Gulasch Provencale

Ech han jo well paar Rezepter van Gulasch, hei dann lo no provenzialischer Art. Gulasch as eent deftigt Ässen, an je mi Zéckt du dir am Aafank hëlls fir alles goud virzebreeden desto besser as den Gulasch wann en färdeg as.

Wie ech ëmmer soen “Zéckt = Aroma an Geschmaasch“. An su jinn bei der Virberredungen van dësem Gulasch die eng oder anner Stonn drop.

Watt maan ech alles an mein Gulasch?

  • Randfleesch, an do hualen ech lëtzebuerger Randfleesch
  • Ënnen
  • Paprika
  • Courgetten
  • Auberginen
  • Knuawléck
  • meng Herbes de Provence
  • Tomaten
  • Rugde Weng, fir ze kooschen kann et een kräftigen, net ze jungen rugde Wéng sen, bedenk ëmmer eent hual een Wéng deens du o jiären drénks. Well et brauch een es vill, 😉 bëssen vir ze kooschen an den Rest fir den Koch.
  • bëssen Miähl
  • Bréit, Fleesch oder Geméissbréit
  • Peffer & Salz
  • Rahm (optional) datt as keen muss

Wie maan ech mein Gulasch?

Firtischt këmmeren ech mech emt Fleesch, kucken datt eng kéier durich, schnegden et villäicht na bëssen mi kleng. Salzen et an setzen et op Segt

Dann fänken ech mam Schnegden vam Geméiss aan, well Geméiss jo aan Ratatouille erënnert kann een alles an Ronselen schnegden.

Datt brooden ech dann alles bis op Tomaten eenzel aan, an loossen alles bëssen carameliséiren. An ech salzen et well liit während dem aanbrooden. Datt Spart hanneno vill beim nowürzen. Dann mëschen ech Tomaten drënner an loossen datt op niddreger Hëtzt kooschen bis ech et brausch.

Ech wiärmen Olivenualeg an engem waarmen Dëppen an brooden Fleesch krätfig all ronderem aan. Dann stëpsen ech Fleesch mat Miähl an an brooden datt mat aan. Fir die ganz Röstaromen ze liiesen schëdden ech 1 Glas Wéng drop réiren kräftig fir datt sech alles vam Buadem liiest. Loossen datt Ganzt dann bis op halschent ankooschen.

Mëschen dann datt ganzt Geméiss drënner an schëdden Bréit drop. Datt loossen ech dann opkooschen driien Hëtzt raaf an mat Deckel loossen ech alles op niddreger Hëtzt ongeféier 2- 2,5 Stonnen kooschen.

Ech setzen mein Gulasch ëmmer an den Schiäffchen bei 180° Grad. Steht en op der Plaque hat een ëmmer Gewaahnischt fir dran kucken ze goen, an eng kéier dran ze réiren. Am Schiäffchen mechs du datt net. Gulasch as eent Ässen watt geschmoort jëtt, den Deckel soll während dem Kooschprozess net raafgehollt jiänn. Die ganz Flëssigkeet déi während dem Kooschen verdonst soll am Dëppen bleiwen, rischt datt mëscht den Gulasch mëll an saaftig.

Schmaaschen, noowürzen an evtl. eng Schlupp Rahm ënnermëschen.

Gulasch Provencale

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virberreedungszéckt

2

Stunden 
Kooschzéckt

2

Stunden 

30

Minuten

Watt brausch ech?

  • 800 g Randfleesch

  • 3 Ënnen

  • 2 rugd Paprika

  • 1 kleng Courgette

  • 1 kleng Aubergine

  • 3 Ziiwen Knuawléck

  • 4 Lorbeerbläder

  • 2 TL Herbes de Provence

  • 2 EL Miähl

  • 125 ml rugde Wéng

  • 400 ml Bréit, Fleesch oder Geméiss

  • Olivenualeg fir ze brooden

  • optional kann een zum Schluss bëssen Rahm ënnermëschen

Wie jëtt gekooscht

  • Fleesch durich kucken, evtl. mi deck Stecker eng kéier durich schnegden, salzen, goud mëschen an op Segt stellen.
  • Geméiss kleng schnegden an alles, bis op Tomaten eenzal aanbrooden an Carameliséiren.
  • Tomaten schëdden ech dann drop an loossen datt Ganzt op niddreger Hëtzt kooschen bis ech et brausch.
  • An engem waarmen Dëppen erhëtzen ech Olivenualeg, an brooden Fleesch ronderëm kräftig aan. Ech stëppsen Fleesch mat Miähl aan an brooden datt kuurz mat aan.
  • De Schiäffchen op 180° C Grad virwiärmen.
  • Fir Röstaromen ze liesen, rugde Wéng drop schëdden, goud réiren datt sech alles vam Buadem liiest an et bis op halschent ankooschen loossen.
  • Dann mëschen ech Geméiss, Gewürzer an Krégder drënner, schëdden Bréit drop an loossen den Gulasch opkooschen. Vermëschen alles goud mateneen, leen den Deckel drop. An ech setzen et fir 2-2,5 Stonnen an den Schiäffchen.
  • As den Gulasch dann färdeg kann een na bëssen Rahm ënnermëschen.
Gulasch Provencale

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*