Chicken Biryani

Biryani kennt aus Indien, Pakistan, Iran, Afghanistan… Et as eent Ässen aus Reis, Geméiss, Fleesch an die orientalisch Gewürzer duarefen do natiirlech o net fehlen. Ween et jiären mi scharef hat, an jiären mol anner Aromen probéiert as mat deem Ässen genau rischtig.

Dofir hualen ech

  • Pouletfilet oder een zerdeelten ganzen Poulet
  • Knuawléck
  • frëschen Ingwer
  • Ënnen
  • Cumin
  • Schwarzkümmel
  • Cannelle
  • Sternanis
  • bëssen Mënz, domat wirklich oppassen et schmëscht soss just no Mënz
  • indischt Currypolwer, du kanns o datt hualen watts du am Buttik krëss, do jiff ech es dann äwer net su vill hualen, datt indischt Polwer hat een ganz anneren an vill mi ronnen Geschmaasch.
  • Chilipower oder Cayenne
  • Lorbeerbläder
  • Safran
  • Basmatireis, egal wat fir een Reis datts du hëlls, et as ëmmer wischtig den Reis firtischt ze wäschen bis Waasser kloer as. Durich schleifen vam Reis entsteht Stëbs, deen sech om Kär festsetzt am mat der Zéckt kann deen ranzig schmaaschen.
  • Pouletsbréit
  • Joghurt, den Joghurt ënnerstëtzt die ganz Aromen van den Gewürzer.
  • Zitrounensaaft
  • Tomaten
  • frëschen Koriander
  • Ghee fir ze brooden
  • Salz & Peffer

Wie fänken ech aan?

Fleesch schnegden ech mol firtischt an Würfelen, su wie beim Gulasch. De Knuawléck an d’Ënnen jiän fein gehackt an mam Fleesch gemëscht.

Am Joghurt an Zitrouensaaft mëschen ech all die anner Gewürzer drënner an schëdden datt dann iwert Fleesch. Alles goud vermëschen an am besten iwert Nait an den Frigo stellen. Op mannst äwer 3-4 Stonnen durich zéien loossen.

De Reis wäschen ech grëndlich an kaalem Waasser, deen kann een wässeren an wie Fleesch, iwert Nait an de Frigo stellen. Hual wëllen Reis oder Langkärenreis, an kuck op den Pack datt en 20 Min. brausch fir mëll ze jiänn. Ech han hei Basmati gehollt an datt wor net deen richtigen.

Tomaten schnegden ech an Würfelen.

De Reis kooschen ech an goud gesalzenem Waasser, just opkooschen loossen an 5 Min. zéien loossen, en soll net mëll sen. Aafschëdden an op engem Dousch ausbreeden, datt en net zevill anneen pëscht.

Ghee an engem waarmen Dëppen erhëtzen an Fleesch do dran kräftig aanbrooden. Hëtzt raaf driien an Marinade drop schëdden. Ech längen déi dann well direkt mat der Bréit an maan do o den Safran mat dran. Firtischt den Reis driwer verdeelen, dann Tomaten.

Datt Ganzt lossen ech dann ongeféier 20 Min. op niddreger Hëtzt an mat Deckel schmoren. Wann et färdeg as na bëssen frësch gehackten Koriander driwer. Dobäi passt eng goud Zaloot an/oder Naanbrugt.

Chicken Biryani

Rezept von JosianeSchwierigkeit: mëttel
Portiounen

4

Virbereeungszéckt

30

Minuten
Kochzeit

15

Minuten

Zutaten

  • 400 g gewürfelt Pouletfilet oder 1 ganzen Poulet an Stecker zerdeelt

  • 4 feine gehackten Ziiwen Knuawléck

  • 1 EL frëschen geraspelten Ingwer

  • 1 gehackten deck Ënn

  • 150 g natur Joghurt

  • 1 TL Cumin

  • 1 EL Schwarzkümmel

  • 1/2 TL Canelle

  • 2 Sternanis

  • 4 Lorbeerbläder

  • 1 TL Cayenne

  • 1 EL indischt Currypolwer

  • Salz & Peffer

  • Saaft van 1 Zitroun

  • 1 EL Ghee (Botterschmalz) alternativ kanns du o neutralen Ualeg hualen

  • bëssen Safran

  • 200 g Reis

  • 200 ml Pouletbréit

  • frësch gehackten Koriander fir zum Schluss driwer ze streien.

Zoubereedung

  • De Reis wäschen an iwert Nait am Frigo wässeren.
  • Poulet kleng schnegden, zesaammen mam Joguhrt, den Gewürzer, Zitrounensaaft goud mëschen an iwert Nait am Frigo durich zéien loossen.
  • Den Daag drop kooschen ech den Reis an goud gesalzenem Waasser 5 Min. en soll net mëll sen.
  • An enger waarmer Pann erhëtzen ech Ghee an brooden Fleesch do van all Segt aan.
  • Deen Rest Marinad mëschen ech mat der Pouletbréit an dem Safran, an schëdden datt ganzt op Fleesch.
  • Reis aafschëdden an ech verdeelen direkt iwert dem Fleesch. Tomatenwürfelen driwer verdeelen.
  • Deckel drop an ongeféier 15 Min. op niddreger Hëtzt kooschen loossen.
  • Zum Schluss na frësch gehackten Koriander driwer verdeelen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*