All Zweck Gewürzmëschung

Wann een su am kooschen as, hat een ëmmer die verschidden Gewürzer déi een ëmmer notz. An oft as et dann su, datt een mol virtischt den Gewürzschaaf op Kopp stellen muss fir alles ze fannen. Ech wees net wie et bei eech as, mais datt watt ech am meesten brausch steht komischerweis ëmmer ganz vir. Ech han zwar een Brëll op der Naas mais ech fannen et rischt wann ech geféihlten 100 Dëppercher am Grapp haat. 😉

Hei as eng Mëschung, déi een fir all gegrillten oder gebroodend, Flesch, Geméiss oder Gromperen hualen kann. An datt mat Gewürzer déi jidfereen an sengem Schaaf stoen hat.

Ech han des Gewürzmëschung am Internet fond, an sen se well eng ganz Zéckt am propéiren, et sen wirklich Gewürzer déi bei alles passen. Fir eng Zooss aafzeronnen, Brotgromperen, Gromperen oder Geméiss aus dem Schiäffchen, oder op engem gebroodenen Steck Fleesch.

D’Amerikaner han Gewahnischt alles gedrëchent an hir Gewürzmëschungen ze maan, ech sen äwer ëmmer na där Meenung, datt een suvill wie miilech frësch hualen soll. Ech han well mi Mëschungen getest an ausprobéiert an déi mat den frëschen Produkter sen einfasch besser.

Ech han mir verschidden Rezepter aangekuckt, an hei as Basis wat an alle Mëschungen selwischt as.

An dofir hualen ech:

  • Salz, as een essentiellen Bestandeel an eiser Ernährung an spillt eng wichtig Roll bei villen biologischen Prozesser déi an eisem Körper stattfannen.
  • gemëschten Peffer, ech han ëmmer deen. Ech fannen en schmëscht einfasch am besten op allem. Ech koofen deen an ganzen Kären an han eng Kaffismillen mat deem ech en maalen. Du kanns äwer o gemahlene schwarze Peffer hualen.
  • gedrëchenten Thymian, den Thymian as bekannt fir sein aromatischen an würzigen Geschmaasch, suwie sein angenehmen Doft. Thymian as eent Gewürz datt villen Ässen eng zousätzlich Geschmaaschsdimensioun jëtt an et jëtt fir sein erdigen Aroma an villen Këchen geschätzt.
  • gedrëchenten Oregano, Oregano hat een wüzigen Geschmaasch an een kräftigen Aroma, datt an der mediterraner an, an der italienischer Këchen wégt verbreet as. Oregano as eent Gewürz datt den Geschmaasch vam Ässen bereichert, an et kann bei gekooschtem oder riiem Ässen agesatt jiänn.
  • gedrëchenten Rosmarin, Rosmarin hat een intensiven, harzigen Doft an een kräftig, würzigen Geschmaasch. Sein charakteristischen Geschmaasch an angenhmen Aroma maan aus dem Rosmarin eng wiärtvoll Zutate an allen Këchen.
  • gedrëchenten Basilikum, Basilikum as bekannt fir sein frëschen, aromatischen, liit séisslichen Aroma. Et as eent beléift Gewürz an jëtt villen Menüer een onverwiässelbaren mediterrane Geschmaasch.
  • Knuawléck, deen hualen ech frësch gehackt. Knuawléck as su beléift well en einfasch een gruussartigen Geschmaasch hat, an all Ässen deen richtigen Geschmaasch jëtt.
  • Schalotten oder Ënnen, an o déi hualen ech frësch. Schalotten, sie brengen mat hirem subtilen Charme een fein Würzigen Geschmaasch an eis kulinarisch Welt. Sie schaffen aus dem Ënnergrond an verbesseren su den Geschmaasch van all Ässen. D’Ënnen retten mat hirem wüzigen an scharefen Temperament all Ässen.

Gemëscht jëtt

Die gedrëchent Gewürzer an Krégder mateneen mëschen.

Knuawléck, Schalotten oder Ënnen, schnegden ech mir su wie ech se brausch.

All Zweck Gewürzmëschung

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • 4 EL Salz

  • 1 EL gemahlene schwarzen oder bonte Peffer

  • 1 EL gedrëchenten Thymian

  • 1,5 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 1 TL gedrëchenten Basilikum

  • Knuawléck

  • Schalotten oder Ënnen

  • Verfeineren kann een des Mëschung na mat
  • 1 TL gedrëchenten Majoran

  • 1 TL gemahlene Fenschel

  • oder ganz ouni Salz
  • Salz fortloossen an dann na zousätzlich

  • 1 TL gedrëchenten Salbei

  • 1 TL gedrëchenten Zellerie

  • 1 TL gemahlene Fenschel

  • 1 TL gedrëchenten Majoran

Zoubereedung

  • Die gedrëchent Gewürzer mateneen vermëschen.
  • Knuawléck, Schalotten oder Ënnen hualen ech su wie ech se brausch, an hacken déi kleng. Et jiän o Rezepter do brausch een z.B. keen Knuawléck, oder an engem anneren schmaaschen Schalotten besser wie Ënnen.
    An, datt verstinn ech zwar net 😉 mais et jiänn o Lékt déi Knuawléck, Schalotten an Ënnen net jiären han.
  • Et kann een o datt ent oder annert Gewürz, Krégder fort loossen. Datt muss een selwer raus fannen wie et engem am besten schmëscht.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*