Gromperen mat Tomaten aus dem Schiäffchen

Gromperen aus dem Schiäffchen sen ëmmer eng goud Beilaag, mais o einfasch als Fingerfood, mat verschidden Dipps an kaalen Zoossen sen se goud.

Zoubereedung as su einfasch, du kanns egal watt fir eng Gromper hualen ob miählig- oder festkooschend.

Fir 2 Portiounen brauschst du?

Zoubereedungszéckt: 10 Min.

Kooschzéckt: 30-35 Min.

  • 300 g Gromperen
  • 200 g Kiischtentomaten
  • Olivenualeg
  • 1/2 TL grafft Salz
  • frësch gehackten Rosmarin

Wie jëtt gekooscht?

Gromperen wäschen an drëchnen. Mat der Schaal an halschent oder véirel oder demno wi déck Gromperen sen sugar an aaschtel schnégeden. An eng Schossel leen.

Den Schiäffchen op 210°C bis 220° virwiärmen.

Olivenualg, Salz an den Rosmarin goud mat den Gromperen mëschen. Tomaten drënner mëschen.

Ech hualen grafft Salz, do bleift bëssen crunch op den Gromperen. Du kanns äwer o rengt Salz hualen. Krégder kannen o gedrechent sen, frësch as äwer besser. Verfeinere kanns du se o na zousätzlich mat Thymian, an Peffer.

Alles op enger mat Baaschpapeier ausgeleiten Plaque verdeelen. Sching auserneenleen, sie sollen net openeen leien.

Plaque an de Schiäffchen setzen an Gromperen 30-35 Min. baaschen.

Gromperen mat Tomaten aus dem Schiäffchen

Leave a Comment

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert

*