Ćevapčići

Dës kleng Köstlichkeeten han eng lang Geschicht an sen festen Bestandeel van deen regionalen Këchen om Balkan. Ćevapčići sen gegrillten kleng würzig Wuuschten aus Gehacktes. Et jëtt aagehollt, datt Ćevapčići ursprünlich aus Persien kommen, an durich Osmane den Weech ant Härzer van den Südosteuropäer fond han. All Regioun hat hir eegen Variant, déi sech an Gewürzer an Beilaagen ennerscheed, äwer eent bleift gleich: d’Léift zu herzaftem Ässen.

Watt jëtt ant Ćevapčići gemaat?

Ursprünglich sen Ćevapčići just aus Gehacktes an Salz gemaat an om Holzgrill gegrillt jiänn. De Geschmaasch vam Fleesch soll su kloer wie miilech bleiwen.

Ant Hackmëschung vam Ćevapčići gehiieren o Hogt na, keng Eier, keen Panéiermiähl an keen Paprikapolwer. Mëschung as ëmmer na ganz einfasch gehaalen. Ćevapčići sollen fest an bëssen gummiartig jiänn, dofir muss Gehacktes goud gekniädd jiänn, op mannst 10 Min. an verschiddene Rezepter han ech sugar geliässen 30 Min. Datt kannst du o ganz einfasch an der Këchenmaschin maan. Dann jiänn Wusschten geformt, su gruuss an deck wie een Domm (25g-30g). Op eng Plaque leen, hat een lo mi Schischten ëmmer Folie dozwëschent leen. Dann kommen se fir 24-48 Stonnen an den Frigo. Datt déint dozou datt Fermentatioun ansetzen kann.

Watt fir eent Gehacktes datts du hëlls as egal, ursprünglich sen se aus Lammhack gemaat jiänn. Et as wie mat allen Rezepter, sie sen van Regioun zu Regioun verschidden, jiddfereen mëscht seng eegen Mëschung an sie behaupten all sie hätten et erfond. Die Länner die muslimisch sen hualen Lamm, Rand an Kalef, an bei deen anneren jëtt o na Schwéng mat drënner gemëscht.

Wie jänn Ćevapčići gekooscht?

Traditionelle jiänn Ćevapčići om Holzgrill gegrillt, et kann een se äwer o an der Pann brooden. Als Beilaagen jëtt et dachs Reis gemëscht mat Ajvar (eng scharef Paprikapast) dobäi. Oder sie jiänn am Fladenbrugt (Lepinja) mat gehackten rii Ënnen an Kaymak zervéiert. Kaymak as bëssen ähnlich wie Rahm, Stoffi. Oder et zevéiert een Ćevapčići mat Fritten, datt passt o .

Hei fenns du eent Rezept wie Ćevapčići gemaat jänn, ech han se o well selwer no dësem Rezept zoubereet, et ass o gar net su komplizéiert. Et lungt sech allerdings nëmmen wanns du wirklich vill mëchs an dir dann Portiounen anfréieres.

Ćevapčići

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Virbereeungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten
Ruhzéckt

24

Minuten

Zutaten

  • 5 Ziiwen Knuawléck

  • 100 ml Waasser

  • 15 g Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 kg ongewürzten Gehacktes

  • 100 ml Fleeschbréit

Zoubereedung

  • De Knuawléck an graff Stecker schnegden, en muss net geschiällt jiänn. Zesaammen mam Waasser opkooschen loossen, Plaque ausschalten, an zougedeckt 10 Min. durich zéien loossen. Aafkéilen an passéiren.
  • Gehacktes ant Këchenmaschin leen, Gewürzer dobäi, datt kaalt Knuawléckwaasser an alles op mannst 10 Min. durich kniädden.
  • Well ech keng Wuuschtemaschin han oder su een Ćevapčići “Dengenspress 😉 ” fëllen ech Gehacktes an een Sprutzbegdel, schnegden deen op su datt eng Wuuscht van ongeféier 1,5cm-2cm Déckt entsteht. An dann drecken ech datt Ganzt durich datt ech eng lang Strull han, déi schnegden ech an Stécker van 6 cm bis 7cm Längt.
  • Su Portionéiert tesselen ech se op een Teller oder eng Plaque an setzen se fir 24-48 Stonnen an den Frigo.
  • Wie jänn Ćevapčići gebrooden?
  • Bëssen Olivenualeg an eng waarem Pann maan, Ćevapčići kräftig brooden an ëmmer mol rëm een Läffel Fleeschbréit driwer verdeelen.
  • Lepinja opschnegden an paar Läffele Fleeschbréit driwer verdeelen, opklappen an mat der banneschter Ségt op Ćevapčići an der Pann oder om Grill leen. Wann Brugt dann waarem as: Ech han an mengt Brugt van menger Ranchzooss dran geschmiärt an mat Réimerzaloot an Kappeszaloot befëllt. Fleesch normal kommen 10 Ćevapčići dran, ech fannen datt zimlech vill an han der 7 dran gemaat.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*