Ćevapčići

Ćevapčići sen gegrillten kleng Wuuschten aus Gehacktes. Et jëtt aagehollt, datt Ćevapčići ursprünlich aus Persien kommen, an durich Osmane op den Balkaninselen aakommen sen. An Südosteuropa zällen sie sugar zum Nationalässen.

Ursprünglich sen Ćevapčići just aus Gehacktes an Salz gemaat an om Holzgrill gegrillt jiänn. De Geschmaasch vam Fleesch soll su kloer wie miilech bleiwen.

Ant Hackmëschung vam Ćevapčići gehiieren o Hogt, keng Eier, keen Panéiermiähl an keen Paprikapolwer. Mëschung as ëmmer na ganz einfasch gehaalen. Ćevapčići sollen fest an bëssen gummiartig jiänn, dofir muss Gehacktes goud gekniädd jiänn, op mannst 10 Min. an verschiddene Rezepter han ech sugar geliässen 30 Min. Datt kannst du o ganz einfasch an der Këchenmaschin maan. Dann jiänn Wusschten geformt, su gruuss an deck wie een Domm (25g-30g). Op eng Plaque leen, hat een lo mi Schischten ëmmer Folie dozwëschent leen. Dann kommen se fir 24-48 Stonnen an den Frigo. Datt déint dozou datt Fermentatioun ansetzen kann.

Watt fir eent Gehacktes datts du hëlls as egal, ursprünglich sen se aus Lammhack gemaat jiänn. Et as wie mat allen Rezepter, sie sen van Regioun zu Regioun verschidden, jiddfereen mëscht seng eegen Mëschung an sie behaupten all sie hätten et erfond. Die Länner die muslimisch sen hualen Lamm, Rand an Kalef, an bei deen anneren jëtt o na Schwéng mat drënner gemëscht.

Traditionelle jiänn Ćevapčići om Holzgrill gegrillt, et kann een se äwer o an der Pann brooden. Als Beilaagen jëtt et dachs Reis gemëscht mat Ajvar (eng scharef Paprikapast) dobäi. Oder sie jiänn am Fladenbrugt (Lepinja) mat gehackten rii Ënnen an Kaymak zervéiert. Kaymak as bëssen ähnlich wie Rahm, Stoffi. Oder et mëscht een Fritten dobäi, datt passt o.

Dann kommen mir lo mol bei Rezept:

Ćevapčići

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Virbereeungszéckt

40

Minuten
Kooschzéckt

20

Minuten

Watt brausch ech?

  • 5 Ziiwen Knuawléck

  • 100 ml Waasser

  • 15 g Salz

  • 1 TL Peffer

  • 1 kg ongewürzten Gehacktes

  • 100 ml Fleeschbréit

Wie jëtt gekooscht

  • De Knuawléck an graff Stecker schnegden, en muss net geschiällt jiänn. Zesaammen mam Waasser opkooschen loossen, Plaque ausschalten, an zougedeckt 10 Min. durich zéien loossen. Aafkéilen an passéiren.
  • Gehacktes ant Këchenmaschin leen, Gewürzer dobäi, datt kaalt Knuawléckwaasser an alles op mannst 10 Min. durich kniädden.
  • Well ech keng Wuuschtemaschin han oder su een Ćevapčići “Dengenspress 😉 ” fëllen ech Gehacktes an een Sprutzbegdel, schnegden deen op su datt eng Wuuscht van ongeféier 1,5cm-2cm Déckt entsteht. An dann drecken ech datt Ganzt durich datt ech eng lang Strull han, déi schnegden ech an Stécker van 6cm-7cm Längt.
  • Su Portionéiert tesselen ech se op eeng Teller oder eng Plaque an setzen se fir 24-48 Stonnen an den Frigo.
  • Bëssen Olivenualeg an eng waarem Pann maan, Ćevapčići kräftig brooden an ëmmer mol rëm een Läffel Fleeschbréit driwer verdeelen.
  • Lepinja opschnegden an paar Läffele Fleeschbréit driwer verdeelen, opklappen an mat der banneschter Ségt op Ćevapčići an der Pann oder om Grill leen. Wann Brugt dann waarem as: Ech han an mengt Brugt van mengem Joghurt-Sauerrahm-Dipp dran geschmiärt. Fleesch normal kommen 10 Ćevapčići dran, ech fannen datt zimlech vill an han der 8 dran gemaat.

Ćevapčići

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Curry Dip Essig Fett Fleesch Gefligel Gehacktes Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Kalef Knuawléck Kooschen Krégder Muurten Nuddelen Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Speck Tomaten Wuuscht Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*