Caesar-Salat as een Zaloot, deen mat réimischem Zaloot an Caesar-Zooss zoubereed jëtt. D’Gewürzer fir Zooss sen: Olivenualeg, Zitrounensaaft, Worecestershiresauce, Anchoisfilet, Parmesan, Salz an schwarzen Peffer. Zousätzlich kommen dann na Croutons an frësch geraspelten Parmesan drop.
Den Caesarsalad as vam Italo-Amerikaner Cesare Cardini erfond jiänn. Zur Zékt van der amerikanischer Prohibitioun haat Cardini een Restaurant am mexikanischen Tijuana. Well an Mexiko den Ausschank van Alkohol legal wor, han natiirlech vill Amerikaner den Weeg an deen Restaurant fond. Om amerikanischen Nationalfeierdaag 1924 sen suvill Lékt an den Restaurant kommen, datt Këchen et net gepackt hat. Cardini hat dun beschloss aus Zaloot, deen am iwerfloss do wor, een neien Menu aanzebéiden, den Caesar Salad. Datt as eng Versioun wie deen Zaloot entstannen soll sen.
Cardini sein Brouder an seng Mataarbichter han ëmmer rëm probéiert him déi Kreatioun stregdig ze maan, allerdings mat wineg Erfoleg.
Segt deem as den Zaloot ëmmer rëm bëssen verännert jiänn, su jët en Hogt meestens mat gebroodenem Poulet zervéiert, et kann een äwer o gebroodene Speck oder Scampi drop leen. An en na verfeineren mat Anchois, Avocado, Maïs, Tomaten…
Fir Zoss brauchst du?
- 1 Eijiäll
- 1 TL Mostert
- 180 ml Olivenualeg
- Saaft van 1 Zitroun
- 1 gehackten Ziif Knuawléck
- 4 gehackten Anchoisfilet
- 1/2 TL Worecestershiresauce
- 100 g frësch geraspelten Parmesan
- Salz & Peffer
- 1 Römerzaloot
- 2 Scheiwen an Würfel geschniddend wäisst Brugt
Wie jëtt gekooscht
Hual dir firtischt eent fiit Handousch, datts du zu enger Schlang rulls an rëngförmig op deng Arbichtsplaque lees. Datt verhënnert datt Schossel dir iwert Plaque wandert.
An enger Schossel, Eijiäl, Mostert an 1 EL Zitrounensaaft goud verréiren. Den Olivenualeg an engem dënnen Strahl ënnerréiren, bis eng Emoulsioun an su Mayonnaise entsteht. Jëtt Mayonnaise ze fest an du has äwer na Ualeg, dann na bëssen Zitrounensaaft ënnerréiren. Ech hualen fir Mayonnaise ze maan o den Handmixer oder Stabmixer. 😉
Die gehackten Anchoisfilet, am besten as sugar wanns du se püréiers, de Knuawléck, Worecestershiresauce an 75 g vam Parmesan ënnerréiren. Schmaaschen an noowürzen.
Den Zaloot an Streifen schnegden, wäschen an der Zalootenschleider drëchnen an mat der Zooss mëschen. An dann op een Teller leen.
Brugd an Knuawlécksualeg réisteren an mam Parmesan iwert dem Zaloot verdeelen.
Je no Rezept, kann den Caesar Salad na mat hart gekooschten Eier, Anchoisfilet, Avocado, Tomaten, gebroodenen Scampi, gebroodenem Poulet oder Speck beläit jiänn. Den Zaloot kann na mat vill anner Saaschen opgepeppt jiänn, su schmaaschen z.B. Spargelen rischtich goud an deem würzigen Dressing.
Am Platz vam Paremsan kann een o Pecorino hualen. Bas du keen Fan van Worecestershiresauce su wie ech, dann mësch einfasch bëssen Mostert mat drënner.
Naan Brugd
Naan as een Brugd aus Südasien, Zentral- an Vorderasien, déi meestens bei waarmen Menüer gäss jëtt. Naan hat eng platt fladenartig Form. Traditionell jëtt Naan aus gesaiertem Deeg gemaat. Ursprünlich as Naan äwer aus Hirse an Hefe gemaat jiänn, an jëtt iwer dem Feier an engem Tandur gebaaschen.
D’Wuort “Naan” stammt ursprünglich aus dem persischen an bedeit “Brugt”
Fir Naan-Brugt brauchst du?
- 150 ml wootlecht Waasser
- bëssen frësch Hefen oder 1 P. drëchen Hefe
- 1/2 TL Zocker
- 300 g Miähl
- 1 TL Salz
- 2 EL geschmolzen Ghee (Botterschmalz)
- 3 EL Joghurt
- bëssen Ualeg
Wie jëtt gekooscht?
Hefe mam Zocker am Waasser opliesen.
Miähl, Salz goud mëschen. Den flëssigen Ghee, den Joghurt an Waasser mat der Hefe drop schëdden an alles goud durich kniädden. Kann sen datts du na bëssen mi Miähl drenner mëschen muss well den Deeg soss ze pëchisch jëtt. Et hängt ëmmer dovan aaf watt fir eent Miähl gehollt jëtt. Den Deeg soll äwer liit pëschich an fiit bleiwen.
Eng Schossel mat bëssen Ualeg ausreiwen an den Deeg do dran 1 bis 1,5 Stonnen op ennger waarmer Platz ruhen loossen.
Arbichtsplaque mat Miähl anstëpsen. Dann na eng kéier goud durich kniädden an den Deeg an 8-10 Portiounen schnegden. Aus deen eenzelene Portiounen Boulen rullen, platt drecken an dënn ausrullen. Eng goud ausgebrannten Gossepann oder eng beschicht Pann wiärmen. Evtl. mat engem Pinsel ganz bëssen Ghee an Pann pinselen.
Den ausgerullten Deeg bëssen ant längt zéien, fir datt en déi typisch oval Form krëtt an en dann an der waarmer Pann baaschen. Datt dauert ongeféier 2-3 Min. van all Ségt.
Op deen waarmen Naan kann een dann mat engem Pinsel Ghee, Knuawlécksghee, Koriander oder Péitersilich verdeelen. Zougedeckt waarem halen an en beim Ässen zervéiren.
Basilikum Bärlauch Dip Essig Gehacktes Gewürz Grillen Pasta Rahm Reis Rosmarin Salz Sauerdeeg Sellerie Speck Tomaten