Mai 2022

Rahm, Schmand, Créme fraîche, Créme double…

Bei ville Rezepter wees een nie watt hualen ech dann lo, watt as watt?

  • Rahm, as deen fetthaltigen Deel van der Mëlich, deen sech beim stoen loossen van Rohmëlich natiirlech aafsetzt. An däitsche Rezepter fënd een dofir o dachs “süsse Sahne” datt hat äwer näist mat Zocker ze doen, datt as just fir datt een keng sauer Rahm soll hualen.
  • Créme Double as “séiss Rahm” mat engem Fettaandeel van 40% bis 55% an Créme Double as mi fest wie déi normal Rahm.
  • Dann hat een na dachs Rezepter do steht dann Schlagsahne dran, datt as einfasch nëmmen eng Bezeechnung fir opgeschloen Rahm, déi hat een Fettgehalt van ongeféier 30%
  • Schmand as “fest” an et handelt sech dobäi ëm sauer Rahm mat engem Fettandeel van op mannst 20%. Et jiänn äwer Ënnerscheeder et jiänn Länner do as den Schmand crémig an net su fest wie an Däitschland. An Eisträich an Südtirol jëtt et datt Wuort Schmand gar net, do fënnt een datt ënner Sauerhalbrahm.
  • Sauerrahm as frësch Rahm, déi mat Milchsäurebakterien aangeräichert jëtt, sie schmëcht dodurich liit säierlich an et jëtt se mat verschiddenem Fettgehalt.
  • Créme fraîche as o sauer Rahm.

Schmand, Créme fraîche an Sauer Rahm gehiiren allen 3 zu der Grupp van gesäierte Mëlichprodukter. Die 3 Zorten jiänn all aus Rahm hiärgestallt. Den Ënnerscheed legt am Fettgehalt. Sauer Rahm hat op mannst 10% Fettgehalt, Schmand op mannst 20% an Créme fraîche op mannst 30%.

Datt as fir Däitschland su.

Mir sen als Kanner ëmmer bei de Bauer Mëlich séichen jiangen, ah jo Rohmëlich an mir han et iwerliäft. An datt watt sech uawen op der Mëlich aafgesatt hat wor fir eis Schmand an net Rahm. Während menger Kandheet wor ech an de Vakanzen ëmmer zu Espler, an do wor Schmand; Rahm an äwer o die geséisste Schlagsahn déi op engem Stéck Taart wor. Während menger Schullzéckt, all Rezept watt ech do gekooscht han as aus der fransiischer Këchen, an do han mir fir Créme fraîch ëmmer ganz normal Rahm gehollt.

Ech hoffen ech konnt heimatt bëssen hëlefen. Firan allem an däitschen Rezepter wees een nie genau watt dann lo. Egal watt van Rahm am Rezept steht, du kanns et mat allem ersetzen, et as alles Rahm déi eng as säierlich an di anner net.

Obst an Geméiss vam Mai

  • Knuawléck, jo, Knuawléck hannerlisst een strengen Gescmaasch am Mond, an den Geroosch as na besser. Trotzdeem as die Knoll su gesond datt een net drop verzischten soll. De Geroosch as jo net dein Problem 😉
  • Artichaut, Artichaud stimuléiert Funktioun van Liäwer an Gall an wirkrik su verdauungsfördernd, z.B. bei Völlegeféil. Ausserdeem heleft Artichaud de Cholesterin ze senken.
  • Spargelen, de Spargel besteht zu ronn 95% aus Waasser, doweenst wirikt de Spargel Harndreiwend an reegt Nierenarbicht aan. Datt as een Vrideel fir Mënschen die Herzkrank sen, an bei deene sech Waasser am Gewebe angelaagert hat, de Spargel heleft fir datt angelagert Waasser auszescheeden.
  • Basilikum, de Basilikum hat antibakterielle an entzündungshemmend Eefenschaften. De Basilikum jëtt angesatt fir Immunsystem ze stiäriken. Ausserdeem heleft et bei Entzündungen, Kappwii, Migrän.
  • Rüben
  • Muurten, d’Muurten han wineg Kalorien, an sie sen eng goud Quell fir Vitaminen an Mineralien
  • Kiärwel, de Kiärwel jëtt gehollt fir ze entgëften. Vitamin C wirikt sech positiv op d’Immunsystem aus. Mineralstoffe wie Eisen, Zink an Kalium fördere d’Bildung van rugde Bloudkörpercher an sen goud fir Härz.
  • Kiischten, d’Kiischt enthält ganz vill Mineralstoffer, an vill Vitmaminen wie B1, B2, B6, Folsäure
  • Choufleur
  • Kappes
  • Romanesco
  • Bratzelen, d’Bratzelen senken den Bloudrock, an as goud fir Verdauung. Bratzelen kannen sech ruhig bretzen mat hire Vitaminen, en hat z.B. vill mi Vitamin C wie een Appel.
  • Koriander, de Koriander regt op eng gesond Art den Appetit aan. Durich die goud ätherisch Ualege stimuléiert de Koriander Verdauung an kurbelt Funktioun van Liäwer an Daarm aan. Seng antibakterielle Eegenschaften helefen ausserdeem bei bakteriell bedingtem Durichfall.
  • Kress, Kress enthält ganz vill Vitamin C an o Vitaminen aus der B-Grupp
  • Schalotten, d’Schalotten gehiiren wie den Knuawléck an d’Ënnen zu deen ganz besonnech gesonde Liäwensmëttel. Durich die vill schweefelhaltig ätherisch Ualege wie z.B. Allicin, han sie fir den Daarm ausgesproosch gesond an nëtzlich Effekter.
  • Spinat, et muttéiert een net zu Popeye wann een vill Spinat ësst 😉 mais et as äwer wie all annert Geméiss gesond, kaloriienaarm, vill Vitmain C an Vitaminen aus der B-Grupp su wie vill Mineralstoffer.
  • Estragon, Estragon reeg Verdauung aan, an as iwert Joerhonnerten angesatt jiänn fir Daarmproblemer ze behandelen. Den Estragon hëleft äwer o bei Giischt, Rheuma, Arthritis an Zännwii.
  • Bungen
  • Erdbiär
  • Zaloot
  • Peffermënz, de Peffermënz hat bewisen, datt en bei Problemer wie Blähungen an Bauschwii hëleft. Peffermënzualeg wirikt Krampliisend.

De Mai an Rezepter

Hinterlasse einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht.

*