All Zweck Gewürzmëschung

Wann een su am kooschen as, hat een ëmmer die verschidden Gewürzer déi een ëmmer notz. An oft as et dann su, datt een mol virtischt den Gewürzschaaf op Kopp stellen muss fir alles ze fannen. Ech wees net wie et bei eech as, mais datt watt ech am meesten brausch steht komischerweis ëmmer ganz vir. Ech han zwar een Brëll op der Naas mais ech fannen et rischt wann ech geféihlten 20 Dëppercher am Grapp haat. 😉

Hei as eng Mëschung, déi een fir all gegrillten oder gebroodend, Flesch, Geméiss oder Gromperen hualen kann. An datt mat Gewürzer déi jidfereen an sengem Schaaf stoen hat.

Ech han des Gewürzmëschung am Internet fond, an sen se well eng ganz Zéckt am propéiren, et sen wirklich eng Gewürzer déi bei alles passen. Fir eng Zooss aafzeronnen, Brotgromperen, Gromperen oder Geméiss aus dem Schiäffchen, oder op engem gebroodenen Steck Fleesch.

D’Amerikaner han Gewahnischt alles gedrëchent an hir Gewürzmëschungen ze maan, ech sen äwer ëmmer na där Meenung, datt een suvill wie miilech frësch hualen soll. Ech han well mi Mëschungen getest an ausprobéiert an déi mat den frëschen Produkter sen einfasch besser.

Ech han mir verschidden Rezepter aangekuckt, an hei as Basis wat an alle Mëschungen selwischt as.

An dofir hualen ech:

  • Salz
  • gemëschten Peffer, ech han ëmmer deen. Ech fannen en schmëscht einfasch am besten op allem. Ech koofen deen an ganzen Kären an han eng Kaffismillen mat deem ech en maalen. Du kanns äwer o gemahlene schwarze Peffer hualen.
  • gedrëchenten Thymian
  • gedrëchenten Oregano
  • gedrëchenten Rosmarin
  • gedrëchenten Basilikum
  • Knuawléck, deen hualen ech frësch gehackt
  • Schalotten oder Ënnen, an o déi hualen ech frësch an net gedrëchent

Gemëscht jëtt:

Die gedrëchent Gewürzer an Krégder mateneen mëschen.

Knuawléck, Schalotten oder Ënnen, schnegden ech mir su wie ech se brausch.

All Zweck Gewürzmëschung

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Watt brausch ech?

  • 4 EL Salz

  • 1 EL gemahlene schwarzen oder bonte Peffer

  • 1 EL gedrëchenten Thymian

  • 1,5 TL gedrëchenten Oregano

  • 1 TL gedrëchenten Rosmarin

  • 1 TL gedrëchenten Basilikum

  • Knuawléck

  • Schalotten oder Ënnen

  • Verfeineren kann een des Mëschung na mat
  • 1 TL gedrëchenten Majoran

  • 1 TL gemahlene Fenschel

  • oder ganz ouni Salz
  • Salz fortloossen an dann na zousätzlich

  • 1 TL gedrëchenten Salbei

  • 1 TL gedrëchenten Zellerie

  • 1 TL gemahlene Fenschel

  • 1 TL gedrëchenten Majoran

Wie jëtt gekooscht

  • Die gedrëchent Gewürzer mateneen vermëschen.
  • Knuawléck, Schalotten oder Ënnen hualen ech su wie ech se brausch, an hacken déi kleng. Et jiän o Rezepter do brausch een z.B. keen Knuawléck, oder an engem anneren schmaaschen Schalotten besser wie Ënnen.
    An, datt verstinn ech zwar net 😉 mais et jiänn o Mënschen déi Knuawléck, Schalotten an Ënnen net jiären han.
  • Et kann een o datt ent oder annert Gewürz, Krégder fort loossen. Datt muss een selwer raus fannen wie et engem am besten schmëscht.

Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zitroun Zocker Zooss Zoossenfond Zopp

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*