat der Hëtzt, fir hirt vollt Potential ze entweckelen.
- Do drop schëdden ech Tomaten, zerdrecken se liit mam Puréestampfer, driien d’Hëtzt rop an loossen meng Zooss eng kéier opkooschen. D’Hëtzt driien ech dann rem raaf an loossen Zooss op niddriger Hëtzt auskooschen. Et kann sen, datt sie dann ze deckflëssig jiët, einfasch mat bëssen Waasser längen. Et kann äwer o sen datt Tomaten zevill Waasser han an se ze dënn ass, dann na bëssen mi lang kooschen. Sie soll äwer op mannst 20 Min. op niddriger Hëtzt viraan sech hin blubberen, d’Aromen sollen sech verbannen. Iwerdeems schmaaschen ech an würzen meng Zooss mat Salz an Päffer op de Punkt.
- Optional kann eng kleng Schlupp Äppelessig mat ënnergemëscht jiän.
- Paralell dozou brooden ech meng Wuuschten, schnegden se kleng an mëschen se mat ënnert Zooss. Su han ech meng Currywuuscht op Gromperen aus dem Schiäffchien zervéiert.