Crostini oder Bruschetta

Ob Crostini oder Bruschetta et sen alles geréistert Brugscheiwen, déi je no Geschmaasch mat bëssen Olivenualeg oder Botter an enger Pann oder am Schiäffchen geréistert jiänn. Wu lo genau den Ënnerscheed zwëschen deenen zwee besteht, wees wahrscheinlich keen su genau.

Et jëtt aageholt, datt Crostino oder Bruschetta als Bauerenässen, bzw. Zaldotenässen zur réimischer Zéckt erfond jiänn as. Sugar die niedrigst Bevölkerungsschicht haat Brugd, Ualeg an Knuawléck zur Verfügung. Ëm 1500 as du na Tomate dobäi kommen, an hat deem Ganzen een fruuchtigen Geschmaasch jiänn.

Die geréistert Scheif Brugd kann je no Regioun annecht heeschen, an Rezepturen sen o ënnerscheedlich. Befir Bruschetta an eisen Menüskaart geland as, wor sie bei den Baueren eent beléiftent Früstück. An et as jo bekannt, datt ganz vill italienisch Spezialitéiten, déi Hogt weltwegt bekannt sen, Aarmlécktsässen wor.

O wann Bauren aarem woren haat jidfereen Grondzutaten doheem, an déi sen:

  • Tomaten, am besten die kleng, die han deen meesten Aroma
  • Olivenauleg
  • Salz
  • paar Scheiwen Brugd, Ciabatta oder Baguette, du kanns o Vollkornbrugd hualen, et klappt mat all Zort.
  • frëschen Knuawléck
  • gehackten Basilikum, oder Oregano an et kann een o gehackten Rucola drënner mëschen.
  • evtl. Balsamico, wor ursprünglich äwer net drop.
  • INFO: Ënnen an Peffer hat näist an dëser Mëschung ze séichen.

Et as rëm gewissen wie einfasch die italienisch Këchen gehalen as, aus nëmmen paar gouden Zutaten, krëtt een eppes watt einfasch nëmmen goud schmëcht.

Crostini oder Bruschetta

Rezept von JosianeSchwierigkeit: einfasch

Zutaten

  • gewürfelt Tomaten, am besten sen déi mi kleng, déi han mi Aroma

  • Olivenualeg

  • Salz

  • paar Scheiwen Brugd, Ciabatta oder Baguette

  • frëschen Knuawléck

  • gehackten Basilikum

  • bëssen Balsamico

Zoubereedung

  • Ech han hei bewosst keng Angaaben gemaat, Well et just noom Geschmaasch geht.
  • Die gewürfelt Tomaten an eng Schossel leen. No Geschmaasch, salzen an mat Olivenualeg mëschen. Bëssen gehackten Basilikum ënnermëschen. Fir datt dës Mëschung deen richtigen Goût krëtt am besten 3 Stonnen am Frigo durich zéien loossen.
  • Iwert dem Brug bëssen Olivenualeg verdeelen, an enger Pann oder am waarmen Schiäffchen réisteren.
  • Brugd bëssen auskéilen lossen an mat enger opgeschniddener Knuawlécksziif anreiwen.
  • Tomatenmëschung op Brugd leen. Bëssen frësch gehackten Basilikum an Balsamico driwer verdeelen. An genéissen.
  • INFO: Ënnen an Peffer hat näist an dëser Mëschung ze séichen.

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*