Die perfekt Restverwiärtung Jidefreen kennt datt, et jiët gekooscht an dachs vill ze vill. Viraan paar Deeg han ech eent Poretten-Risotto gekooscht, ech well d’Rester äwer net entsuarigen. Eng perfekt Liesung sen z.B. Arancini, knusperig, goldbrong gebaaschen Räisbällercher, déi een, wie een eben Lost hat, mat Kiiss oder annere Saaschen […]
Vegetarisch Rezepter
Poretten-Risotto
Crèmig, einfasch an voller Goût! De Risotto ass su eent Ässen, datt ëmmer rem begeestert. En kënnt mat winigen Zutaten aus an et ass wie eng Explosioun an dengem Mond. Ech han paar Risottorezepter op mengem Blog. D’Grondzutaten beim Risotto sen ëmmer die selwischt. Hokt beschreiwen ech dir wie ech […]
Potage du Barry vert
Hokt sen ech ënnerweesch an der fransiischer Këchen. Mengt Rezept van Hokt ass eng traditionell Zopp mat enger eleganter Einfaschheet: Potage du Barry ass eng fein Chouxfleurszopp, déi no der Madame du Barry, der Maîtresse vam Kinik Louis XV. benannt ass. Sie wor bekannt fir hir Virléieft fir luxuiröst Ässen, […]
Crémig Kooschel-Pasta
Simpel an einfasch! Pasta an enger crémiger Kooschelzooss. Eent Ässen datt d’Erdigkeet van der Kooschel mat deem feinen Séissen van der Porette kombinéiert. Dës Kombinatioun ass net nëmmen vam Goût hiär een Genoss, mais o eng Miilischkeet, regional an saisonal Zutaten ze notzen. Besonnig an der italienischer an fransiischer Këchen […]
Batter trëfft Séiss: Gromperen-Ënnen-Chiroée Pann
Een Menü voller Kontraster: Gromperen träffen op karamelliséiert Ënnen an Chicorée, alles aafgeronnt an enger crèmiger Stoffizooss. Hokt hualen ech dech mat op eng kulinarisch Réis, déi dech iwerraschen wärt. Dës Beilaag oder Menü vereent séiss, herzhaft, crèmig an batter Aromen. Klengt Komplizéiert ass et äwer net! Firwatt dëst Ässen? […]
Knuawlécks Pasta an enger Kiiszooss
An mengem Artikel van hokt beschreiwen ech dir wie ech meng „mac and cheese“ maan. Dofir mussen mir äwer firtischt mol schwätzen. O wann deen angeblichen Klassiker aus den USA, ursprünglich aus Europa kënnt, kann ech mech net domatt anfrënnen datt Cheddar dran gemaat jiët. Fir mech ass Cheddar keen […]
Ragout des pauvres
Ragout des pauvres ass eent traditionellt Ässen aus Frankreich. Hokt tauchen ech an d’Welt van der fransiischer Këchen an, an widmen mech engem Ässen, datt net nëmmen satt mëscht, mais o na Geschicht hat. Dëst Ässen ass eent Beispill dofir, wie aus winigen Zutaten eent köstlicht Ässen gekooscht jiët, datt […]
Klassisch Cornichonzaloot
Hokt hualen ech dech mat an d’Welt van engem Klassiker, der klassicher Cornichonzaloot, su wie se meng Bomi well gemaat hat. Einfasch, frësch an köstlich, eent Ässen datt an kenger Rezeptsammlung fehlen duaref. Dës Zaloot ass wie eng kleng Zécktréis an Bomi hir Këchen an die einfasch Freid iwert eng […]
Eng Variabel Beilaag: Gromper aus dem Schiäffchen
Et jiän Ässen, déi ëmmer rem durich hir Einfascheet begeesteren. Do gehiiert d’Gromper defintiv dobäi. Sie sen net nëmmen variabel, mais o die perfekt Kombinatioun aus deem knusperigen Baussen an dem mëllen Kär. Ob als Beilaag zu engem saaftigen Stéck Fleesch, als Hauptplat mat engem erfrëschenden Dip oder als einfaschen […]
Ratatouille: eent Fest van den Aromen an den Faarwen
Ratatouille, kënnt aus der fransiischer Këchen an besteht aus verschidden Zorten Geméiss. Normalerweis gehiiren zu dësem Ässen, Auberginen, Courgetten, Paprika, Tomaten, Ënnen an Knuawléck zu den Hauptbestandeeler. Geméiss jëtt gewürfelt oder an dënn Scheiwen geschnidden an dann am Olivenualeg geschmort. Gewürzer wie Krégder aus der Provence kommen bei deem Ässen […]