Deen amerikanischen Kappeszaloot. Bei den Amerikaner as en net fort ze denken, beim BBQ muss deen richtigen Coleslaw dobäi sen.
Ech han well eent Rezept vam Kappeszaloot op mengem Blog, do han ech en mat enger waarmer Vinägrette an mat Äppel gemaat.
Hei as lo eent Rezept mat Mayonnaise an hellem Balsamico.
Dofir hualen ech.
- wäisse Kappes
- optional kanns du o rugde Kappes an geraspelt Muurten drënner mëschen
- Schalotten
- Mayonnaise
- Rahm oder Sauerrahm
- Zitrounensaaft
- Selleriesalz oder Worecestershiresauce
- Helle Balsamico oder Wäissewéngessig. Mam Balsamico bleift en mi mëll am Geschmaasche, mam wäissewéng Essig krëtt den Coleslaw een richtig kräftigen Goût.
- Salz & Peffer
Wie fänken ech aan?
Als ischt raspelen ech den Kappes op der Mandoline ganz fein an fëllen en an eng Schossel. Dann maan ech 0,5 bis 1 TL Salz drop an knautschen de Kappes mat den Hänn su rischtig durich, bis en aan fänkt Waasser ze zéien.
Hëlls du lo zousätzlich rugde Kappes an Muurten mat dobäi, déi o fein raspelen an mat knautschen.



Dann mëschen ech Mayonnaise, Rahm, Sellerisalz, Zitrounensaaft, an den Essig drënner.
Mat Salz an Peffer aafschmaaschen. Am besten paar Stonnen am Frigo durich zéien loossen.
Viraam zervéiren na eng kéier aafschmaaschen.
Coleslaw
Schwierigkeit: einfasch4
25
Minuten2
StonnenWatt brausch ech?
500 g wäisse Kappes
oder 250 g wäissen an 250 g rugde Kappes an 1 Muurt
1 gehackten Schalotte
2 EL Mayonnaise
2 EL helle Balsamico oder Wäissewéngessig
4 EL Rahm oder 2 EL Sauer Rahm
2 TL Zitrounensaaft
1 TL Sellerisalz oder 1 TL Worecestershiresauce
Salz an Peffer
Wie jëtt gekooscht
- De Kappes fein raspelen an eng Schossel leen, mat 0,5 bis 1 TL Salz mëschen an kräftige mat den Hänn knautschen bis aafänkt Waasser auszetredden.
- Schalott ënnermëschen.
- Mayonnaise, Zitrouensaaft, Rahm, Gewürzer an den Essig ënnermëschen.
- Mat Salz an Peffer aafschmaaschen an en op mannst fir 2 Stonnen am Frigo kaal stellen.
- Viraam zervéiren na eng kéier schmaaschen an evtl. noowürzen.
Akooschen Baaschen Basilikum Botter Brugd Bungenkrogt Bärlauch Courgetten Curry Dip Essig Fleesch Gefligel Geméiss Gewürz Gewürzmëschung Grillen Gromperen Gréin Bungen Kalef Knuawléck Krégder Muurten Olivenualeg Paprika Pasta Peffer Pesto Pizza Poulet Randfleesch Reis Rosmarin Réckbléck Salz Sauerdeeg Spargelen Speck Tomaten Wuuscht Zaloot Zocker Zooss Zoossenfond Zopp